Wien sinn ech?

Ee vu mengen Proffen sot d’lescht Woch, d’Leit géingen emmer mengen alles wat een a Kuerzgeschichten a Gedichter schreiwt wier autobiografesch. Dat huet mech zum Nodenken ugereegt, wien ech eigentlech fir iech Lieser sinn. Wat ech wees ass, dass ech hei am Blog just eng Persona sinn. Ee Splitter vu mer selwer, deen heiansdo och Fakten bis zur Onkenntlechkeet verdréit, ewechléisst oder radikal dobäi erfennt. Muenchmol huet déi Persona och guer näischt mat mir am reale Liewen ze dinn, et ass just eng Roll déi ech spillen. Selten, mee et kennt fir, winnen ech mech esou un d’Schreiwen, dass ech den Drang verspieren absolut éierlech ze sinn – fir dat ze verhenneren war de Blog am Januar jo eng Zäitchen radikal offline. Heiansdo wees ech allerdéngs och emol selwer net wien ech sinn.
Mäi schottesche Kolleeg huet virun e puer Wochen gemengt, ech hätt ee nordesche Charakter. D’lescht Joër sinn ech oft gefrot ginn, op ech aus Schweden wier. Éischteres war ee Kompliment, zweeteres fir mech eng Beleidegung. Éischteres ass eng Beschreiwung vu mengem Charakter, zweeteres ass pur Ignoranz wou Lëtzebuerg läit.
Et ass zwar eng Verallgemengerung – mee trotzdem paradox: zanter dass ech permanent mat Skandinavier ennerwee sinn, wees ech, dobaussen ginn et Leit déi sou sinn wéi ech. Oder éischter: mat deenen ech kann déi Persoun sinn, als déi ech mech selwer gesinn. Ee weidere Splitter huet dat Liewen fonnt, dat e glécklech mécht. Owes an engem artsy-fartsy Café setzen – op all Bildschirmer en aneren Hitchcock Film an der Endlosschläif, Cocktailer souvill wéi et der mol net am Secret Garden ginn, eng international Béierkaart – an iwwert Sigur Rós schwätzen, iwwert zevill Schnéi a Norwegen an ze wéineg am Recht vun Europa, iwwert de Lukas Moodysson, iwwert den Charles Dickens an d’Louisa May Alcott, iwwert d’Liewen wéi et war an wéi et vläit iergendwann wert sinn.
Ech léiren schwedesch. Ech hunn an de leschte Wochen esouvill Skandinavier kennengeléiert wéi nach ni, an aus iergendengem Grond hunn ech mech mat all eenzelnem op Anhieb verstanen. Ech war nach ni a Skandinavien, mee ech freen mech an e puer Méint dohinner ze goen, an wat et méi no kennt emmer méi. Vläit ginn ech enttäuscht. Mee ech muss erausfannen, op déi Kultur wierklech esou ass, oder op ech just wahnsinneg Chance hat an all déi richteg Leit kennengeléiert hunn.
Déi Saachen déi ech soen, fillen sech wouer unn. Wann ech an de Spigel kucken erkennen ech deen komesche Kärel dee mer do entgéint kuckt. Wann ech laachen, laachen ech vun Härzen. E Brit war ech souwisou ni, déi Gesellschaft ass mer vill ze korrupt, réckstänneg an onfrendlech (leschteres sickert wuel net sou schnell duerch). Mee et gesäit esou aus, wéi wann ech och hei kéinnt en Deel vu menger Perséinlechkeet ausliewen. Wien sinn ech? Haut sinn ech Skandinavier. Wat muer ass wees ech net – mee dat ass guer net sou schlemm.
An dat ass ee weidere Splitter vun der Wourecht.

2 thoughts on “Wien sinn ech?”

  1. Och wann dat doten lo ‘just’ Splittere sinn, sou fannen ech, dass se awer ganz éierlech beim Lieser ukommen. Ech äntweren natierlech aus der Siicht vun engem, deen dech bis elo just zweemol ‘live’ erlieft huet, dovun eng Kéier aktiv an eng Kéier passiv. Duerch dat wat ech an dengem Blog liesen, hunn ech e gewëssent Bild vun dir – e weidere Splitter – wat am Fong och vu menger eegener Erfahrung geprägt ass. Beispill Schweden: Ech hat als Teenager eng Kéier d’Geleegenheet do Vakanz ze maachen. Meng Perséinlechkeet war dee Moment nach net entwéckelt genuch fir déi Kultur mat alle Sënner an ënner deenen Aspekter déi mech haut interesséieren ze erliewen. Mä d’Faszinatioun war do a gëtt rëm lieweg doduerch dass du déi Kultur thematiséiers – aus denger Siicht.

  2. ech war d’lescht Joer an Schweden an an Finnland an bis op een Buschauffeur waren all dLeit déi mer getraff hun wierklech léiw an oppen an natierlech. Do war eng eeler Kenschtlerin déi en Flip op Ausserirdeches hat, di wonnerschéin jonk Fra déi eis mat hierem Auto bei d’Fähr sichen komm as well deen Dagh keen Bus gefuer as, di onkomplizéiert Plakkenverkeefer, en Hotelreceptionist deen een genausougud hätt kenen an en aalen schwarzwaiss-Film setzen – an ganz vil aner wonnerbar Leit.
    Ech mengen net dass de enttäuscht gess :) free dech!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *