En dierf et net méi wëssen.

Do sëtzen se elo also nees an hirem Stammcafé. Hatt, um Enn vum Dësch, eng hallef Stonn ze spéit komm; hien, op säi Béier kuckend. Allebéid leenen se sech no vir, hunn d’Ärm um Dësch leien, liicht verschränkt – wéi wann se géingen an ee Spigel kucken halen se sech all Kéiers zur selwechter Zäit d’Hand virun de Mond, kucken erof, drénken eng Schlupp. Si schwätzen net vill mateneen. Dee gréissten Deel vum Owend lauschteren se deenen aneren dräi dobäi no, wéi déi de Geck mat hinnen maachen. Si wieren déi perfekte Koppel, mengen se. Firwat hien sech dat undeet, freet en sech ëmmer an ëmmer erëm.
Ee freet, firwat hatt nëmmen Limonad drénkt. Hien weess et besser: hien weess, wat an sengem Glas wierklech dran ass, firwat et dat Gedrénks esou gär huet, a firwat et et sou schnell drénkt. Mee en dierf et net méi wëssen. En dierf net méi wëssen, wat seng zwee Härzenswënsch sinn, déi et huet zanter et dräi Joer al war. En dierf net méi wëssen, wéi heemlech et sech ufilllt wann hatt him de ganzen Owend mat der Hand duerch d’Hoer fiert. En dierf net méi wëssen, wéi vollkommen sech säi Liewen ufillt wann en hatt am Aarm huet.

Hatt geet, ouni e Grond ze nennen. Déi aner froen net no, hien weess, dass et Kloteren geet, wéi all Woch em des Zäit. Hien bleift sëtzen, eleng mat deenen aneren dräi. Een vun hinnen mengt, hatt an hien, si géingen gutt zesummen passen, well een op Meilen gesäit wéi gär si sech hunn. Hien laacht gequält, denkt, wann et nëmmen sou einfach wier, trotz allem sinn ech dach nach verréckt no ëm. Am léifsten géing en jäizen, fortlafen, mä e weess net wouhinner, an e weess net ob a wéi e jemols kéint zeréckkommen.
Ass hatt eigentlech schéin, freet een aneren, ech kann mech einfach net entscheeden. Déi dräi eenegen sech op ee Jo, dann diskutéieren se driwwer, wéi hatt wuel am Bett wier. Firwat en sech dat undeet, freet en sech emmer an ëmmer erëm, während en den Drang ënnerdréckt sech z’iwwerginn. Wat mengs du, freet een. Wat, freet hien zeréck. Seng Ignoranz ass nemmen gestallt, e wëll sech schützen firun där onausweichlecher Fro. Wéi hatt wuel am Bett ass, erklärt een aneren. Hien drénkt säi Béier op Ex, geheit seng Fritten ewech an geet. En dierf et net méi wëssen.

9 thoughts on “En dierf et net méi wëssen.”

  1. Wow²
    Den eischten Wow, well et op lëtzebuergesch ass an daat ongewinnt schéin ass. (Net, daat ech dorunner gezweifelt hätt, daats du schéin schreiwen kéins, mee op lëtzebuergesch ass daat dann nach eng Gretz méi schwéier, hunn ech d’Gefill…) Enzeg “op sain Béier kuckend” stéiert mech beim zweeten Liesen e bessi.
    An deen zweeten, well … hach, doweinst eben.

  2. Merci! Ech duercht mer et wier un der Zait mol eng Keier eppes op Letzebuergesch ze schreiwen. Ech liesen “zevill” Luxemburgensia a leschter Zait. :)
    Jo, deen Deel fannen ech selwer e bessen louche. Mee ech hunn nach net rausfonnt, wei ech deen keinnt emschreiwen ouni, dass en mer de Saz versaut.

  3. Schéin (traureg)! Villeicht fannen ech en och grad esou gudd wëll ech an der “richteger” Stemmung dofir sinn an/oder déi richteg Musëk am Hannergrond leeft. Super Text awer ;)

  4. Ech deelen dem Joël seng Begeeschterung well s du deen Text op Lëtzebuergesch geschriwwen hues. Vum Opbau gefält e mer ganz gutt, mam Spellchecker kéins du bestëmmt nach e puer Wierder verbesseren wat d’Rechtschreiwung ubelaangt, wann s du schonn d’Luxemburgensia ernimms (z.B. firun -> virun oder do wou den ‘n’ duerch d’Äifeler Regel wegfält). Mech huet och de Partizip Präsens gestéiert, ech froe mech ob deen iwwerhaapt am Lëtzebuergesche benotzt gëtt. Weider gefält mer och den Ausdrock “gequält” net, mä dat läit éischter u menger Präferenz fir original lëtzebuergesch Ausdréck wou et nëmme méiglech ass op Friemwierder ze verzichten (och wann déi am alldeegleche Sproochgebrauch vläicht vill méi heefeg benotzt ginn), ech hätt do “gepisaakt” virgezunn.

    Punkto Inhalt passt e ganz gutt bei d’LJM an ech kéint mer déi Szen am Fong och gutt als Songtext virstellen, manner ausgeschmückt natierlech a wuel éischter mat Reimen. Dofir d’Fro un den Tom: wéi eng Musek has du dann do am Hannergrond lafen?

  5. Du wees, dass et am Däitschen dat Verb “jmd. piesacken” gett? Ob Friemwierder ze verzichten ass guer net méiglech am Lëtzebuergeschen, vu dass et linguistesch gesin en muselfränkëschen Dialekt a keng Sprooch ass (och wann se aus politesche Grënn zu enger erklärt gouf). Och jéinesch Wierder sinn net original, dat ass e jiddëschen Dialekt. ;)
    Partizip Präsens färten ech ass mäin engleschen Afloss. :D
    Ech muss mer dee Spellchecker iergendwann eng Kéier mol installéiren. De Webinterface suckt.

  6. E scheinen Text.

    De Webinterface suckt.
    *lol* Dee mat Oofstand modernsten lëtzebugeschen Saatz den ech an der läscht gelies hun.

  7. @ Georges

    Wann ech mech net ieren war dee Moment grad “Lessons Learned” vum Ray LaMontagne gelaaf. ;)

  8. @ Thierry: “piesacken” assoziéieren ech a mengem Wuertschaz manner mam Däitschen wéi dat fir “quälen” de Fall ass, dofir zéien ech et am Lëtzebuergeschen vir. Du hues natierlech Recht, dass d’Lëtzebuergescht linguistesch gesinn eng speziell Situatioun anhëlt, mä grad dowéinst fannen ech et wichteg, dass a lëtzebuergesche Produktiounen déi Ausdréck benotzt ginn, déi eis Sprooch vun de Friemsproochen ofhiewen (quitte, dass déi Friemsproochen a Wierklechkeet wéi gesot guer net sou “friem” sinn), well se eben net sou oft (tjëft, selwer an d’Fal getappt, “heefeg” géif mengem Goût besser entspriechen ;) ) am vun der Allgemengheet gebrauchte Lëtzebuergesch virkommen.

    @ Tom: Merci fir d’Info, dat passt nawell wierklech bei dësen Text.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *