Yet another year gone by

Et ass schon erem eng Kéier souwäit. Ee weidert Joër geet op een Enn, an sou lues froen ech mech op ech schon esou aal sinn dass d’Zäit wierklech laanscht rennt – a wéi dat eréischt gett wann ech tatsächlech al sinn.

Fänke mer fir un, also mam Januar (wien hätt dat geduecht?). Déi meescht vun eis erenneren sech wahrscheinlech nach un den éischte Mount vun desem Joër mat batterséissem Bäigeschmaach: et war de Mount wou Blogdelux dat ominéist éischte Bloggertreffen organiséiert huet. Diskutéiert gouf deemols wuel genuch doriwwer, an dofir sierf et op dëser Plaz just kuerz erwähnt, well et halt den Start an een ereegnisräicht Joër war. Et war awer och de Mount, an deem d’Bouneschlupp am iTunes Store gefeatured gouf, déi nei Versioun vu naischtnotz gestart gouf an de gudden alen Arte zu engem Erotikkanal mutéiert ass.

De Februar war wuel ee vun de nodenklechste Méint an dësem Joër. Ennui huet sech hei breet gemaaach, de Layout vum Blog gouf geännert, d’Serie em Merry-go-round und ein Schluck Sambuca huet ugefaangen, ech hunn souguer op franséisch gebloggt, an, wahrscheinlech dat wäitreechendst vun dësem chaotesche Mount, d’Manifest fir les jeunes mélancoliques gouf publizéiert an huet eng Well lassgetrueden, där hiert éischte konkret Resultat dën 27. Dezember am D:qliq ze gesinn war. Ausserdeem ass mäi fréiere Co-Blogger (lang lang ist’s her) mat engem eegene Blog online gaangen, Yearning, deen sech mëttlerweil Mind Vault nennt, a wou de Serge sech widderem eng Co-Bloggerin gesicht huet.

März. De Mount mat der Francophonie Diskussioun, déi iergendwann total ausgeart ass bis kee méi Loscht hat d’Thema nach weider unzeschwätzen. Den 28. März ginn ech ee weidert Joër méi aal an dierf elo och an Amerika legal Alkohol konsuméiren, an d’Inkompetenz vum Postbüro op der Uni huet ee weideren Héichpunkt ereecht. Vun deem allem awer ofgesinn wert dëse Mount wahrscheinlech virun allem an Erennerung bleiwen well een Ruck duerch d’Blogosphär goung, wéi zwee Leit aus eiser Blogbuerg bei engem trageschen Accident e Frend, respektiv eng Frendin verléiren. Besonnesch den perséinlechen, an dach universellen an zäitlosen Text vum Joël wert mer éiweg an Erennerung bleiwen.

Den Abrëll war wuel een éischter rouege Mount. Ech hunn mer dat zu Härzen geholl wat ech duerch de März indirekt geléiert hat – et liewt ee nemmen eemol, an et gett näischt méi wichteges wéi dat bessen Zäit mat Leit ze verbréngen déi engem wichteg sinn – an sinn an der Ouschtervakanz zwou Wochen laang all eenzelnen Owend mat anere Leit erausgaangen. Ausserdeem hunn ech de Contract fir meng Wunnéng dëst Joër ennerschriwwen, an war frou driwwer demnächst endlech mat “normalen” (soit, dat ass eng aner Geschicht) Leit zesummenzeliewen.

Am Mee kritt Frankräich ee neie President, ech bloggen schon erem op franséisch – des Kéier ee ganzen Post – a stellen fest, dass awer méi vun der Sprooch hänke bliwwen ass wéi ech geduecht hat. Mäi Joër ass eriwwer, d’Examen sinn geschriwwen, d’Valissen sinn gepaakt, an ech verloossen endlech dat Zëmmer, an deem ech mech duerch sou muench haard Nuecht gequält hunn.
D’Bouneschlupp kennt no laanger Abscene net nemmen erem, mee gett och um Radio ausgestrahlt. Ech léiren um Radio eng ganz Rei nei Leit kennen (oder sou hallef, well mer eis net eremerkennen) vun deenen mer e puer am Recht vum Joër nach méi sollten un d’Härz wuessen – e Fait, deem ech mer zu deem Zäitpunkt awer nach net bewosst war. D’Mandy behaapt beim Stefan Raab, Lëtzebuergesch wier keng Amtssprooch, an iwwerhaapt ass d’Mandy-Féiwer ausgebrach. Jiddfereen deen eppes op sech gëtt, huet et entweder schon emol beim Erausgoen gesinn, oder kennt een deen ee kennt deen schon eng Kéier am Cactus hannert dem Mandy an der Kees stoung.

De Juni ass en éischter ereengislosen Mount. Ech fänken un mat Schaffen, op e Neits bei där Firma bei där et “näischt gett wat et net gett,” an et ass Nationalfeierdag. Ech gesinn eng Rei Leit erem, déi ech schon éiweg net méi gesinn hunn, an et gett een flotten Owend bis d’CFL mech erem hänke léisst an kee Bus kennt fir heem.

Am Juli gett gefeiert – dem Cyrille säi Gebuertsdag, eng Grillparty an der Villa Moes, een Owend am George & Dragon an ChiChi’s mat den fréieren Klassekomeroden vun der Uni.lu. Mäi chronesche Fernwéi kennt erem an de Ruf no Stockholm gett méi staark, mee Schweden ass zu deem Zäitpunkt nach iwwer ee Joër ewech. Dadoes? bréngen hier nei CD eraus (du bass mer iwwregens nach emmer een T-Shirt an eng CD schëlleg, P.), ech gesinn den André Mergenthaler endlech eng Kéier live (yeah!), an den Harry Potter iwwerliewt och säi lescht Abenteuer (couldn’t care less). Ausserdeem begréissen ech de 50’000 Visteur hei um Blog (yuhu!) an ech gesinn Air live (déi Suen hätt ech och direkt kennen an d’Poubelle geheien).

Bis an d’Hallschent vum August eran ass de Blog offline, an ech wiesslen mäin Host. De Joël freet mech, op ech net well Radio maachen, a mediengäil wéi ech sinn soen ech direkt jo. Ech léiren de Joël am echte Liewen kennen nodeems en mëttes an der Sendung Crumble ass, an owes dee selwechten Dag gett et ee klengt Bloggertreffen ouni Blogdelux a mat Gloda, Fireball, bloGeescht a menger Wéinegkeet. Ech léiren während desem Summer awer firun allem de Joël an d’A. richteg kennen a schätzen an erliewen eng fantastesch Zäit.
Natirlech waren do och nach e puer Openthalter am Ausland, déi net ze vergiessen sinn: éischtens emol d’Nature One, een absolut gäilen Technofestival an Däitschland mam Gilles, Gilles a Leti, an Enn August op London mam Tom.

September war virun allem de Mount an deem den éischten Deel vun Die Generation der Hoffnungslosen enstaanen ass, an ech erem zeréck op d’Uni gaangen sinn. Ech hunn mech gefreet lues a lues all d’Kolleegen eremzegesinn, an a menger Fräizäit hunn ech mech emmer méi mam Christopher Hitchens beschäftegt – Artiklen gelies a Stonnen u Videoen gekuckt. Vläit war et onabdengbar, dass ech vum agnosteschen Theist iergendwann géing zum Atheist ginn. Wann een sech bis eng Kéier déi Fro stellt op et e Gott gett, kennt ee wuel net dolaanscht iergendwann ze schlußfolgeren dass et kee gett. Ausserdeem hunn ech meng éischt Party materliewt, op där ee locker hätt kennen déi nächst 4 American Pie Filmer dréien, inklusiv Saachen déi et emol net an e “Special Edition Uncensored Premium Director’s Cut” geschafft hätten (a sou witzeg wéi ech deemols den American Pie nach fonnt hunn, sou kloër ass mer spéitstens deen Owend ginn, dass ech keen “typesche” Student sinn).

Am Oktober geschidd net allzevill ausser enger memorabler surrealer Szen déi net an dese Blog gehéiert. D’Coursen ginn unn, an den Alldag fänkt unn.

Am November geschidd och net vill aussergewéinleches. Heima kennt eraus an ass bombastesch, mäi léiwsten däitsche Podcast Hoppes Welt feiert onerwaart Comeback, an d’Sara stéisst zu les jeunes mélancoliques. De Schäuble schaaft an Däitschland ee fir allemol d’Privatsphär of während et op der Insel schon zanter Oktober verbueden ass, seng Emailen ze verschlësselen – oder et geet een zwee Joër an de Prisong. Ech erliewen op neits eng surreal Szen zu Cardiff wéi e Matbewunner aus dem Café heemkennt a mer d’Nummer vun engem Meedchen an de Grapp dréckt: “Moien Thierry. Geet et? Ruff mer unn.”

Am Dezember dann gett et vill Stress fir all d’Abgabeterminer anzehalen, an Mëtt des Mounts ass dann endlech Vakanz an ech kommen erem zeréck op Lëtzebuerg. Fir kuerz. Direkt déi éischt Woch maachen ech mech ewech op Koblenz, well de Chrëschtmaart zu Lëtzebuerg schrott ass. De neie Studio vum Ara gett ageweiht, et gett Schampes. D’Liesung gett firbereed. D’Feierdeeg kommen a ginn, och wann ech dest Joër zu engem gewesse Grad mat engem Dégout erfellt war, well ech definitiv zum Antitheist gi sinn. An de 27. Dezember ass et endlech esouwäit: d’Idee vun Les jeunes mélancoliques, déi ech eigentlech méi aus enger Laun a Langeweil an d’Welt gesat hat, dréit Friichten an d’Sara, de Joël an ech liesen am D:qliq. Vill Kolleegen, deelweis därer déi ech schon joërelaang net méi gesinn hat, kommen, an Leit déi net vun eis invitéiert waren, wat d’Erfollegsgefill nach méi steigert.

Domatter geet d’Joër dann op een Enn. Merci iech all. A kenger bestemmter Reienfolg. Mamm. Papp. Katrin. Tom. Bom. Leti. Muffel. Mary. Serge. Joël. Anne. Boultgen. Régis. Paul. Lynn. Chrëscht. Claude. Cyrille. Petrit. Fix. Gilbert. Nic. Olivier. Nico. Dan. Duncan. Georges. Gloda. Gloden. Grégory. Holly. Charlotte. Caz. Jess. K. Luisa. Larisa. Soraya. Sara. Chris. Benem. Jeanne. Jenny. Nadine. Mike. Luca. Bob. Jon. Cado. Sandra. Godart. Schon. Sabrina. Här Roth. Hüber. Kirstine. Margot. Marie-Paule. Wollef. Michelle. Michèle. Murrel. Nicolas. Pablo. Yves. Julie. PW. Ben. Schocky. Sam. Adam. Sylvie. Sarah. Gisela. Yann. Charlie. Jeff. Kev. Tim. Vivi. Lisa. Adrien. Martine. Jenny. Rod. Leon. Christian. Conny. Philip. Josh. Sally. Patricia. Pierre. Gregg. Jake. Jason. Linda. Jane. Alex. Jade. Rebecca. Keighley. Luis. Tom. Fred. Luke. Joël. Christian. Jona. Estelle. Alain. Kim. Isi. Bert. Sandra. Germain. Kai. Kléi. Ender. Wichl. Nipless. Tessa. An al déi Leit déi ech elo trotzdem erem vergiess hunn (ass wierklech net béis gemengt, mee bei souvillen Nimm verléiert een iergendwann den Iwwerbléck), a natirlech och all d’Lieser vun desem Blog.

Ech wënschen e gudde Rutsch!

11 thoughts on “Yet another year gone by”

  1. Krass, wéi vill dain Joer och main Joer ass :) An daat, obwuehl mir eis reicht am Mee (ass daat esou?) fir déi “eischte” Keier gesin hun. (Oder méi wéi drai Wierder geschwaat hun) Mee du hues jo och villes erwähnt, waat eben an der Blogosphäre geschidd ass. Februar bis Dezember vun der Idee bis zur Liesung. An wéi laang dauert et, bis mer Stadionen fellen? ;-)

  2. Hehe jo. Naja mir haten déi éischte geheim Iwwergaab op der Gare schon d’lescht Joër am Mee. ;) Allerdéngs mengen ech war eist Gespréich deemols effektiv relativ knapp ausgefall.

    Nächste Schrëtt wier ech fir eng Liesung am L’inouï (haha, wann mer do dierfen sinn mer effektiv top). :)

  3. …[Nächste Schrëtt wier ech fir eng Liesung am L’inouï]…

    Soll ech do mol nofroen? Ech schaffen jo regelmeisseg do, an d’Shlomit an de Paul si gudd Frenn vu mir. :-)

    Ech wenschen der och alles Gudds fir d’nächst Joer.

  4. Ech well Ierch dann och alleguerten e gudde Rutsch wenschen!

    An fir all déi, déi et nach net matkruuten: Et sinn elo 3 Video’en vun der Liesung vun “Les jeunes mélancoliques” online! ;)

  5. Et war e komescht Joer wann ech sou bedenken…
    Op deser Platz wenschen ech jidderengem e schéint neit Joer an dir natierlech och Thierry ;) (an dëst Joer, verspriechen ech der, gëss de och net vun hannen vu mir ugegraff :P)

  6. Pingback: sad autumn

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *