Fir e Samsdeg

Lueden ech mer grad ronn sechs Gigabyte erof – déi 6. Staffel Spooks. Legal am iTunes natirlech. An £16.99 fannen ech ee ganz raisonable Präiss fir zéng Stonnen Ennerhalung.

Mäi Provider freet sech bestemmt iwwer déi Datemass…

EDIT: Okay, dat ass definitiv genial. Et kann een d’Episoden scho kucken während se am Hannergrond nach färdeg eroflueden. Top!

6 thoughts on “Fir e Samsdeg”

  1. Ech hänken alt erem eng Kéier de ganzen Dag op Flughäfen. ;) De Freeze (wann et dann eppes gett wat ech net gleewen, well deen Kärel mer vill ze mediengäil wierkt an dat ass net den Sënn vun engem Freeze) verpassen ech. :)

  2. Ah ok, ech sinn och rem 8 Stonnen am Fliger/op Flughafen. Yay.

    Wéini bass de ze Ams? Ech vun 7 bis 9 Owes. Dofir hunn ech mer den Dostoievski agepakt. (Ech wees, lo dréin ech komplett um Rad. Mee nodeem ech et net gepackt hunn et ze Lloret ze liesen, wëll ech mech lo gutt konzentréire kënnen.)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *