Das Diktat von Lissabon

Die Presse spricht es endlich aus schreibt es endlich nieder:

Das Diktat von Lissabon ist nicht nur ein demokratiepolitischer Skandal, sondern darüber hinaus auch ein frontaler Angriff auf die Grundfesten der Rechtsstaatlichkeit. Die nationalstaatlichen Verfassungen werden von EU-Hand brachial korrigiert, ohne daß den Bevölkerungen das Recht eingeräumt wird, über die Verfassungsänderungen abzustimmen.

Artikel lesen

16 thoughts on “Das Diktat von Lissabon”

  1. De Problem ass, dass och nemmen die mannsten Läit wirklech à même wieren wirklech ze verstoen, em wat et bei Verfassungsännerungen geht fir dann och eng souverän Décisioun können ze huelen fir ofzestëmmen …

    Mengs de den Stammdësch giff déi Saachen, generell, besser léisen wéi Politiker?

  2. An anere Wierder: Well d’Proletariat souwisou ze domm ass fir ze verstoen wéi dat am elitären Europa richteg ze lafen huet, froen mer et guer net eréischt.

  3. De Risque eng Dommheet ze soen huelen ech lo a kaaf:
    Reng formell gesinn ass den Vertrag ofgezeechent gin vu Volleksvertrieder.
    Alles am Kader vun engem Rechtssystem. Alles am Kader vun enger representativer an indirekter Demokratie. Dat sollt een net vergiessen. Gewielten Volleksvertrieder denen hier Oofsiichten, wat Europa ugeet, (wahrscheinlech) schon à moyen terme gewosst waren. Volleksvertrieder déi trotzdeem, oder grad dowéinst, gewielt gouffen. An deene Fäll wou en Parlament oofstëmmt gëllt dat nämlecht: gewielten Volleksvertrieder déi doriwwer oofstemmen. Ergo besteet schon eng demokratesch Validatioun.

    “Die nationalstaatlichen Verfassungen werden von EU-Hand brachial korrigiert” Aha, hun ech eppes verpasst? Wann deem sou wir géing deen Traité (iwwregens ass et en Traité a keng Verfassung wéi vill Leit mengen) wuel kaum vun den 27 Staaten ugeholl gin. Déi mannsten Staats-chefen gesinn hir national Souverainetéit gären dohischmelzen (eng tendenziös Aussoo, ech wees).

    “EU-Recht bricht nationales Recht” Wuel kaum, internationalt Recht ass technesch gesin an der Hierarchie iwwert der nationaler Verfaassung. Wann Eisterraich keng Oofstemmung mëcht ass dat, denken ech mol, eng nationalpolitesch Entscheedung, ähnlech a Frankraich. Schold ass an deem Fall net d’EU mee d’Landesregierung. An déi widerum ass demokratesch gewielt gin (dat huele mer mol hypothetesch un).

    Wahrscheinlech kéint een sou weider machen mee mam Droits-cours sin ech nach net ganz färdeg.

    Weiderhin huet de Grommel absolut Recht. Vox populi, vox rindvieh. Wéi bei eis den Referendum war huet ee kloer gesinn dass déi wéinegst sech wirklech mam Thema beschäftegt hun (aus menger subjektiver Erfahrung). Wéi den Här Grommel och schon gesot huet sin ech och der Meenung dass den Niveau vun der Connaissance wesentlech ze déif ass fir sech wirklech kënnen iwwert d’Thema ze ennerhalen ouni dass dobai Kakabulli an onrationnele Brai erauskënnt. Wéi grouss ass de Public deen sech mat internationalem Recht, mat Constitutioun a mat EU-Politik auskennt?

    Wann wirklech d’Adoptioun vun dem Lissabonner traité e sou e groussen Rechtsbroch ass dann gesinn ech doran keng EU-Kritik mee den Beweis dass d’Bevölkerung d^Politiker zevill gewärde geloos huet. Et sin d’Staats-chefen déi de Wälzer contresignéiert hun. An déi sollen d’Leit représentéiren, ass et net sou?

    Wann de Leit de Lissabonner Vertrag ze neoliberalistech ass, ze krass, zevill Demokratie-Abbau, jo dann hätten se sollen aner Leit wielen.
    Ech hoffen dat ass lo net zevill Kabes…

  4. @Max
    Bien au contraire, ech fannen dat as kee kabes, sin ganz mat dir averstaanen.
    Secher as dat do net ganz demokratesch, virun allem d’fransousen an d’hollaenner keinte sech veraeppelt fillen, d’letzebuerger net, mir waren jo eigentlech zu 56% fir de Kaer vun dem Traité deen jo schon an der Verfaassung stung.
    Iwwregens as et richteg dass all dei Leit dei eis vertrieden (zu Letz op alle Fall) ganz kloer an dei lescht Waale gange sin mam Wellen d’EU weiderzebrengen (vun Juncker bis Bausch en passant par Asselborn et Meisch, suguer de Gyberien war net ganz dogeint). An do as eng legitimiteit do…
    Ok, d’EU huet e kommunikatiounsproblem, an do kann e villes aenneren… Oder mir informeieren eis selwer ;-)
    Naja, als iwwerzeegtenen Europaer fannen ech et gudd dass do lo mol rem eppes geschidd… Dass och eng Saach vu courage politique, well wann en d’Leit 1957 gefroot haett ob se frou mat de Reimesche Vertraeg waren, ech wees net… An dach si mir haut all rou dass dei deemols ennerschriwwe gi sin. An no 1957 sin dei Leit dei dei ennerschriwwen haaten och fir dei mescht remgewielt gin, geng also soen dass d’Leit im Nachhinein och frou domat waren…

  5. De Problem ass jo, daat den Traité Verfassungsännerungen beinhaltet, déi all Land lo duerchféiren muss (well se jo den Traité ennerschriwen hun), an daat fannen ech dann nët méi ganz demokratesch.
    Et ass awer och bessi krass fir Leit iwert een 400-Saiten Dokument ofstemmen ze lossen. Mee weisou soll eng “Verfassung” esou laang sin? An daat Buch, fir déi Leit, déi et doheem haaten, waar jo zu mind. 80% den “Anhang” zu der eigentlecher Verfassung.
    Ech verstinn awer och net, wiesou Neoliberalismus, Oprüstung(sic! 10 Joer nom kaale Krich, an mir rüsten erem OP!) an ähnlech Tendenzen fir emmer an eiweg an eng Verfassung bzw. en Traité gemesselt mussen gin.
    Fazit, no vill Geschwafel:
    Reform an der EU: jo, gären! Festleegung vun politeschen Richtungen: nee merci!
    (Am Fong daat selwescht wéi virun e puer Joer. Just, daat d’Ee elo schon geluecht ass.)

  6. Reng formell, wou gesais de eng Inkoherenz oder e Lach an dem demokrateschen Prozess Joël? Si (chefs d’Etat)hun consentéiert an ënnerschriwwen, si verkierperen d’Populatioun. Si gouffen gewielt. Si féieren de Wëllen vum Vollek aus. Wann et do eng Diskordanz gëtt zwëscht deem wat d’Regierungsvertreter machen an deem wat se mache sollten, dann denken ech si mer un de Limiten vun der indirekter Demokratie ukomm. Ween jo seet zu Wahlen all 4 oder méi Joer dee muss och zu sou Décisiounen jo soen. Et kann een diskutéiren op d’EU eng Institutioun ass déi net an den Décisiounsberaich vun nationelen Vollëksvertrieder rapasst oder net mee bis lo war dat emmer de Fall. Vun dohir… Ech sin kengeswegs Vertrieder vun dem Inhalt, mee reng vum Prozess hir gesinn ech op deem Punkt net de Probleem.

  7. Wat déi Inkoherenz betrefft: Wann eng Verfassung emgeäannert gett, muss décidéiert ginn wéi eng Artiklen sollen emgeännert ginn, an dann muss d’Regierung sech opléisen an et mussen Neiwalen ginn. D’EU féiert déi Ännerungen awer elo einfach vun uewen erof aus an “emgeet” domatter déi demokratesch Sécherung, dass eng Regierung eben net kann mam Vollék maachen wat se well.

    Ob déi Ännerungen elo am Nachhinhein gudd sinn oder net ass ganz egal, et dierf net sinn, dass Politiker ennert dem Deckmantel vun der EU national Verfassungen emänneren ginn.

    Nom leschte Referendum huet et iwwregens vun der EU geheescht, si hätten de Message verstanen an si géingen elo méi den Dialog mam Bierger sichen. Wou der Däiwel ass deen Dialog dann hinn? Hunn ech deen tëscht dem schreiwen vum “neien” Verfassungsvertrag an dem Ennerschreiwen verpasst?!

  8. Et gëtt awer keng Verfassung emgeännert. Faktesch net. Mee wéi scho gesot, ech gesin do d’Limiten vun indirekter Demokratie.

  9. Ech schléisse mech dem Max un.

    Lo hat ech sou oft op enger Welleläng mam Thierry geleen an alles rem verschass, djëft…

  10. Ech sin haut ganz positivistech drop dowéinst schreiwen ech sou Saachen. Mat internationalem Recht gouffe scho ganz aner Sachen légitiméiert…

  11. thierry:

    >Well d’Proletariat souwisou ze domm ass fir ze verstoen wéi dat am elitären Europa richteg ze lafen huet, froen mer et guer net eréischt.

    Wann d’Proletariat sou gescheit ass, firwat wielt et dann net besser Politiker oder setzt sech selwer op?

    Mir wielen Läit, déi sech mat deenen Saachen beschäftegen sollen, wat jo souwuel zäitlech wéi intellektuell opwenneg ass an dann misst een deenen och vertrauen. Wann lo natiirlech Politik per se korrupt ass, dann get et schwiereg.

    Dann giff just ze hoffen, dass Läit, wéis du dech an Zukunft méi an der Politik engagéieren an sech dann och opstellen fir wielen ze loossen. Wiers du dozou bereet?

  12. Eng ‘ganz’ oder ‘richteg’ Demokratie ass jo souwiesou eng Utopie. Dat misst dach jiderengem kloer sinn?

    Ween formt dann dem ‘Mann vun der Strooss’ seng Meenung? Hien wirklech selwer? Oder den Stammdësch, d’Zeitungen, d’Tele, … ?

    Nemmen die mannsten beschäftegen sech wirklech mat all deenen Saachen, oder hunn och die Zäit dozou!

    Kommunismus ass och eppes schéins. Opmanst theoretesch. Just funktionnéiert et och net.

  13. Dann giff just ze hoffen, dass Läit, wéis du dech an Zukunft méi an der Politik engagéieren an sech dann och opstellen fir wielen ze loossen. Wiers du dozou bereet?

    Ech sot jo schon des öfteren, dass ech géing an d’Politik goen wann ech géing eng Partei fannen, an déi ech gudden Gewëssens kéinnt antrieden. Nodeems et jo ufanks des Joërs e puer Versich goufen fir eng Piratepartei an dat aus Zäitgrenn vun den Leit schlußendlech net konnt emgesat ginn (den Haaptmann huet relativ laang missten an d’Ausland) ass dat leider e bessen am Sand verlaf. Fir meng eegen Partei ze grënnen feelt et mir awer momentan u Mëttlen, an ech sinn jo wéi bekannt ass selwer net oft zu Lëtzebuerg. Wann ech mat der Uni färdeg sinn…

    Zäitmangel fir sech mat der Politik ze beschäftegen fannen ech awer eng schwaach Ausried. Et kéinnt een jo genee sou gudd sech iwwer Politik iwwer informéiren amplaz sech owes mat RTL2 an därgläichen verblöden ze loossen. (Kee Fernseh méi ze hunn fannen ech funktionéiert bei mir relativ gudd, do kennt ee guer net eréischt a Versuchung).

    Lo hat ech sou oft op enger Welleläng mam Thierry geleen an alles rem verschass, djëft…

    Et war scho vill ze laang gudd gaangen, do huet dach bal missten erem eppes kommen. ;)

  14. E klengen, net laang iwwerluechten Zwëscheruff vu mir:

    Et feelt der Politik u moralesch integere Leit. Et ginn där Zort leider vill ze wéineg. Wann d’Proportiounen ëmgedréint wieren, da wier dat mat deem Traitre Traité do och anescht verlaf an Demokratie géif +/- zefriddestellend funktionéieren. Mä wéi sot mäi Bop ëmmer: “Wann den Hond net geschass hätt, dann hätt en den Hues kritt.” ;)

  15. Ey ey ey… all korrupt :-) An da gi mir all den ADR wielen oder wei? Wei demagogesch…
    An dach wiele mir se (wa se dann all sollte korrupt sin, wat jo net wouer as)…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *