Schnéiflacken

Hien sëtzt eleng an sengem Zëmmer. Ënnenan: eng Rei Leit, déi e virun e puer Wochen nach all als seng Frënn bezeechent hätt. Elo hält en et kaum nach aus, laang mat engem Deel vun hinnen am selwechte Raum ze sinn. Op Mënschen muss een sech kënnen verloossen, an hien huet geléiert déi Leit, déi déi Konditioun net erfëllen, efficace aus sengem Liewen ze verbannen. Zevill dacks krut en vun esou Leit wéi gedoen, well en hinnen eng zweet Chance ginn huet. Déi Leit an der Stuff, si soten him si géingen hien beneiden, well hien elo an enger vill besserer Positioun do steet ewéi si – hien hätt se am léifste geschloen, wouhier huelen si sech dat Recht op hien jalous ze sinn, si hunn en an den Eck gedréckt an hien huet mussen haart kämpfen fir an déi Positioun ze kommen.
Mee wat hien vill méi beschäftegt, de Grond firwat hien wierklech eleng a sengem Zëmmer sëtzt amplaz mat deenen aneren Pizza z’iessen ass hatt. Hien huet et och haut erëm gesinn – wéi hätt en net kënnen, hatt souz virun him hien ze fixéieren. Eppes war anescht – schlecht anescht – zumindest hat hien dat Gefill, mä dat louch vläit nëmmen dorunner, dass hien déi leschten Deeg nach méi oft un hatt geduecht huet ewéi souwisou schon.
Ier hatt an de Café koum, hunn déi aner erëm all vun hinnen zwee geschwat. Hien huet säin Hamburger giess, säi Béier gedronk, probéiert seng Gefiller ze verstoppen, net ze weisen, dass hien ënnerlëch zesummenfällt wat si méi vun hinnen zwee schwätzen. Déi aner hunn dat witzeg fonnt, si hunn gelaacht doriwwer, wéi hien keng Emotioun gewisen huet. Hien huet sech wéi verréckt op schéin Erënnerungen konzentréiert, fir net an Tréinen auszebriechen. D’Meedchen niewent him sot, et deet mer leed, du weess mir hunn dech dach all gären, an huet hien gedréckt. Normalerweis géing hien et ewechdrécken, laachen an soen, ech hunn iech awer net gären. Mee haut freet hien sech driwwer, an dréckt et och. Hien weess, dass eng Ëmarmung Endorphinen produzéiert, an d’Häerzfrequenz an d’Ootmung normaliséiert. Mee déi Virgäng sinn him dee Moment ganz egal. Et fillt sech einfach gutt un.
Hien probéiert ze vermeiden, hatt unzekucken. Et deet schon wéi et nëmmen do sëtzen ze wëssen. Näischt hëlleft, hien weess, en sollt sech freeën, dass hatt hien offensichtlech iergendwéi gären huet, mä dat geet him net duer. Et fillt sech un, wéi wann ee Stéck vun him selwer géing feelen, dat en zwar gesäit an och kann beréieren, mä dat ni wäert en Deel vun him sinn. All Kéier, wann si sech beréieren, ass dat, wéi wann säin Wonsch géing tëschent hinnen erdréckt ginn – ouni grousse Knall, just ee Knirschen, wéi Schnéiflacken ënnert hieren Schong am Wanter.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *