Momentopnahmen

Ech souz mam J. am Zuch an hunn Musék gelauschtert während mer einfach zur Fënster rausgekuckt hunn an d’Welt laanscht geflunn ass. Ech war mam S. Téi drénken an mir hunn vun Sigur Rós an Heima geschwärmt. Ech houng beim D. doheem an mir hunn eis am InDesign ameséiert, während mer erstaunt festgestallt hunn, dass mer allebéid eng Fläsch Scotch nierwt dem Computer stoen hunn déi och no Wochen nach praktesch voll ass. Owes no der Disko huet den C. drop insistéiert d’M. heemzebréngen well en et net wollt eleng duerch déi hallew Stad lafe loossen – dat hunn ech soss nach ni hei gesinn, allerdéngs ass den C. och ee Schwäizer. Ech souz owes mat engem Meedchen am Café an mir hunn iwwert den amerikanesche Wahlkampf diskutéiert – a waren allebéid fir den Obama. E Meedchen wat moies firu mer getrëppelt ass um Wee fir op d’Uni huet sou ausgesinn wéi e Meedchen dat ech emol gären hat, an ech hu just mussen schmunzelen.

3 thoughts on “Momentopnahmen”

  1. lol dat “Obama-Meedchen” ass mer richteg sympatesch. :D

    (Btw Thierry, géi net op wort.lu oder rtl.lu iwwert Noorichten vun den US-Waalen sichen. Do stin méi Feeler (an ech mengen keng gramatescher domatt) dran ewéi an enger BILD Zeitung! D’Wort selwer kriss de jo zum Gleck dohannen net zekaafen. :))

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *