Did I mention I hate Firefox?

I’ve finally figured out why some people thought the font size were too small: Firefox renders the page smaller – hell knows why. I’ve written a little script now that should detect whether you’re using Firefox and then use the right stylesheet.

My php’s gotten a bit rusty, so if you encounter any problems let me know.

15 thoughts on “Did I mention I hate Firefox?”

  1. Mhmm, den Layout ass am IE lo broken (keen Menü méi do), am Opera ass d’Schreft selwescht grouss wéi virdrun an am Firefox ass d’Schreft effektiv méi grous. Wann ech lo frech wier, geif ech dediéiren, daat Safari den enzegen ass, den richteg/falsch (je no Definitioun) rendert. Mee den schmiert sait dem läschten “Update” (haha!) jo beim Start of. Daat stéiert awer anscheinend keen bei Apple.

  2. Hun den aktuellsten Safari (schmiert bei mir nët beim Start of), an hei ass alles wéi vierdrun.

    Trotzdem haassen ech Firefox nët, ech benotzen einfach aus Bequemlechkeet de Safari. Mais et gi verschidden Säiten, déi fonktionéiren just mat Firefox (op mannst mol bei mir). Zum Beispill geet wann ech mat Safari op mengem Blog (ëmmer aktuellst WordPress Versioun) e Bäitrag schreiwen all Formattéirung beim Ofspäichre verluer. Mat Firefox ass alles tiptop.

  3. Asou, da rendert mäi Firefox just falsch? Ech duecht, dat wir gewollt, datt ech just nach Text an e wäissen Hannergrond op deser Säit gesin. Keen Header a soss och näischt.

  4. Argh. IE kann ech net testen, aus offensichtleche Grënn (eigentlech sollt IE einfach den alen Stylesheet benotzen, firwat dat lo rem net klappt…). Hmpf.

    pa: Ech hunn dach just vun der Schrëftgréisst geschwat déi am Firefox ze kleng war. Du hues eppes falsch verstanen. :)

  5. Thierry: Deng Méi an Éieren, mä lo ass Normalgréisst um Firefox bei mir méi grouss wéi am Safari. Virdrun huet däi Blog bei Font Helvetica Neue 16 op béide Browseren ongeféier tselwecht ausgesinn. Ass mer lo awer egal, well de Firefox op mengem alen iMac G4 an der Lescht extrem lues ginn ass an ech lo wou et nëmme geet just nach op Safari ginn. Ausserdem hunn ech jo mëttlerweil selwer op méi eng kleng Schrëftgréisst a mengem Blog gewiesselt. ;)

    Fireball: Ofschmieren vum Safari: hat ech och schonn, awer nëmmen ënner Windows XP. Fir de Rescht: Safari rules, z.B. fir lo dëst Kommentar-Feld méi grouss ze maachen. :)

    federico: Firefox brauch een um Mac effektiv fir verschidde Saachen, z.B. Webbanking. Dat mat der Formatéierung am WordPress, läit dat éieren dodrun, dass du de WYSIWYG-Editor am Safari benotz? Dat huet bei mir nach ni fonktionnéiert, woufir ech just am Code-Editor schreiwen.

  6. Bei mir ass d’Schrëft am Firefox lo och méi grouss, wéi am Safari. Hunn se do virdru besser fonnt.

    Ech benotze Firefox. Safari nervt mech.

  7. Georges: Webbanking geet bei mir zwar och am Safari (S-Net), mais du hues Recht, sou Saachen sin oft kriddeleg an do muss een oft op Firefox zreckgräifen.
    A propos WordPress: jo, et ass den WYSIWYG-Editor … hun soss och ëmmer mam Code-Editor geschriwwen, mais säit et den “Web2.0” Editor gëtt, hun ech mech dodrun gewinnt …

    ‘t ass awer och blöd mat deene Webbrowseren ;-)

  8. ech wo grad och iwerrascht wei grouss d schreft gin ass ^^
    mengen deng fehlerquell ass lokal an deem fun dier benotzen ff :P

  9. Thierry, kruus de déi Beschwerden zoufälleg vun Windows-Useren? Well Mac OS rendert d’Schrëften prinzipiell no engem aaneren Prinzip wéi Windows. Windows probéiert alles an ee Pixelraster ze kréien an Mac probéiert fir d’Courben sou gudd wéi méiglech ze erhaalen, mat Subpixelrendering etc. Doduerch gesin d’Schrëften um Mac och méi “schéin” aus an op Windows méi dënn. vlait as et daat?

  10. Mais ass dat net och säit Vista rëm aanescht?

    Ech wees nët ob dat iergendeppes zur Léisung vum Problem bäidréit, mais bei mir rendert de Firefox um Mac och mäin eegenen Blog liicht aanescht wéi de Safari, nämlech genau wéi de Thierry seet sinn d’Schrëften am FF mi kleng.

  11. Den georges ass och um Mac, esouwait ech wees. Ech wees leider net méi wéi et deemols am Safari ausgesin huet – den huet och enner Windows den “Mac”-Schreft-Rendering.
    Vista huet mengen ech och eng aaner Rendering-Engine wéi den XP, mee ech mengen den benotzt héi keen? (Oder?)

    Waat effektiv den Problem kéint sin wier daat den FF um Mac en Fehler mescht an d’Schreften falsch rendert – waat jo net ennert Win oder Linux d’selwescht muss sin. Keint en lo nach kucken, wéi et am Camino (Mozilla-Engine, mee eng Mac-only Applikatioun) ausgesait.

  12. Boah wësst der wat, alles wieder auf Anfang. :D Dat dinn ech mer net unn, dass ech elo nach fir XP, Vista blablabla alles eenzel maachen. Et kann een sech jo d’Schrëft selwer sou grouss / kleng maachen wéi een se well. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *