De Pianocktail Mixtape Bengel – Lidd Nummer 6

De bloGeescht huet dem Staater de Bengel geklaut an mir en eriwwergeschoss. Well ech mer herno net wëll soen loossen, ech hätt genau sou laang op mech waarden gelooss, réagéiren ech dann emol prompt. Mäi Lidd ass vun der “kanadeschster schwedescher Band déi et gëtt” (ech wees net méi wou, mee ech hat dat eng Kéier an engem Review gelies, an et ass eng gudd Beschreiwung vun der Art Musék déi se maachen), an déi Auswiel war relativ séier getraff, well et net vill Lidder a mengem iTunes ginn, mat deenen ech esouvill wonnerbar Erënnerungen verbannen. Kennengeléiert hunn ech déi Band, wéi kann dat bei engem Mixtape 2.0 Bengel och anescht sinn, virun éiwegen Zäiten duerch ee Spreeblick Podcast.

Lidd Nummer 1
kennt vum Thorben
heescht Je t’emmène au vent vu Louise Attaque
bedeit him laang Owenter bis moies em véier am Flying mat sou villen Leit an esou villen gudden Momenter
an passt heibai

Lidd Nummer 2
kennt vum Chris
heescht Skinny Love vum Bon Iver
bedeit him e wonnerbaren Album, deen en am Dezember 2008 entdeckt huet a bis well rop a rof lauschtert
an passt heibai

Lidd Nummer 3
kennt vum Joël
heescht There Are Some Remedies Worse Than The Disease vun This Will Destroy You
bedeit him een Lidd, waat wéi gemaach ass fir dobai ze schreiwen, am Reen mam Auto ze fueren an dobai ze fëmmen, fir d’Gedanken op d’Rees iwert groniweleg Länner ze maachen, iwert denen en Zeppelin schwiewt
an passt heibai

Lidd Nummer 4
kennt vum Charel
heescht Bumbo vum Moondog
bedeit him een Lidd, waat ee fesselt an dobäi an eng parallel Welt eranzit, déi wäit eweg an dach nobäi ass. Eppes lieweges fléisst duerch seng musikalesch Oderen, de systolesche Rythmus erënnert de Charel un draamähnlech Sequenzen, déi e nëmmen aus Lynch Filmer an Luciden Dreem hier kennt.
an passt heibäi

Lidd Nummer 5
kënnt vum Georges
heescht The Ice Is Getting Thinner vun Death Cab for Cutie
bedeit him ee Lidd, dat souwuel de gelongenen Ausklang vun engem exzellenten Album duerstellt, wéi och eenzel gelauschtert zum Nodenken ureege kann, besonnesch wann et grad Vältesdag ass.
a passt heibäi.

Lidd Nummer 6
kënnt vum Thierry
heescht War on Sound vu The Moonbabies
bedeit him Zuchfueren duerch England mam Sara an erënnert hien emmer erem drun wéi glécklech en sech dierf schätzen esouvill wonnerbar Leit an sengem Liewen ze hunn
a passt bei all d’Fotoen un senger Mauer.

Ech schécken et weider un de Joël, well deen elo awer erem bloggt an ech keng Ahnung hunn, wéi eng Art Musék hien eigentlech lauschtert.

5 thoughts on “De Pianocktail Mixtape Bengel – Lidd Nummer 6”

  1. Flotte Choix a schmëssegen Iwwergank an di zweet Hallschent vum Mixtape. Dobäi sinn dat déi éischt Band an dëser Playlist, vun deenen ech virdrun nach näischt héieren hat. :)

    Ech hat iwweregens och un de Joël geduecht fir de Bengel weiderzeschéissen, mä iergendwéi hat ech mer geduecht, dass du diselwecht Iddi kéins hunn. An d’Gestaltung vun denger Mauer gefält mer.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *