Automatic Upgrade? Ni méi!

Dank automateschem WordPress Upgrade ass hei déi leschte Stonnen näischt gaangen. Mäin Template huet e mer komplett geläscht, meng Datenbank war futti an och mam default Theme ass näischt gaangen. Et leeft awer elo erem alles. Alles, ausser dem Design. Deen ass fort, well bei mengem leschte Backup eppes schief goung an alles do ass, ausser der CSS Datei – dem Härzstéck vun all Theme. Et bleiwt dann elo mol beim default Theme, bis ech Zäit a Loscht hunn ee neien ze schreiwen.

Eng Nuecht vu mengem Liewen verluer. Dee nächsten Upgrade gëtt erem manuell gemaach. Nondikass.

Edit: Well dee Kubrick Theme nun awer wierklech zevill bëlleg ausgesäit, hunn ech dann mol séier eppes méi minimalistesches zesummegekniwwelt. Dat ass net definitiv, mee fir de Moment gefällt mer dat besser wéi de WP Standard.

8 thoughts on “Automatic Upgrade? Ni méi!”

  1. Emgedréit, Mind Vault ass op mengem Server. Arghs. Dat war mer mol guer net opgefall. Emmerhin ginn all déi aner Säiten nach à la ljm…

  2. Bei mir ass den automateschen Update gaangen. Ech hat allerdéngs och bei engem Twitterer gelies, dass den Auto-Update säi Blog zerschoss huet an hien et dunn och manuell gemaacht huet. Kann et vläicht dru leien, dass op dengem Server zevill eng al PHP-Versioun leeft? Ech hat nämlech och eng Kéier massiv Problemer duerch e Plugin, an do louch et un enger aler PHP-Versioun. Bei mir leeft iwweregens 5.2.8.

  3. Un der PHP Versioun läit et garantéiert net, well ennert anerem läit och de Site vu les jeunes mélancoliques op mengem Server, an do ass alles riicht gaangen. An ech hat och iwwerall déi selwecht Pluginen installéiert, also kann et och net dorunner leien. Dat Ganzt kënnt mer e bëssen hit-and-miss fir.

    Getdropbox gesäit zwar intressant aus, mee ech sinn net esou de Fan vun Onlinestorage fir wichteg Dateien. Ech sécheren sou Saachen léiwer lokal op diversen HDDen ewéi et enger privater Firma ze ginn. An ech hunn jo ee Backup gehat, mee ausgerechent d’CSS Datei ass futti do, aus wéi engem Grond och emmer. -.-

  4. Wat ass dann do schief gaangen? Eisen Blog tuckert monter weider…obwuel eisen Hoster och eist Update aspillt (juhuu)

  5. WordPress hat offensichtlech décidéiert, mäin Theme wier net gudd genug, an huet dem wp-content och een “Upgrade” verschaaft. -.- Doduercher war mäi Theme natirlech fort, an WordPress huet den SadAutumn Theme net méi konnte lueden, war awer ze blöd automatesch op d’default Theme zeréckzeschalten.

  6. Ech weess zwar lo net méi ob ech den Theme-Wiessel beim Upgrade respektéiert hat, mä soll een net souwisou virum Upgrade all d’Plugins desaktivéieren an op den Default-Theme zréckwiesselen?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *