Diktator Putin

Een intressanten Interview an der FAZ:

Bis zu dem Zeitpunkt, als Putin Präsident wurde, gab es in der Russischen Föderation sechs Fernsehsender, vier staatliche und zwei private. Heute sind es sechs Staatssender. Das ist die Statistik. Und in den letzten acht Jahren sind bei all den Gesetzen, die die Massenmedien berühren, 43 Zusätze eingeführt worden. (…) alle 43 Änderungen waren repressiv. Des Weiteren: In der Regierungszeit Putins wurden 13 Journalisten ermordet. Es kam fast nie zu einer Gerichtsverhandlung, kein Fall ist schließlich aufgedeckt worden.

22 thoughts on “Diktator Putin”

  1. Wat an Russland passéiert ass ganz schlëmm. An souvill zum Bush senger Menschenkenntis (“Ech hunn an seng Aan gekuckt an gesinn dass en en gudd Séil hätt”, oder e Brach an dem Genre) …

  2. De Problem mengen ech ass och dat Russland sou oder sou eng stark Hand brauch… Virwat get et keng “gudd” Dikatatoren???

  3. Et mag e bessen offtopic sinn, mee heiensto froen ech mech, ob et net besser wier, wann et guer keng Privatsender géife ginn. Ech well keng Repressioun schéinrieden oder verharmlosen, mee den Inhalt, deen d’Massemedien a Form vu Privatsender verbreeden, ass dach just eng eenzeg grouss Masseverblödung. An deem Kontext stellen ech mer heiensto d’Fro, op et net besser wier, wann déi ganz Superstar, Geriitssendung, Talkshows ansouweider géife verbuede ginn…

  4. Tchup: Oh, là, là, do woos du dech awer ‘in heisse Gewässer’ … ;)

    Den Problem ass, dass den ‘weisen Diktator’, wéi den Kommunismus, eng Utopie ass.

  5. Tchup: Et muss Privatsendern gin, am Senn vum “net dem Staat geheirend”, mee de Bierger! Wann Medien sollen demokratesch Meenungsplattformen sin, dann muss jiddereen Zougang dozou kennen hun! Daat beinhaltetet engersaits denn Optraag vun de Journalisten, hier Arbescht deontologesch korrekt ze maachen, mee awer eben och den Zougang!
    Natirlech stellt sech de Problem, wéi een daat ganzt finanzeiert – héi ged et emmer Interessekonflikter. Am Zweifelsfall sin ech awer héi fir de Staat, well ech den staatlechen Medien wéi zB. an Daitschland awer eng méi grous Seriösitéit zoutrauen wéi den Privaten. (bzw. dem Staat als Geldgeber manner Interessen vertrett wéi eng Firma, déi *emmer* en Geigenwärt well/brauch)

    Iwregens huet sech héi an Letztebuerg d’Situatioun vun den Fernsehsenderen reng zuelemeisseg och net onbedengt verbessert: vun der Qualiteit (20 fir 8, soen ech do nemmen!) guer net ze schwätzen. An firwaat? Privaten mat öffentlechem Optrag. Den Horror, un sech.

  6. @Fireball: De Probleem mat de Privatsender ass awer deen, dass se ebe net dem Bierger gehéieren, mee dem Grousskapital.

    Wanns de d’Situatioun an Däitschland kucks, do hues de engersäits déi effentlech-rechtlech, wou de Programm vun Vertrieder vunn den 2 grousse Parteien an de Kierchen bestemmt ginn, an anersäits d’Privatsender, wou den Inhalt wéi gesot am Interesse vu groussen Konzerner bestemmt get. Ech ka mech do am Fong mat kengem vu beide Konzepter ufrennen. Vu Medien, déi an der Hand vum Bierger sinn, si mer wäit ewech.

  7. Mengs de wirklech d’Qualitéit vun der Tele giff eropgoen, wanns de d’Bierger giffs entscheeden loossen … ?

  8. Mat mol wannechglift lues hei mam verdeiwwelen vun privaten Medien:

    1. NZZ, Spiegel etc sin Privatzeitungen an weder Boulevardesk nach reisseresch ungehaucht, ouni dass et eng kontroll vum Staat gett, waat eeben dorunner Leit dass hieren unsproch ob qualiteits Journalismus ass.

    2. Privatsender vertrieden d’interessen vun groussen Konzerner? Se brengen Werbung. Richteg. Fir dass awer Werbung bei hinnen geschalt gett mussen sie eng grouss Zielgrupp (vun meiglechen Konsumenten) errechen. Desst erreecht een doduercher dass een saachen brengt dei dem Publikum gefaalen. Et sin also “sehr wohl” d’ Bierger dei mei oder manner en Anfloss hun dorober waat gewiesen gett an waat net.

    3. Gett et jo dofir en dualistescht rundfunksystem, dass d’ leit souwuel öffentlech/rechtlech wei och Privat Medien kennen rezipieiren, dir hut den choix. (Russland wou vill aaner saachen och schief laafen mol ausgehol)

  9. blogeescht:

    Fir d’éischt muss mol d’Bildungswiesen reforméiert ginn an wann dann jidereen en Minimun un Bildung huet, dann kéint een iwwert d’Vox Populi schwätzen …

  10. Grommel:

    Un de Reformen vum Bildungswiesen gëtt jo geschafft. Do sinn awer nach sou munch Hürden ze huelen. ;)

    Ech ginn es awer net midd, drop hinzeweisen, dass d’Bildungswiesen net eleng d’Verantwortung kann hunn, ob een herno d’Vox Rindvieh amplaz vun der Vox Populi schwätzen héiert. Nach sou vill extrinsesch Motivatiounsmoossnamen kënnen eng gutt Portioun intrinsesch Motivatioun net ersetzen. De Problem ass, dass extrinsesch Reizer déi méi wichteg intrinsesch Motivatioun lähmen. A wie liwwert eng grouss Partie vun extrinsesche Reizer? – D’Medien natierlech!

    Vun dohier misst den Hiewel vläicht scho virun de Reformen am Bildungswiesen bei der Regulatioun vun de Medien ugesat ginn. Eng Bildungsreform ass eppes fuerchtbar Laangwireges. Bis do Resultater ze erkenne sinn, huet eleng schonn d’Technologie déi d’Medien benotzen rëm ganz nei Problematiken opgeworf. Zu enger Regulatioun vu Medien gehéiert virun allem eng Ethik an net eng neoliberal a wirtschaftsorientéiert Laisser-faire-Politik. Natierlech ass dat eng ganz delikat Saach. Wou ass d’Grenz tëscht enger diktatorescher Regulatioun wéi a Russland an enger demokratescher (mä net basis-demokratescher)? Et ass un der Politik fir déi Grenz auszeloten an duerno ze handelen, ëmmerhin huet si jo e Mandat.

    Heimat wëll ech dann nach kloerstellen, dass ech mer zwar schonn di selwecht Fro wéi den Tchup gestallt hunn, dass dat awer net an engems heescht, dass ech mer eng Situatioun wéi a Russland (oder wéi an Italien fir mol an der EU ze bleiwen) wënschen. Et ass halt eng Fro déi ech fir mech selwer nach net beäntwert hunn.

    Gilles:

    war op däi blog kucken, däi Post versprécht fir de Januar. Allerdengs fannen ech de Spiegel kee gutt Beispill, well et jo scho Stëmme ginn, dass dee scho liicht Richtung Boulevard ofgedrift ass (wat ech z.D. och sou ëmfannen).

  11. @Gilles

    Ech hu jo och vunn de Fernsehsender geschwat a net vunn der geschriwwener Presse.

    Déi Saach, dass d’Sender dat bréngen, wat Vollek well, ass e bessen zweeschneideg menger Meenung no. Ech gesinn dat eischter sou, dass d’Sender d’Schwächten vum Mensch do e bessen ausnotzen, dat an deem Senn, dass se Inhalter brengen, déi eis kuerzzäiteg virun de Fernseh bannen. Ech bezweifelen awer, dass dat am Interesse vunn de Leit ass. Hei kann een dann elo vläit den Awand bréngen, dass een de Leit jo awer net virschreiwe kann, wat hinnen ze gefaalen huet, woumat mer dann beim Thema “Avantgarde” sinn. Ech denken, dass d’Medien och eng gewessen Verantwortung hunn, wat Bildung betrefft, a net just sollte kucken, woumat se grat déi beschten Quoten kréien. Mee genau dat maachen d’Privatsender awer.

  12. @ Tchup an genau dofir gin et öffentlech rechtlech staatlech medien. Sie kontrolleiren dei Privat, an dei Privat kontrolleiren sie.

    Fernseh sender? keen problem -> Arte. Formater: alt erem NZZ format an Focus TV.

    Kuerzeiteg firun den fernseh bann? GZSZ gett et seit mei wei 10 joer, Talkshows gin et och schon eiweg.

    Verstei mech net falsch ech hun och deelweis meng problemer en Wert an deenen sendungen ze fannen mee muss all sendung kulturel wertvollsin kann se net einfach ennerhalen? Menger meenung no muss et daat och gin!

  13. Wat ech nach vergiess hun, wanns du net daat brengs woumadders du dei bescht meiglech quoten hues kanns du ganz seier dein Buttek rem zouman wells du ken suen kriss an dann ass d´affaire och rem gelaaf.

  14. De Probleem ass menger Meenung no deen, dass d’Medien net nemmen eng entertaining, mee och eng bildend Funktioun missten hunn, mee (virun allem) d’Privatmedien, déi ebe grat wéinst der Relatioun Quoten/Werbung net ausübe wellen/kennen.

  15. Okay, fernsehn brengt also nemmen nach bilden beiträg (obwuel ech ent wirklech wees waat daat sollt sin), fir sech ze finanzeiren kreien se suen vum staat.

    Wei eisen Quoten/Werbung prinzip awer weisst, interesseiert et keen mensch an et kuckt keen et. Verschwendung also vun steiren dei fir weit mei wichteg saachen keinten benotzt gin, wei zB finazeiren vun Studien waat weit mei bildung geif brengen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *