Chrëschtdag, oder: Mäi Wee zum Atheismus

Alle Jahre wieder… Sou lues muss een sech dann erem de Kapp zerbriechen, wat een eventuell well ennert dem Beemchen gesinn. Eng Missioun, déi mer all Joërs op ee Neits Kappzerbriechen beschert. Dëst Joër sinn mer awer erstaunlecherweis relativ séier eng Rei Artiklen agefall. Wann mer schon ee Gebuertsdag mussen feieren, dee guer net am Dezember ass a scho guer net de 25., dann notzen ech déi Geelegenheet elo mol radikal, fir mengem wuessenden Atheismus an Antitheismus frësch Nahrung ze ginn. Well bis Chrëschtdag hunn ech “The God Delusion” vum Dawkins an “God is not Great: How Religion Poisons Everything” vum Hitchens (als Audiobuch vun him selwer gelies, wohoo) garantéiert duerch.

Marcus Brigstocke – Planet Corduroy
Net nemmen anti-religiéis, mee erfreelecherweis een net onbedeitenden Deel vu sengem Programm. Meng trei Lieserschaft erennert sech wahrscheinlech nach un de Video géint déi dräi abrahamesch Reliounen vun firun e puer Deeg.

Sam Harris – The End of Faith: Religion, Terror, and the Future of Reason
Entweder et wees een wien dat ass, oder et huet ee nach een imaginären Frënd mam Numm Yahweh. Hätt ech mer scho selwer kaf, mee éischtens hunn ech momentan net vill Zäit, zweetens hätt ech dann ee Buch manner fir op meng Wonschlëscht.

Ayaan Hirsi Ali – Infidel: My Life
Déi Fra impressionéiert mech onheemlech. Mee dat sot ech jo schon e puer mol. Dat heiten ass hier Biografie wéi se sech aus dem religiéise Wahnsinn befreit huet, an den Niederlanden politeschen Asyl krut an mettlerweil an d’USA ausgewandert ass, wou se Member vun engem think tank ass.

Ech muss soen, dee Paradox fir Chrëschtdag zu mengem perséinlech Dag vum Atheismus an Antitheismus ze maachen, gefällt mer.

11 thoughts on “Chrëschtdag, oder: Mäi Wee zum Atheismus”

  1. Ech hu mer haut och d’Fro gestallt ob deen Dag (24.12.) net well eng aner Bedeitung fir mech huet wéi dat bis virun e puer Joer nach de Fall war.

  2. All déi cool Antitheisten wënsche sech guer näicht fir Chrëschtdag a ginn an de Bistro. Déi denken neemlech, dass dat Heuchelei ass.

  3. Erklärs de dat menger Famill? ;) Am Eescht. Ech freen mech awer drop meng Bom, Monni, Tatta, a Cousinnen deen Dag remzegesinn, well wierklech oft gesinn ech déi leider net. Soll de Nazi am Vatikan feieren wat e well, och als Antitheist kann een sech ee schéinen Owend mt der Famill maachen. Grad op Chrëschtdag. Fir z’ennersträichen, dass et engem em e gemütlechen Owend mat Leit geet déi ee gär huet, a net em iergendeen Mann, dee virun dausende vu Joëren zum Doud verurteelt gouf. Et ass de 25.12. and I don’t fucking care. Ech ginn mat der Famill iessen, well ech well mat der Famill iessen goen, net wéinst engem Märchen. :)

    Ech hunn d’lescht Joër fir ee Cours een Text doriwwer geschriwwen, wat Chrëschtdag mettlerweil fir mech bedeit. Ech wert deen am Laf vun de nächste Wochen op dëser Plaz nach veröffentlechen. :)

  4. Den Sam Harris kennen ech vum Numm hier, hunn awer nach näischt vun him gelies … Misst ech mol man!

    Wat Chreschtdag ugeht, sou fannen ech dat eng gudd Familjentraditioun, déi net onbedengt en chreschtlechen Background muss hunn. Et ass flott seng Famill remzegesinn, Kado’en ze ginn an ze kréien, gudd iessen, etc.

    Chreschtdag tel quel ofzeschafen ass mir ze blöd. Ech fannen et kann een et och als Fest vun der Léift gesinn, ouni un die bekannt Mythen ze gleewen.

  5. Wéi wier et mat The Origin of Species vum Charles Darwin, ëmmer rem eng Lektür wert, sou e Klassiker. Zwar net 100% atheistesch mee awer um gudde Wee.

  6. Ech feieren och als Atheist Chreschtdag. Bei eis geet et do awer eischter dorems vill z’iessen an ze drénken :) Mat Relioun huet dat net vill ze dinn. Mee et ass jo och net esou, wéi wann d’Chreschtentum iegendwéi ee Monopolrecht op deen Dag huet. Deen Dag huet jo am Fong och ganz aner kulturell an historesch Wuerzelen, mer nennen et haut ebe just Chreschtdag, well ebe virun enger Zäitchen alles christianiséiert ginn ass. Ech fannen net, dass et e Widersproch ass, als Atheist Chreschtdag ze feieren.

    Hei en intressanten Video, falls der e nach net gesinn hudd. Virun allem den eischten Deel. Deel 2 an 3 sinn rem sou Verschwörungstrücken, vun deenen ech net wees wat ech haale soll. http://www.zeitgeistmovie.com/

  7. Wat léire mer dodraus? Et brauch keng Relioun fir Leit zesummen ze brengen, et brauch Alkohol an Iessen. Ech erklären Chrëschtdag dofir zum Feierdag. Einfach nemmen FEIERdag, also feieren ouni Hannergedanken. Wee well kann och den een oder aanren Gedanken un wierklech wichteg Sachen denken.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *