MacBook elo mat Penryn CPU – an méi bëlleg

Mäin alen iBook fänkt soulues un auserneenzefalen. Batterie packt et nach ganzer 10 Minuten, d’Hallschent vun den Tasten sinn komplett wäiss an CS3 leeft onbeschreiwlech lues / stierzt regelméisseg of.

Hm… Lo feelt mer just nach d’Geld (an en Update vun APE, éischter kennt mir kee Leopard an d’Haus ass endlech do).

Link

3 thoughts on “MacBook elo mat Penryn CPU – an méi bëlleg”

  1. Penryn sinn déi nei 45 Nanometer Core 2 Duo (resp. Quad) Prozessoren vun Intel, soit dat Beschten wat momentan fir den Enduser um Marché ass. :)
    APE steet fir Application Enhancer an ass een Haxie vun Unsanity, mat deem een sech kann a lafend Programmer hacken. Sou kann een z.B. d’Menübar wéi en Dock benotzen, dass se just opdaucht wann ee mat der Maus driwwer fiert, wat soss net méiglech wier. Oder et kann een den Toun vun engem beliebegen Programm ouni Emschweifer digital ophuelen. …

  2. Thierry: Bei dengem Link kréien ech e ‘Page not found’ vun Apple.

    federico: Dank der Inkompatibilitéit vum APE mam Leopard war ech nawell schéin an d’Schweesse komm. An esou laang APE just als Beta mat Leopard kompatibel ass, kënnt mir keen APE méi an d’Haus. (Mä menufela war awer cool.)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *