Mäin Austrëtt aus der Kierch

Fir ewech: näischt heivunner soll eng Kritik un mengen Elteren duerstellen fir meng Erzéiung. Meng Elteren hunn mech zwar ewéi déi meeschten lëtzebuergesch Elteren déi chrëschtleche Ritualen (Daf, Kommioun, Beicht, Firmung) maache gelooss, mee si sinn déi beschten Elteren op der Welt. Si hunn mir vill wertvoll Werter mat op de Wee ginn an wann si mech net zu engem kritesch denkende Mënsch erzunn hätten, hätt ech mech ni esou mat mengem Glaawen auserneensetzen kënnen.

Zanter kuerzem kann een sech, wéi déi meescht mëttlerweil dierfte matkritt hunn, op fräiheet.lu e Formulaire eroflueden, deen et engem erlaabt onkomplizéiert a séier aus der Kierch auszetrieden. De Grommel huet seng Zweifel, op dat wierklech esou gudd ass ewéi dat kléngt, an ech, iwweraschenderweis, och.
Während de Grommel sech méi em déi sozial Aspekter suergt, steet fir mech allerdéngs fest, dass d’Kierch onwidderufflech een Iwwel ass, deen aus der Welt muss geschaaft ginn. Wéi also kann ech, trotz null Respekt fir d’Kierch an hier Unhänger, elo dorunner zweifelen, dass mäin Austrëtt richteg wier? Obwuel ech wëll austrieden an mer sécher sinn, dass ech dat och maachen wert, hunn ech mech mat menger eegener Entscheedung nach net offonnt.
Jo, mir gëtt et doudschlecht wann ech an enger Mass sëtzen (hutt der schon eng Kéier eppes esou gehaasst, dass et ierch physesch ofstéisst?) an jo, ech gesinn mech als Antitheist. Mee ech sinn gedeeft (okay, ech hat kee Choix, an halen dat Ritual fir zimlech lächerlech), an ech hunn d’Kommioun gemaach (deemols war ech nach gleeweg, mee dat Ritual war och net wierklech ee Choix – hey, et gouf gudd z’iessen a vill Cadeauen, wéi ee Kand seet do nee?). Ech hunn d’Beicht ofgeluecht (do hunn ech awer nëmmen Ligen verzielt), an ech gouf gefirmt (dat war mäi Choix). Ech war an enger kathoulescher Privatschoul wou all Moien gebied gouf, ech sinn an der Oktav gepilgert, an ech hunn mech dobäi wuelgefillt. Éierlech gesot, denken ech esouguer haut nach gären un déi Zäit zeréck. Ech hat eng Zäit laang ee Kräiz a mengem Zëmmer hänken an hunn gebied. Dofir schummen ech mech och net, deemols war ech eben dee Mënsch. Ech hunn iergendwou a mengem Kapp déi vague Virstellung an der Kierch bestued ze ginn. Ech fannen déi jüdesch Traditioun d’Wäiglas ze zertrëppelen awer immens schéin, a wann ech driwwer nodenken, wéillt ech léiwer an engem Baldachin ënnert oppenem Himmel bestued ginn wéi an enger Kierch. Ech wëll net zum Judentum konvertéiren – mee net-Chrëscht ze sinn géing mer meng Méiglechkeeten awer vergréisseren, meng Hochzäit méi ze gestalten, dass ech mech dobäi och wuel fillen. Well beim Gedanken, dass ech op menger Hochzäit sollt dem Gequasel vun engem Paschtouer mussen nolauschteren kënnt et mer elo schon héich. (Lo kënnt natirlech een a seet mir: a wann dann deng zukünfteg Fra… Mee serieux mol, esou krass ewéi déi reliéis Virstellungen menger Liewenastellung widderspriechen, ass d’Chance mech an sou e Mënsch ze verléiwen dach extreem geréng). Ech wëll kee reliéist Begriefnis (wëll awer definitiv begruewen an net verbrannt ginn).
Kuerz: d’Relioun mécht een net onwichtegen Deel vun deem aus, deen ech sinn. Och wann ech mech verännert hunn an dee Glaawen längst ofgeluecht hunn – Mithrasseidank! – , een offiziellt Dokument ze hunn dat mir beweist, dass alles dat wat ech am Zesummenhang mat der Kierch als Kand gemaach hunn elo net méi zielt – dat ass eng Virstellung déi mech erschreckt. Et kann ee mech hypokritesch nennen – ech fachen bei all Geleegenheet gléint d’Kierch, a wann et driwwer hier geet sinn ech net konsequent. Mäin Dilemma ass: wéi bleiwen ech mir selwer trei (trieden also aus) a bleiwen mir selwer trei (läschen meng chrëschtlech Vergangenheet net aus).

De Pianocktail Mixtape Bengel – Lidd Nummer 6

De bloGeescht huet dem Staater de Bengel geklaut an mir en eriwwergeschoss. Well ech mer herno net wëll soen loossen, ech hätt genau sou laang op mech waarden gelooss, réagéiren ech dann emol prompt. Mäi Lidd ass vun der “kanadeschster schwedescher Band déi et gëtt” (ech wees net méi wou, mee ech hat dat eng Kéier an engem Review gelies, an et ass eng gudd Beschreiwung vun der Art Musék déi se maachen), an déi Auswiel war relativ séier getraff, well et net vill Lidder a mengem iTunes ginn, mat deenen ech esouvill wonnerbar Erënnerungen verbannen. Kennengeléiert hunn ech déi Band, wéi kann dat bei engem Mixtape 2.0 Bengel och anescht sinn, virun éiwegen Zäiten duerch ee Spreeblick Podcast.

Lidd Nummer 1
kennt vum Thorben
heescht Je t’emmène au vent vu Louise Attaque
bedeit him laang Owenter bis moies em véier am Flying mat sou villen Leit an esou villen gudden Momenter
an passt heibai

Lidd Nummer 2
kennt vum Chris
heescht Skinny Love vum Bon Iver
bedeit him e wonnerbaren Album, deen en am Dezember 2008 entdeckt huet a bis well rop a rof lauschtert
an passt heibai

Lidd Nummer 3
kennt vum Joël
heescht There Are Some Remedies Worse Than The Disease vun This Will Destroy You
bedeit him een Lidd, waat wéi gemaach ass fir dobai ze schreiwen, am Reen mam Auto ze fueren an dobai ze fëmmen, fir d’Gedanken op d’Rees iwert groniweleg Länner ze maachen, iwert denen en Zeppelin schwiewt
an passt heibai

Lidd Nummer 4
kennt vum Charel
heescht Bumbo vum Moondog
bedeit him een Lidd, waat ee fesselt an dobäi an eng parallel Welt eranzit, déi wäit eweg an dach nobäi ass. Eppes lieweges fléisst duerch seng musikalesch Oderen, de systolesche Rythmus erënnert de Charel un draamähnlech Sequenzen, déi e nëmmen aus Lynch Filmer an Luciden Dreem hier kennt.
an passt heibäi

Lidd Nummer 5
kënnt vum Georges
heescht The Ice Is Getting Thinner vun Death Cab for Cutie
bedeit him ee Lidd, dat souwuel de gelongenen Ausklang vun engem exzellenten Album duerstellt, wéi och eenzel gelauschtert zum Nodenken ureege kann, besonnesch wann et grad Vältesdag ass.
a passt heibäi.

Lidd Nummer 6
kënnt vum Thierry
heescht War on Sound vu The Moonbabies
bedeit him Zuchfueren duerch England mam Sara an erënnert hien emmer erem drun wéi glécklech en sech dierf schätzen esouvill wonnerbar Leit an sengem Liewen ze hunn
a passt bei all d’Fotoen un senger Mauer.

Ech schécken et weider un de Joël, well deen elo awer erem bloggt an ech keng Ahnung hunn, wéi eng Art Musék hien eigentlech lauschtert.

“I figured maybe if my heart stopped beating it wouldn’t hurt so bad.”

a playlist for the lonely hearts out there

God is an Astronaut – Fire Flies and Empty Skies
Rufus Wainwright – Not Ready To Love
Sigur Rós – Óskabörn þjóðarinnar
Minor Majority – She Gave Me Away
Ashtar Command – Into Dust
Liars – The Other Side of Mount Heart Attack
Wir Sind Helden – Stiller
Stone Sour – The Frozen
Spiritualized® – Death Take Your Fiddle
Hilmar Örn Hilmarsson – Schiller in China
David Byrne and Brian Eno – Everything That Happens
The Dandy Warhols – And Then I Dreamt Of Yes
Death Cab For Cutie – Bixby Canyon Bridge
Dead Heart Bloom – I Hope I Stop Fading
Nine Inch Nails – Ghosts I (Track 8)
Explosions in the Sky – So Long, Lonesome

Automatic Upgrade? Ni méi!

Dank automateschem WordPress Upgrade ass hei déi leschte Stonnen näischt gaangen. Mäin Template huet e mer komplett geläscht, meng Datenbank war futti an och mam default Theme ass näischt gaangen. Et leeft awer elo erem alles. Alles, ausser dem Design. Deen ass fort, well bei mengem leschte Backup eppes schief goung an alles do ass, ausser der CSS Datei – dem Härzstéck vun all Theme. Et bleiwt dann elo mol beim default Theme, bis ech Zäit a Loscht hunn ee neien ze schreiwen.

Eng Nuecht vu mengem Liewen verluer. Dee nächsten Upgrade gëtt erem manuell gemaach. Nondikass.

Edit: Well dee Kubrick Theme nun awer wierklech zevill bëlleg ausgesäit, hunn ech dann mol séier eppes méi minimalistesches zesummegekniwwelt. Dat ass net definitiv, mee fir de Moment gefällt mer dat besser wéi de WP Standard.

Left For You

to L.

Daylight’s broken in the shreds of despair,
drops of life are scatterbrained everywhere,
I spend my hours waking, trying not to go mad.
“I hate you,” was the last conversation we had.

For a while there you could’ve been my Susie Q,
but you… I smashed myself onto the ground.
Existence coalesced into shallow streams erring around,
still I find myself admitting: part of me is left for you.

Trying to fix a little broken heart with words so powerless,
trying to mend a hope that’s always seemed so tireless.
There was something of a feeling and none at all
when I read your words, “I hate you and not, withal.”

For a while there you could’ve been my Susie Q,
but you… I smashed myself onto the ground.
Existence coalesced into shallow streams erring around,
still I find myself admitting: part of me is left for you.

That glimmer in your eyes, your wonderful smile,
and your lovely randomness – they were a gift for a while
that my heart turned into a curse. Now you melted away
like the dancing stars on that August day,

and I see everyone wearing red as people in winter do,
that colour you hate – I see a friendship I let die away.
Now I know how futile hope was in its own addicting way,
and I come to realize, the friend in me will always love you.

And Then I Dreamt of Yes

Fir all déi vun iech, déi Musék lauschteren während se mäi Blog liesen an déi authentesch Experienz wëllen: während ech dat heiten schreiwen, leeft And Then I Dreamt of Yes vun The Dandy Warhols. Hei ass ee YouTube Video, falls der dat Lidd net hutt – shame on you.

Sinn ech masoschistesch, dass ech mech grad doriwwer freen wéi ech mech fillen? Färdeg mat de Nerven, voller Hoffnung, voller Angscht. Ewéi wann all Zell a mengem Kierper géing eenzel explodéiren. Sekonnenweis ass et mer egal, wéi dat elo ausgeet. De gréisste Recht vun der Zäit wëll ech, dass et gudd ausgeet, gleewen awer net dorunner. An muenchmol, fir e Moment oder och zwee, stellen ech mer fir wéi mäi Liewen sech veränneren wert wann et gudd ausgeet. Ech wees net wat maachen fir d’Zäit emzekréien bis d’Erléisung kënnt. Ech wëll mech an d’Bett leen, Musék lauschteren an d’Welt vergiessen. Ech wëll Saachen klengschloen. Ech wëll rausrennen op d’Strooss, an de Reen an duerch déi ganz Welt bierelen wéi gären ech et hunn.
Ech weess, dass ech haut den Owend wahrscheinlech keng Enwert kréien. Dofir kucken ech awer net manner oft op den Handy (wat ee Blödsinn, ech géing jo matkréien wann ech eng SMS kréich!). Ech weess net wat ech maachen wann déi Erléisung keng ass. An dach, ech weess, dat Gefill elo grad ass méi liicht z’erdroen wéi wann ech mech dëser Situatioun ni ausgesat hätt. Et huet mer eemol d’Härz gebrach, villäicht deet et bei der zweete Kéier net méi grad esouvill wéi. A wann dach, wat soll et? Verléiwtsinn ass dach dat, wat d’Liewen eréischt liewenswert mécht.

Ech kafen mer een Diplom.

Muench Deeg fällt et mer wierklech schwéier, mäi Vertrauen an de Mënsch net komplett ze verléieren. Virun e puer Deeg krut ech per Facebook ee Message geschéckt, vun engem Typ, deen ech virun e puer Joer kennegeléiert hunn well mer eng Rei gemeinsam Kollegen haten. Ech hunn en zanterhir (dräi oder vläit och véier Joer) net méi gesinn. Ech gouf gefrot, wou ech elo dru sinn a wat ech studéieren. Dat huet mech iwwerrascht, mä ech hunn mer nach näischt dobäi geduecht. An sengem zweete Message huet sech dunn erausgestallt, dass et just dorëm goung mech ze froen, ob ech engem Kolleg vun him – mol net him selwer! – kéint een Essai iwwert Shakespeare schreiwen, well deen dat anscheinend net selwer kann. Tough luck, you twat! Natierlech géing ech och dofir bezuelt ginn, anscheinend. Ech sollt dann och direkt ee Präiss nennen, deen ech géing fir akzeptabel halen. Ech wor geneigt z’änwerten, ënnert 1 Millioun Euro bräicht e net ugekroch ze kommen, mä éierlech gesot war et mer ze blöd iwwerhaapt zeréck ze schreiwen. Sollt ech mech éiere geéiert fillen, dass ech gefrot ginn? Och wann ech Anglistik studéieren, ech hunn genuch selwer ze léiere fir anere Leit hir Shakespeare Essaien ze schreiwen. Soll ech mech veraarscht fillen? Amfong kënnt dat deem am noosten, wat ech mer tatsächlech denken.

Glécklecherweis kann een op Facebook jo Persoune blocken.

Schnéiflacken

Hien sëtzt eleng an sengem Zëmmer. Ënnenan: eng Rei Leit, déi e virun e puer Wochen nach all als seng Frënn bezeechent hätt. Elo hält en et kaum nach aus, laang mat engem Deel vun hinnen am selwechte Raum ze sinn. Op Mënschen muss een sech kënnen verloossen, an hien huet geléiert déi Leit, déi déi Konditioun net erfëllen, efficace aus sengem Liewen ze verbannen. Zevill dacks krut en vun esou Leit wéi gedoen, well en hinnen eng zweet Chance ginn huet. Déi Leit an der Stuff, si soten him si géingen hien beneiden, well hien elo an enger vill besserer Positioun do steet ewéi si – hien hätt se am léifste geschloen, wouhier huelen si sech dat Recht op hien jalous ze sinn, si hunn en an den Eck gedréckt an hien huet mussen haart kämpfen fir an déi Positioun ze kommen.
Mee wat hien vill méi beschäftegt, de Grond firwat hien wierklech eleng a sengem Zëmmer sëtzt amplaz mat deenen aneren Pizza z’iessen ass hatt. Hien huet et och haut erëm gesinn – wéi hätt en net kënnen, hatt souz virun him hien ze fixéieren. Eppes war anescht – schlecht anescht – zumindest hat hien dat Gefill, mä dat louch vläit nëmmen dorunner, dass hien déi leschten Deeg nach méi oft un hatt geduecht huet ewéi souwisou schon.
Ier hatt an de Café koum, hunn déi aner erëm all vun hinnen zwee geschwat. Hien huet säin Hamburger giess, säi Béier gedronk, probéiert seng Gefiller ze verstoppen, net ze weisen, dass hien ënnerlëch zesummenfällt wat si méi vun hinnen zwee schwätzen. Déi aner hunn dat witzeg fonnt, si hunn gelaacht doriwwer, wéi hien keng Emotioun gewisen huet. Hien huet sech wéi verréckt op schéin Erënnerungen konzentréiert, fir net an Tréinen auszebriechen. D’Meedchen niewent him sot, et deet mer leed, du weess mir hunn dech dach all gären, an huet hien gedréckt. Normalerweis géing hien et ewechdrécken, laachen an soen, ech hunn iech awer net gären. Mee haut freet hien sech driwwer, an dréckt et och. Hien weess, dass eng Ëmarmung Endorphinen produzéiert, an d’Häerzfrequenz an d’Ootmung normaliséiert. Mee déi Virgäng sinn him dee Moment ganz egal. Et fillt sech einfach gutt un.
Hien probéiert ze vermeiden, hatt unzekucken. Et deet schon wéi et nëmmen do sëtzen ze wëssen. Näischt hëlleft, hien weess, en sollt sech freeën, dass hatt hien offensichtlech iergendwéi gären huet, mä dat geet him net duer. Et fillt sech un, wéi wann ee Stéck vun him selwer géing feelen, dat en zwar gesäit an och kann beréieren, mä dat ni wäert en Deel vun him sinn. All Kéier, wann si sech beréieren, ass dat, wéi wann säin Wonsch géing tëschent hinnen erdréckt ginn – ouni grousse Knall, just ee Knirschen, wéi Schnéiflacken ënnert hieren Schong am Wanter.