Seit Gott starb

Freitag morgen, 7:10 Uhr. Ich spaziere durch ein Dorf, in dem ich mich nicht wirklich auskenne. Es lohnt sich mal wieder, dass ich ein geographisches Gedächtnis habe. Ein paar Autos rasen an mir vorbei – ich frage mich warum, die faulen Briten arbeiten doch erst ab 9 Uhr. Die Erinnerung daran wie ich meine schwedische Freundin die Nacht vorher die Treppen vom Campus runtertrug, weil sie nach Hause wollte anstatt mit zur Afterparty, schwirrt mir immer noch im Kopf herum – ich frage mich warum, es ist doch weitaus mehr passiert letzte Nacht.
7:20 Uhr. Wenn ich nicht Atheist wäre, wäre das hier niemals passiert. Wenn es Gott gäbe, wäre es das Ende meiner Welt. Wenn man nicht auf ein Paradies hofft, macht man wohl oder übel das Beste aus der wenigen Zeit die man jemals bekommen wird. Und: so übel ist das hier gar nicht. Es ist sogar toll.
7:30 Uhr. Eine Sonnenbrille wäre praktisch. Nicht, dass ich zuviel getrunken hätte – mein indischer und portugiesischer Kumpel haben den ganzen Alkohol fast alleine vernichtet – aber ich habe nur eine knappe Stunde geschlafen. Es geht mir erstaunlich gut. Keine Kopfschmerzen, kein niedriger Blutdruck, keine Magenkrämpfe. Nur meine Augen schmerzen. Wahrscheinlich sind sie blutunterlaufen. Mein Haar könnte einen Kamm vertragen. Die Leute im Zug schauen mich an, als wäre ich ein Bettler.
7:40 Uhr. Merke: nächstes Mal nimmst du deinen iPod mit. Menschen im Zug sind noch viel weniger auszuhalten, wenn man todmüde ist. Natürlich ist der Zug gerade jetzt gerammelt voll. Der Mann neben mir liest die neuste Verschwörungstheorie über Prinzessin Diana – whaeva, wie der Typ zwei Plätze vor mir wohl sagen würde.
7:50 Uhr. Cathays. Endlich, meine Station. Jetzt nur noch raus hier. Ich frage mich, warum soviele Leute unterwegs sind, sonst ist die Stadt um diese Zeit doch fast menschenleer.
8 Uhr. Ich erinnere mich noch genau an den Sonntag morgen, als ich das erste Mal in dieser Stadt, diesem Land war. Ich schaltete morgens das Radio ein, irgendeinen Sender, weil ich die Sender noch nicht kannte. Es war Radio 1. Der DJ sagte nur, “here’s a song to get your creative thoughts flowing” und spielte Hoppípolla von Sigur Rós. Ich setzte mich an den Schreibtisch und schrieb ein Gedicht über ein Mädchen, das mir Samstags auf der Uni über den Weg lief. Sie war gestern Abend auch da.
Es scheint, als lägen zwischen damals und heute zwei Ewigkeiten. Und das stimmt auch, irgendwie. Gott ist tot. Ist das nicht schön?

15 thoughts on “Seit Gott starb”

  1. Ech gesinn wéi s de virum PC sëtz, whaeva schreiws an d’Zeeche mat der Hand mëss. Dozou fällt mer lo en Zitat vun engem Engl. Lit. Lecturer an, wat ech einfach, onkommentéiert komme lossen. Et passt iergendwéi: If the bible is true, nothing else matters. If the bible is not true, nothing matters.

    PS: Rieds du déng Frënn eigentlech och mat hirer Nationalitéit un? Oder schreiws de just sou iwwert se?

  2. Wenn man merkt, dass Gott tot ist, ist das schön. Es ist eine Art Befreiung, die man dann erlebt hat. Leider erreichen viele Leute diese Befreiung nicht, da sie sich nicht komplett von Gott und der Religion trennen. :/
    Lass mich raten, der “DJ” von Radio 1 hat folgende Initialien CM, oder? Und genau, wegen so guter Musik höre ich Radio 1. :)

  3. Tom, wat mengs de mat Befräiung?

    Wann ech dech richteg verstinn, wëlls de soen, dass reliéis Mënschen net wierklech glécklech si kënnen. Verbesser mech, wann ech falsch leien.

  4. Ech schreiwen just sou iwwert se. Obwuel all Kéiers wann se eppes komesches maachen, ass et well se “zoutreffend Natioun hei afëllen” sinn. An ech kréien dann gesot ech géing et just net verstoen well ech Lëtzebuerger (alternativ och: “crazy” oder “insane”) wier. :)

    Nope, et war Sonndes, do send den Moyles guer net. ;) Ech wees guer net, wien de Moderator deemols war…

    Perséinlech kann ech soen, dass ech effektiv méi glécklech sinn zanter ech net méi u Gott gleewen. Firwat hunn ech jo uewen erklärt.

  5. Ech gleewen net méi u Gott, zënter dass ech 10-11 sinn an ech sinn net méi glécklech wéi dunn. Schéin, dass et dir do anescht geet. Mee Angscht hunn ech och keng. Ech fanne just, dass dem Tom séng Ausso e bësse blöd ass, well fir eng aner Persoun d’Religiositéit kann e befräiend Element sinn.

  6. … a fir vill Persounen ass d’Religiositéit en anengend Element. De Punkt ass just, dass dat vun deene Betraffenen net oft wouergeholl gëtt.

  7. Also ech hun mat Befräiung net gemengt, dass reliéis Léit net glëcklech sinn. Villeicht haat ech mech do falsch ausgedreckt. Mir faalen elo selwer 2 ganz staark reliéis Menschen an, mat deenen ech super eenz ginn an deenen hieren Glaawen ech respektéieren, déi mir selwer schon erzielt hun, dass duerch hieren Staarken Glaawen u Gott se eng ganz schlemm Zäit iwwerhaapt iwwerliewen konnten. ;)

    Ech wollt éischter ob eng “Befreiung” opmierksam maachen, déi een als Atheist materliewt.

    Ech hun den Terme “Befreiung” benotzt, well een hei am Land eng Relioun scho richteg vu Kand un opgezwongen kritt (vun der Gesellschaft, vun der Schoul). Wann een elo glëwesch ass, ass dat keen Problem, wann een awer net dorunner glëwt, ass een enger gewessener Pressioun ausgeliwwert. (Dofir brauche mer de Werteunterescht bspw.)
    Ech selwer fannen, dass ech (nodeems ech Atheist gi sinn) méi glëcklech sinn ewéi virdrun. Ech wëes, dass ech eemol stierwen a wëes dass et dann eriwwer ass. Vill glëwesch Léit si jo der Meenung, dass ee “Liewen nom Doud” DEE Grond vum Liewen wäer an och deen eenzegen. Ech gesinn éischter aaner Grënn an eben ganz vill Grënn am Liewen. A fir noo engem eenzegen Grond zesichen setzt viraus, dass all Mensch déi nämlecht Werter huet. Dëst ass a mengen Aan falsch. Als Liberaldemokrat fannen ech, dass all Mensch een Individium ass an d’Recht huet eng eegen Meenung zehun an un verschidden Werter a Saachen zeglëwen resp. net zeglëwen.
    An déi ‘Angscht’, déi ech geäussert hun, dass verschidden Léit déi Befräiung vu Gott net ereechen, ass well verschidden Léit, déi vun sech behaapten, se wieren en Atheist, awer nach keng “komplett” Trennung zu Gott an der Relioun gemaach hun, se féieren zB gudd a gäeren Chrëchtdaag an Ouschteren féieren… Wann een u verschiddenen Saache festhällt, kann een sech nie “befräit” fillen.

    (Note: Fir déi déi elo soen, Chrëschtdaag wäer eben ee Familienfest an et wäer flott, fir zesummen zesinn, soen ech nemmen, dass den Atheist “Winter solstice” féiert ;))

  8. Tom: Wéi kanns du wëssen, dass “et” (wat mengs du domat?) eriwwer ass nom Doud? Gleefs du dat net éischter als Atheist?

  9. Kee Mënsch wees, op et en Liewen nom Doud gët oder net (och wann momentan Reklammen eng aner Ausso maachen, hehe). Duerfir firwat net einfach an deem Punkt gleewen wat een wëll a wat engem Hoffnung gët? Soulaang een keen aneren dozou zwëngt, dat selwecht ze gleewen …

  10. @ Georges
    Mat “et” mengen ech d’Liewen. ;) Ech well dozou nemmen den Carl Sagan (een weltbekannten Astrophysiker an Astrochemiker) zitéieren:
    “I would love to believe that when I die I will live again, that some thinking, feeling, remembering part of me will continue. But as much as I want to believe that, and despite the ancient and worldwide cultural traditions that assert an afterlife, I know of nothing to suggest that it is more than wishful thinking.”

    Fir de Rescht schléissen ech mech dem Grommel un. Wann een un ee Liewen nom Doud glëwt, hun ech kee Problem domatter, esou laang keen mir dee Glawen opzwengt. Ewéi ech jo schon geschriwwen hun, fannen ech dass “all Mensch een Individium ass an d’Recht huet eng eegen Meenung zehun an un verschidden Werter a Saachen zeglëwen resp. net zeglëwen.”

  11. Ech gesinn et sou wéi den Tom / Carl Sagan. Et gett keen eenzegen Aspekt, deen rationell géing beweisen dass et ee Liewen nom Doud gett. Hey, si kennen jo souguer noweisen firwat deen Tunnel / d’Luucht ass, firwat een säi Liewen nach eng Kéier gesäit, oder firwat een dat Gefill huet et géing een de Kierper verloossen… An dat sinn alles Saachen un deenen d’Leit sech trotzdem nach festhalen als Beweis fir ee Liewen nom Doud.

    Wat een sech méi domatter beschäftegt, wat et méi onwahrscheinlech gett… Leider.

  12. Ech si momentan amgaangen e Buch zu deem Thema ze liesen. Obwuel et zimlech spannend ass, geléngt et mer awer momentan net, d’Zäit an d’Rou ze fannen fir dozou méi ze schreiwen. Ech huelen dat awer dann op mengem Blog no, wann et souwäit ass.

    Thierry: Dat mat den Noweisungen zu den Nahtoderfahrungen interesséiert mech am Kader vu menger Lektür well den Markolf H. Niemz sech eben grad dodrop baséiert fir seng Theorie ze ënnermaueren. Hues du dozou vläicht e puer weider Infos parat?

    Hei de Link zum ugeschwatene Buch: Lucy im Licht.

  13. Liewen nom Doud kann een weder beweisen nach widderléen. Also firwat net sech eng Theorie zesummenkleesperen, déi engem gefällt an hëlleft soulaang een keen aneren domadder nervt. An ween drun wëll gleewen, dass duerno alles färdeg ass, deen kann dat jo och man.

    Ech fir mäin Deel hoffen op irgendeppes ‘weideres’, awer total aneschteres wéi dat wat mer kennen. An ech hoffen dann verstoen ze kënnen, FIRWAT? Natiirlech ennert der Viraussetzung, dass een keen physescht Gehir brauch fir dat ze verstoen ;)

  14. Georges:
    Leider net, dat hunn ech alles an der Scientific American gelies, an ech hunn déi Hefter aus simplem Plazmangel net versuergt. :(

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *