Mäin éischte Chrëschtdag als Antitheist

Well ech och während de Feierdeeg absolut guer kee Respekt hunn fir gleeweg/reliéis/gottesfürchteg Leit (firwat sollt ech?!), hei een Extrait aus der britescher Sendung QI.

Dem Mithras seng Mamm war eng Jongfra, en gouf de 25.12. an enger Krëpp gebuer, bei senger Gebuert waren Hierten uwiesend, en gouf oft mat Hellegeschäin duergestallt, en huet menschlech Form ugeholl fir eis vun alle Sënner ze befreien, en huet d’éiwegt Liewen nom Doud versprach, no sengem Doud ass en Sonndes drop erem operstanen, e gouf als Erléiser gefeiert, en hat 12 Disciplen, en huet sech fir d’Menscheet geopfert fir eis vun eise Sënnen ze befreien, firun sengem Doud huet en ee lescht Abendmahl ofgehalen, seng Unhänger hunn symbolesch säi Fleesch giess a Blut gedronk, den ierwechte Mann vun der Relioun war den papa (d.h. Popst), d’Spëtzt vun der Relioun souz am Vatikan, Sonndes war den hellegen Dag… Fällt iech eppes op?

4 thoughts on “Mäin éischte Chrëschtdag als Antitheist”

  1. Genial! Genial!
    Elo erklärt sech fir mech och dat schlecht Ofschneiden vun den lëtzebuergschen Schüler bei PISA. Dat ass jo ganz normal, wann sie vum 1. Schouljoër un eng Geschicht erzielt kréien, déi (haut giff een soen) einfach nemmen “gecopy-paste” ass. Et gouf jo gesoot, déi lëtzebuergesch Schüler wären faul an hätte keng Fantasie. Vu wou dat ewuel kennt…

  2. Daat nennt sech globalieseirung ;) Net nemmen d’chreschtden hun geklaut, all relioun huet sech bei aaneren inspireiert, den Buddha gouf (an iergendenger inkarnatioun)wann ech mech richteg erenneren och vun enger Jongfra gebuer dei en ähnlechen numm wei Maria hat. Interessant dozou ass den Film Zeitgeist – The Movie, och wann een vum Rescht vum Film kann haalen waat een well ;)

    Ech wenschen ierch all en scheint Konsum-Fest! :)

  3. Happy Giftmas! :)

    Haha, deen Video (an déi Show) ass super.

    Mee dovunner ofgesinn fannen ech dësen Dag gudd fir mat der Famill ze feieren, sech Saachen ze schenken, gudd z’iessen. An e Beemchen mat Liichtercher ass och fein.

    Gilles: Dat hei kéint dech dann och interesséieren: http://tinyurl.com/3dghcx

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *