Warum ich keinen Spiegel lese

oder: Wie Der Spiegel systematisch Fremdenhass propagiert

Hagen Rether trifft es – mal wieder – auf den Punkt. Und im Kölner Dom “Das Leben des Brian” aufzuführen um richtige Fundamentalisten kennenzulernen – sollte mal wirklich versucht werden.

Die ganze Sendung gibt es hier.

5 thoughts on “Warum ich keinen Spiegel lese”

  1. D’Form huet mer zwar net gefall, de Fond schockéiert mech awer. De leschten September ass zwar grad de Mount wou ech opgehal hun de Spiegel ze kafen, vum Inhalt wees ech also naischt, déi Linn déi do ze erkennen ass mecht mer awer Angscht. Virun allem d’Titelbiller vu Spiegel.

  2. Ech hunn de Spiegel nie wierklech gelies. Heiansdo mol beim Zänndokter wann et mer doudlangweileg war am Waardezëmmer, an dann huet e mech och ni richteg iwwerzeegt. Dat ass wéi The Times. Iwwerflächlech gesäit dat alles no propperem Journalismus aus, mee wann een et sech e bessen méi genau ukuckt ass et geféierleche Populismus.

    Ech fannen d’Form genial. Rether, Pispers… Kabarettisten déi d’Iwwel direkt uprangeren a net laang mat Metapheren ronderemschmäissen.

  3. Den Broder geht mer en effet och keen Meter an ech froen mech, wat deen am Spiegel verluer huet?

    Trotzdem därf een d’Islamisten net ennerschätzen. An den Naziverglach hinkt, well Nazien sech net an d’Luucht sprengen wëllen oder giffen … Ehrenmord an Familiendrama ass och e schlechten Verglach. Den Life of Brian Verglach allerdengs woer schon besser. Dat mam schwaarzen Hannergrond stemmt natiirlech och. Genau wéi dat mam Schäuble.

    An den Islam huet genau sou ridicule and domm Prinzipien wéi d’Chreschtentum zum Deel, just dass déi keen sérieux hëllt.

    An den Problem beim Kuschelcours ass, dass die eng Säit do VILL mei aktiv ass wéi die aner!

  4. Lo wou ech nach engker driwwer nodenken ass de Verglach tëscht Ehrenmord an Familiendrama egalwat. Opmanst kennen ech keng Famill déi selwer entscheed dass de Papp se embrengt an en dono virun der Justiz verstoppt.

  5. Dat do wollt ech gëschter Owend och scho mol soen, mee hu mer du geduecht, ech hätt wuel besser nach eng Nuecht driwwer ze schlofen. Sou gäer ech den Hagen Rether och hunn, heinsdo trëfft en et och net grad sou ganz.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *