Polarkreess

Zéiflësseg Trauregkeet. Melancholesch drëpst se wéi Ueleg op een gliddege Steen, deen trotz all Beméien net brennen wëll. Uewen, am Himmel, dovunner probéieren ech mech z’iwwerzeegen: d’Silhouette vun engem Zeppelin. Mee hien huet jo keen.
Ech war um Buedem zerstéiert, wéi de Nate Fisher jr gestuerwen ass. Joerelaang hat ech mat deem Personnage gelidden a mech gefreet, hat ech mech mat em identifizéiert. Wéi hien gestuerwen ass, ass een Deel vu mir gestuerwen. Ech war dem Fitzgerald säi Gatsby, ech war dem Hesse säin Sinclair, ech war an dem Gavalda säi Camille verléiwt, ech hunn duerch dem Pirandello säi Vitangelo geléiert d’Welt nei ze verstoen. An elo… Elo halen ech mech um Hank Moody fest, deen muenchmol esouvill ass ewéi ech, dass et wéi deet ze gesinn wéi hien emmer erem um Liewen scheitert. Mee enges Dags, ech weess et, verléisst och hien mech. Alles huet een Enn.
Mir verléieren eis alleguerten, eis selwer, eis géigesäiteg. Mir trëppelen duerch eng Foussgängerzon ouni wouer ze huelen, wéivill Gléck an Ongléck et ronderem eis gëtt. Mir sëtzen mat Frënn um Dësch an si sinn esou gudd dra ginn eis ze täuschen, dass mir net mierken datt deen een längst Antidepressiva schléckt, dat anert a Gedanken bei sengem Exfrënd ass, an een drëtten sech freet, wéi en seng Scholden soll bezuelen.
Hatt steet virun mir, bei senger Wunnéng. Mir sinn bei hatt heemgetrëppelt während d’Sonn opgoung. Seng Aan funkelen gréng ënnert den éischte Sonnestraalen. Aus iergendengem Grond, deen mer onbegräiflech ass, weess ech, dass hatt mech elo net einfach esou goen loosse wert.
Mir sinn all eleng. Villäicht… Jo, villäicht hunn mer awer all een Zeppelin, jiddfereen fir sech, fir emmer gefaangen tëscht de Wollécken. Eleng.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *