Mäin Austrëtt aus der Kierch

Fir ewech: näischt heivunner soll eng Kritik un mengen Elteren duerstellen fir meng Erzéiung. Meng Elteren hunn mech zwar ewéi déi meeschten lëtzebuergesch Elteren déi chrëschtleche Ritualen (Daf, Kommioun, Beicht, Firmung) maache gelooss, mee si sinn déi beschten Elteren op der Welt. Si hunn mir vill wertvoll Werter mat op de Wee ginn an wann si mech net zu engem kritesch denkende Mënsch erzunn hätten, hätt ech mech ni esou mat mengem Glaawen auserneensetzen kënnen.

Zanter kuerzem kann een sech, wéi déi meescht mëttlerweil dierfte matkritt hunn, op fräiheet.lu e Formulaire eroflueden, deen et engem erlaabt onkomplizéiert a séier aus der Kierch auszetrieden. De Grommel huet seng Zweifel, op dat wierklech esou gudd ass ewéi dat kléngt, an ech, iwweraschenderweis, och.
Während de Grommel sech méi em déi sozial Aspekter suergt, steet fir mech allerdéngs fest, dass d’Kierch onwidderufflech een Iwwel ass, deen aus der Welt muss geschaaft ginn. Wéi also kann ech, trotz null Respekt fir d’Kierch an hier Unhänger, elo dorunner zweifelen, dass mäin Austrëtt richteg wier? Obwuel ech wëll austrieden an mer sécher sinn, dass ech dat och maachen wert, hunn ech mech mat menger eegener Entscheedung nach net offonnt.
Jo, mir gëtt et doudschlecht wann ech an enger Mass sëtzen (hutt der schon eng Kéier eppes esou gehaasst, dass et ierch physesch ofstéisst?) an jo, ech gesinn mech als Antitheist. Mee ech sinn gedeeft (okay, ech hat kee Choix, an halen dat Ritual fir zimlech lächerlech), an ech hunn d’Kommioun gemaach (deemols war ech nach gleeweg, mee dat Ritual war och net wierklech ee Choix – hey, et gouf gudd z’iessen a vill Cadeauen, wéi ee Kand seet do nee?). Ech hunn d’Beicht ofgeluecht (do hunn ech awer nëmmen Ligen verzielt), an ech gouf gefirmt (dat war mäi Choix). Ech war an enger kathoulescher Privatschoul wou all Moien gebied gouf, ech sinn an der Oktav gepilgert, an ech hunn mech dobäi wuelgefillt. Éierlech gesot, denken ech esouguer haut nach gären un déi Zäit zeréck. Ech hat eng Zäit laang ee Kräiz a mengem Zëmmer hänken an hunn gebied. Dofir schummen ech mech och net, deemols war ech eben dee Mënsch. Ech hunn iergendwou a mengem Kapp déi vague Virstellung an der Kierch bestued ze ginn. Ech fannen déi jüdesch Traditioun d’Wäiglas ze zertrëppelen awer immens schéin, a wann ech driwwer nodenken, wéillt ech léiwer an engem Baldachin ënnert oppenem Himmel bestued ginn wéi an enger Kierch. Ech wëll net zum Judentum konvertéiren – mee net-Chrëscht ze sinn géing mer meng Méiglechkeeten awer vergréisseren, meng Hochzäit méi ze gestalten, dass ech mech dobäi och wuel fillen. Well beim Gedanken, dass ech op menger Hochzäit sollt dem Gequasel vun engem Paschtouer mussen nolauschteren kënnt et mer elo schon héich. (Lo kënnt natirlech een a seet mir: a wann dann deng zukünfteg Fra… Mee serieux mol, esou krass ewéi déi reliéis Virstellungen menger Liewenastellung widderspriechen, ass d’Chance mech an sou e Mënsch ze verléiwen dach extreem geréng). Ech wëll kee reliéist Begriefnis (wëll awer definitiv begruewen an net verbrannt ginn).
Kuerz: d’Relioun mécht een net onwichtegen Deel vun deem aus, deen ech sinn. Och wann ech mech verännert hunn an dee Glaawen längst ofgeluecht hunn – Mithrasseidank! – , een offiziellt Dokument ze hunn dat mir beweist, dass alles dat wat ech am Zesummenhang mat der Kierch als Kand gemaach hunn elo net méi zielt – dat ass eng Virstellung déi mech erschreckt. Et kann ee mech hypokritesch nennen – ech fachen bei all Geleegenheet gléint d’Kierch, a wann et driwwer hier geet sinn ech net konsequent. Mäin Dilemma ass: wéi bleiwen ech mir selwer trei (trieden also aus) a bleiwen mir selwer trei (läschen meng chrëschtlech Vergangenheet net aus).

12 thoughts on “Mäin Austrëtt aus der Kierch”

  1. Interessanten Post, zumools däin Dilemma aus enger ganz anerer Richtung kënt. Die ganz Problematik wéisst einfach, dass seelen eppes schwaarz a wäiss ass. Mir mëcht meng Vergaangenheet an der Kierch awer manner Problemer, ech woer souwiesou nie ganz iwwerzeegt dobäi. Massendënger woer ech haaptsächlech well dat eng Konditioun woer fir däerfen Klibberen ze goen an e puer Sou dovunner ze kréien. Kommunioun: schéint Fest mat ville Kadoen. Wéis du soos: Wat fir en Kand seet do nee? D’Firmung hätt ech mer allerdëngs spueren kënnen, mee bon. Do ass een halt jonk, bëssen Mitläufer, well och d’Grousselteren net schockéieren, etc.

    Mee perséinlech muss ech mech och ëmmer schudderen, wann ech deen Nonsense an der Kierch héieren (duerfir wier eng Hochzäit an deem Kader schwiereg, ech giff permanent d’Aan verdréinen) an froen mech op die aner, déi sou andächteg do stinn, iwwerhaapt wirklech LAUSCHTEREN, wat do gesot gët? Oder op dat einfach sou iwwert sie hinwegspullt, wéi en agréabel Sommerbrise: irgendwéi vague and ondefinéiert, mee fillt sech gutt un. Mee bon, jedem Tierchen säin Plaisirchen, wéi gesot. Soulaang een aner anstänneg Läit an hier Meenungen respektéiert hunn ech näischt dogéint.

    Egal wéi wäert et awer doropper rauslafen, dass ech austrieden wäert.

  2. Zu dengem Dilemma nach:

    A wanns de d’Vergaangenheet einfach als genau dat unerkenns: d’Vergaangenheet? Wats de deemools gemaach hues, hat deemools gepasst an woer deemools richteg. Lo huet degn Vue sech geännert, firwat also net och deng Memberskaart? Zumools de jo keng gesellschaftlech oder sozial Problemer gesäiss.

    Mat der Memberskaart ënnerstëtzt een jo eigentlech stillschweigend och all deen Brach an die Ongerechtegkeeten vun der kathoulescher Kierch. An dat geet mir mol ëmmerhin ëmmer méi géint de Strëch.

  3. @Thierry:

    Ech hu mech jo scho beim Grommel méi ausführlech zu dësem Thema geäussert, dofir wëll ech aus dengen Iwwerleeungen just folgendes kommentéieren:

    > Ech hunn iergendwou a mengem Kapp déi vague Virstellung an der Kierch bestued ze ginn.

    > Well beim Gedanken, dass ech op menger Hochzäit sollt dem Gequasel vun engem Paschtouer mussen nolauschteren kënnt et mer elo schon héich.

    Ech war eemol op enger kierchlecher Hochzäit, déi zwar och nom klassesche Gottesdéngscht-Modell opgebaut war, bei där de Begrëff “Gequasel” awer absolut onpassend gewiescht wier. Wann s du domat di rituell Spréchelcher bei der Eucharistie mengs, okay, dann nenn dat alt ebe Gequasel, dat ass awer dann net dem Paschtouer seng Schold, dat ass wéi wann s de an der Alldagskommunikatioun mat engem iwwert d’Wieder schwätz.

    Wourop et bei der Feier ukënnt ass dat Ronderëm, dat wat de Paschtouer soss nach an där Feier seet, wat sech op d’Koppel bezitt. An zwar déi bestëmmte Koppel déi hie bestid, an net allgemeng Considératiounen. Dat setzt natierlech viraus, dass de Paschtouer déi Leit bis zu engem gewësse Mooss kennt. An dat war eben bei där Hochzäit déi ech a gudder Erënnerung hunn de Fall. Dee Paschtouer huet net wéi e “Paf” geschwat, mä wéi ee Philosoph. An en huet d’Koppel scho méi laang virdru kannt, net réischt duerch sou ee Brautexamen (gëtt dat iwwerhaapt nach verlaangt haut?)

    Vun dohier mengen ech, dass deng zwou Positiounen mol guer net sou onkompatibel musse sinn. Et läit haaptsächlech an den Hänn vun der geeschtlecher Persoun, déi bereet wier, déi Feier ze gestalten, ob et dir dobäi héich kéim oder net.

  4. Kann ech immens gudd novollzéihen, mir ged et nämlech exakt d’selwescht. (minus déi katholesch Schoul)

  5. Grommel:
    Massendénger wor ech ni, an beim Klibberen hunn ech ni dierfte matgoen. Dat gouf vun der Noperschaftsmafia organiséiert, an ech war ni ee vun de “coole” Kanner (deemols war ech traureg dodriwwer, haut sinn ech frou, dass ech ni vill mat deenen Leit ze dinn hat). Liichte sinn ech bei menge Grousselteren an der Strooss gaangen, do wren d’Leit wäitaus méi frëndlech.

    Wéi ech d’Firmung gemaach hunn, wor ech grad an der Ste Sophie, an fir eng kuerz Zäit och relativ gleeweg (Kräiz iwwert dem Schreifdësch, quoi). Réckbléckend bedeit mer meng Firmung als solch guer näischt, mee et war eben ee Ritual dat ech deemols aus eegenem Choix gemaach hunn.

    De Problem, deen ech mam stëllen Akzeptéiren vun de Priedegten hunn ass, dass déi stëll Basis d’Fundament ass fir déi mächteg Spëtzt. Wann d’Leit et net géingen einfach esou iwwert sech lafen loossen an austrieden, dann wär d’Kierch ganz séier eng kleng Randgrupp déi näischt méi ze soen hätt.

    Ech fannen dat Beispill mat der Memberskaart relativ gudd. Ech wollt mer lo en Géigenargument afalen loossen, mee amfong steet dat zimlech fest do.

    Wéi gesot, meng Entscheedung ass amfong scho getraff, ech muss mech just nach domatter offannen. :)

    Georges:
    Mat Gequasel hat ech déi Standardsätz während enger Mass gemengt, jo. Ech ginn dem Paschtouer och net d’Schold dorunner (ofgesinn dovunner, dass ech kee Respekt virun engem Paschtouer als solchen hunn, mee dat ass eng aner Diskussioun).

    Ech wëll kee Paschtouer, dee philosophéiert. Ech wëll och keng Kierch (och wann mech déi Architektur deelweis faszinéiert). Ech erkennen net, firwat e Paschtouer sollt besser sinn ewéi een Schäffen.

    A wéi gesot, eigentlech gefällt mer d’Virstellung vun engem Baldachin ennert oppenem Himmel vill besser. D’Hochzäit an enger Kierch ass mengen ech just een Iwwerbleibsel vun enger Weltsicht, déi ech eemol hat.

    Hei op der Insel gëtt et zum Beispill ee Schlass, dat fir Hochzäiten verlount gëtt. (Ech hunn de Numm vergiess, ech hat eng Kéier eng Émissioun driwwer gesinn d’lescht Joer.) Esou eppes mat zivilem Bestiednis géing ech méi schéi fannen, ewéi eng Plaz an eng Weltsicht bei där ech mech direkt onwuel fillen. Do ass et och egal, wien nierwt mer steet. :)

  6. Hm dat do ass zu 99.9% (minus jüdescht Glas Trëppelen) dat wat mer säit längerem duerch de Kapp geet. Lo brauch ech et net selwer ze posten :-)

  7. ack minus Privatschoul.
    Wéi een austrieden kann ouni seng Vergaangenheet auszeläschen ass einfach. Et trett een aus. Läscht awer seng Vergaangenheet net.
    Ech hu mir, éier ech ob “Send” gedreckt hun, och déi Fro gestallt ob dat net alles soll nichteg sin.
    An ech ka vill Prinzipien, déi ech an der Kierch geschwuer hun och nach elo vertrieden (Respekt, Nächstenléift, Bla bla bla) an ech erkennen un, dat eis europäesch Kultur deelweis dorobber baséiert an dat d’Bibel clever Usätz huet. Dat hält mech awer net dovunner oof ze soen: Ech behalen déi Usätz, gleewen awer net un eng kathoulesch Kierch.

  8. @Georges:

    Mee en Paschtouer, deen méi Philosoph wéi Paf ass, verréit awer seng eegen Professioun. Entweder hien gleewt wirklech un déi Saachen, déi an der Bibel stinn an déi den Vatikan vertrëtt oder net. Mee an deem läschteren ass en net méi wéi eng Zort Hypokrit oder Hochstapler. Firwat ass en dann Paschtouer ginn?

    Ech kann just eng, a mengen Aan, valabel Excuse fir sou en Paschtouer fannen: säi Wonsch woer et fir den Mënschen ’emotionell an psychologesch’ ze hëllefen an vue hier Gréisst an Zuel vun Memberen woer d’Kierch dunn die ideal Plaz.

    Trotzdem huet dat Ganzt awer en schalen Bäigeschmaach, wa mol net hien, e Member vum Personal!, selwer zu all deenen Dogmen steet. Wat bedéit d’kathoulesch Kierch dann iwwerhaapt? E Club, wou jidereen maachen kann, wat en wëll? Wou d’Personal selwer die offiziell Richtlinien & Glaawenskonzepter net eescht hëllt?

    Kënt dat Ganzt dann net op en riesegen Selbstbetrug/täuschung eraus? Eng Illusioun, déi nëmmen bestoen kann, well keen sech traut, dass de Kinnek am Fong keng Kleeder un huet?

    A wann jo, firwat kann een dann déi selwecht Saachen (Nächstenhëllef, philosophesch Gedanken, etc) net an engem Kader man, wou et rationalen Läit net héich kënt, wann nees irgend en irrationalen, iwwernatiirlechen, inkohärenten Kabes erzielt gët?

    A verstéi mech net falsch! Meng Intentioun ass net dech perséinlech oder deng Vue ze attackéieren. Ech kann se just net novollzéien … aus deenen uewen genanntenen Grënn. Ech wier awer un engem Kommentaire vun dir interesséiert :)

  9. @Grommel:

    > Mee en Paschtouer, deen méi Philosoph wéi Paf ass, verréit awer seng eegen Professioun. Entweder hien gleewt wirklech un déi Saachen, déi an der Bibel stinn an déi den Vatikan vertrëtt oder net. Mee an deem läschteren ass en net méi wéi eng Zort Hypokrit oder Hochstapler. Firwat ass en dann Paschtouer ginn?

    Du hues sécherlech Recht, op dee Widdersproch hinzeweisen, ech fannen et awer e bëssen zevill simplistesch fir e Paschtouer deen net an allem 100%eg sou agéiert wéi de Vatikan oder d’Bibel et virschreift als ‘Zort Hypokrit’ ze bezeechnen. E Paschtouer ass och e Mënsch a grad wann en sech eben net tselwecht wéi säin oberste Chef behëlt, mä och nach gesonde Mënscheverstand besëtzt, verdéngt en als solche Mënsch mäi Respekt bei deenen Aktiounen wou e Leit Guddes deet, och wann deen Akt am Fong nëmme symbolesch ass.

    > Trotzdem huet dat Ganzt awer en schalen Bäigeschmaach, wa mol net hien, e Member vum Personal!, selwer zu all deenen Dogmen steet. Wat bedéit d’kathoulesch Kierch dann iwwerhaapt? E Club, wou jidereen maachen kann, wat en wëll? Wou d’Personal selwer die offiziell Richtlinien & Glaawenskonzepter net eescht hëllt?

    Hei weess ech lo net op wat s de rauswëlls, mä wier dir eng Kierch wou jiddereen, d.h. d’Personal AN d’Gleewecher, integral no de Leitsätz vum Poopst agéiere géif, deemno just aus Fundamentaliste bestoe géif, léiwer?

    > Kënt dat Ganzt dann net op en riesegen Selbstbetrug/täuschung eraus? Eng Illusioun, déi nëmmen bestoen kann, well keen sech traut, dass de Kinnek am Fong keng Kleeder un huet?

    Wat wier schlecht dorun, wa Leit sech selwer täusche wëllen fir hiert eegent Liewen besser gestalten, erdroen, verwierklechen ze kënnen, soulaang si kengem aneren domadder wéi dinn? Ech hu kee Problem mat Gleewegen, soulaang si net ufänken ze missionéieren oder anerer duerch d’Ausüben vun hierem Glawen a Gefor ze bréngen a wann se dee Glawen privat ausüben an net z.B. Netgleeweger zwéngen, hier Symboler an deem Raum ze loossen wou déi schaffen, wéi dat beispillsweis an Italien de Fall ass.

    > A wann jo, firwat kann een dann déi selwecht Saachen (Nächstenhëllef, philosophesch Gedanken, etc) net an engem Kader man, wou et rationalen Läit net héich kënt, wann nees irgend en irrationalen, iwwernatiirlechen, inkohärenten Kabes erzielt gët?

    Dat kann een natierlech, am beschten am alldeeglechen Ëmgank mat den Nächsten.

    Wat lo eng Hochzäitsfeier ugeet, do huet den Thierry jo schonn e schéine Virschlag gemaacht, vun deem ech bestëmmt och direkt profitéiert hätt, wann ech déi Méiglechkeet gehat hätt. Ech gönnen awer och deene Leit, déi net méi Affinitéit fir deen irrationalen Brimborium hunn wéi mir, awer vläicht e vill manner ëmpfindleche Mo, de Plëséier vun enger kierchlecher Hochzäit. An och wann de Fait, dass si déi Zeremonie an Usproch huelen ouni déi dobäi vermëttelt Ritualer à la lettre eescht ze huelen, eventuell als hypokrit ugesi gëtt, sou géif ech mech awer hidden, déi Persounen als hypokrit ze bezeechnen. Da vläicht éischter als solcher, déi sech d’Kiischte vum Kuch erofpicken. A wat wier dann och dobäi, wann dee Kuch mir selwer souwisou net schmaacht?

    > A verstéi mech net falsch! Meng Intentioun ass net dech perséinlech oder deng Vue ze attackéieren. Ech kann se just net novollzéien … aus deenen uewen genanntenen Grënn. Ech wier awer un engem Kommentaire vun dir interesséiert :)

    Ech weess net ob meng Vue kloer genuch riwwerkënnt, dofir probéieren ech nach eng Kéier e kuerze Fazit ze zéien:
    – D’Institutioun Kierch ass en kontradiktoresche Veräin.
    – D’Membere vun deem Veräin däerfen d’kierchlech Servicer unhuelen, wa si doduerch méi glécklech sinn an deenen aneren net schueden domat.
    – Weltlech Alternativen fir Net-Gleeweger wieren ze begréissen (z.B. Hochzäitsfeier) a missten genausou vill Unerkennung hunn wéi déi kierchlech Servicer – ënner deene selwechte Bedingungen (glécklech ginn ouni aneren ze schueden).

  10. Ech maachen e kategoreschen Ënnerscheet tëscht der romanesch-chrëschtlecher Relioun, (der Legislativ) an der Kierch (d’ Executiv).
    An ech fuere gutt domatt.

  11. Joël:

    Romantesch-chrëschtlech Religioun? Wat genau mengs de do? Ech empfehlen der dem Johannes seng Apokalypse eng Kéier ze liesen … An net ze vergiessen, dass den Jesus, selon Matthäus sot, hie wiert just fir d’Judden kommen.

    Ech mengen allerdëngs ze wëssen, wats de mengs :Peace & Love, richteg? Dat ass awer och réischt nees eng méi rezent Tendenz vun engem Deel vum Chrëschtentum. Do virdrun woer ‘Fire and Brimstone’ Chrëschtentum ganz populär …

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *