I! Can’t! Wait! Any! Longer!

Yes, that is James Marsters!

7 thoughts on “I! Can’t! Wait! Any! Longer!”

  1. Klengt cool ;) Mee bis dohinner hun ech jo nach den Dexter. (An wourobber ech wirklech waarden, dorobb wärt ech jo wahrscheinlech laang waarden missen…)

  2. Viiiiiiiiiill besser wéi Heroes. Et ass een Doctor Who Spinoff. Éischtens spillt en zu Cardiff (wat ech mega cool fannen, aus offensichtleche Grënn ;)), zweetens sinn d’Schauspiller absolut top, drëttens kritt déi Serie weltwäit Einschaltquoten wéi kaum eng aner.

  3. Di éischt hallef Staffel vun Torchwood hun ech awer zimlech mies fonnt. “Cyberwoman” war z. Bsp. grauenhaft ënnerierdesch. Vun “Random Shoes” un, hat sëch d’Serie awer verbessert.

  4. Naja, schengt wéi wann et nees eng Love-it or hate-it Serie ass …

    Ech wollt lo grad op hieren Site bei der BBC goen, an wat kréien ech dann do: If you are outside the UK you will not be able to use bbc.co.uk/torchwood for rights reasons.

    F*ck!? Fänken déi lo amerikanesch Tricker un? An et ass dach just en Info-Site oder kann een do d’Episoden kucken? Dann sollen se just déi sperren … Mee bon, dann eben net ;)

  5. Cyberwoman war effektiv mies. Mee naja. Ech kucken d’Serie souwisou ganz anescht, well ech déi Plazen all kennen wou se dréien. Et fillt sech iergendwéi “echt” unn, wann een selwer regelméisseg duerch déi Stroossen trëppelt, respektiv op der Roald Dahl Plas (do wou dee sëlwernen Tuerm steet) ronderemleeft. :)

    Jo, ass et och. Mee ech mengen dat ass bei Doctor Who an all sengen diverse Spin Offs de Fall. Déi Serien sinn all vill ze extreem fir “einfach mol sou kucken”. :)

    Dat ass well de Gremium vun der BBC zimlech krass ass. Déi fänke keng amerikanesch Tricker hunn, d’Amerikaner hunn britesch Tricker ugefaangen. ;) ‘t ass allerdengs och net vill op der Säit, just Schauspillerinfos, puer Wallpapers an Traileren déi een och op YouTube kritt. D’Folgen kann een emmer nemmen eng Woch no der Aussralung kucken, där sinn also momentan keng do. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *