SadAutumn goes lëtzebuergesch

E puer Wochen hunn ech elo ronderemgekniwwelt.
Wéi verschiddener eventuell nach wëssen, hat ech virun éiwegen Zäiten emol eng Kéier WordPress op lëtzebuergesch iwwersat fir d’naischtnotz Podcasten. Deemols war dat alles Hardcoding – spriech déi englesch Wierder an de PHP Dateien all eenzel änneren. Dat hat natirlech zum Nodeel, dass all d’Datumer nach op Englesch waren, well déi per PHP date() Funktioun opgeruff ginn, a net per Hardcoding kënnen am WordPress geännert ginn.
Well ech zanter enger Zäitchen op lëtzebuergesch bloggen – wat net geplangt war, mee sech esou erginn huet – hunn ech décidéiert, dat Ganzt méi konsequent duerchzezéien. Also hunn ech nogesicht wéi WordPress an aner Sproochen iwwersat gëtt, an ech hunn mer eng .mo Datei zesummengeschriwwen – wat guer net esou evident ass, well dat mat engem normalen Textprogramm guer net geet. Ma domatter ass dann elo alles op lëtzebuergesch, och d’Nimm vun den Deeg an de Méint ënnert den Titelen vun engem Artikel an am Archiv.
Wann iergendwou een eppes fënnt dat nach misst iwwersat ginn, kann en mer dat gären an de Kommentarer soen. Ech sinn jo, trotz der allgemeng bekannter Hypothes, nach net perfekt.
Ausserdeem dierft et opfalen, dass ech dem Blog ee neien Design verpasst hunn. D’Foto am Header ass ee Géigestéck zu deem a mengem anere Blog, mat de selwechte Leit drop a vun der selwechter Plaz, Rhossili. Kommentarer heizou sinn natirlech och wëllkomm.

12 thoughts on “SadAutumn goes lëtzebuergesch”

  1. Hui!!!!!
    Eine .mo Datei auf Luxemburgisch.
    Gudd hues de daat gemaach. :-)

    [Hei hat de Joël eppes stoen, vun deem ech fannen, dass déi Diskussioun net öffentlech muss gefouert ginn. Wien dat fir Zensur hällt, dierf mech haassen. Ech hunn dem Joël awer eng Email geschéckt, wou ech em op dësen Deel vum Kommentar geenwert hunn. – Thierry]

  2. 1. Also, wann ech dat mam WordPress iwwersetzen hikrut, da kann dat jiddereen.

    2. Ech halen dat fir Zensur an haassen dech.

  3. 1. Mir goung et haaptsächlech em d’Nimm vun den Deeg an de Méint. Op Pianocktail heeschen d’Méint nach emmer “February”, “March,” “April” asw., a net “Februar,” “März,” “Abrëll”. Du krus et also net esou konsequent hinn. ;P

    2. Hues du mech net virdrunner och scho gehaasst? :D

  4. Ups, Ruder zréck. Hunn et lo selwer gesinn, war mer bis dohin na ni opgefall. Da muss ech de Mëtten eppes dorunner man.
    Dass sou e Gepöbels awer ëfters mol fir eppes gutt ass. ;)

  5. Ech fannen daat eng super Idee, si begeeschtert vun der Initiativ. Eis Sprooch muss vill méi konsequent public gemach a promouvéiert gin.

    Zu 2. Weem säi Blog ass et dann? Du dierfs schliesslech machen waat’s de wells hei. :)

  6. Merci. Jo, ech fannen dat och.

    Natirlech, mee ech halen awer normalerweis näischt dovunner Kommentarer läschen ze goen. Mee hei hat de Joël selwer geschriwwen ech dierft deen Deel läschen wann et mer ze privat wier.

  7. Ajo, stëmmt, beim ganze Gestëppels, hunn ech vergiess z’erwienen, dass et awer schéi geroden ass.
    Hach, wou hunn ech nëmme mäi Kapp gelooss an de läschten Deeg? :)

  8. lol merci :)

    Serge: Do gesäiss de se och vu fir. Mee ech ginn mer jo awer keng Foto vu Kolleegen mam Gesicht no fir an den Header setzen. :)

  9. Däin neien Theme ass schéi minimalistesch. Mech stéiert awer d’Link-colour well dat Blot matten am schwaarzen Text fir meng Aen nëmme mat ganz vill Konzentratioun als solcht ze erkennen ass. D.h. ech gesinn op den éischte Bléck guer net ob Linken am Text gesat sinn, an dat nervt mech e bëssen, ausserdeem dierft et och kenger Konventioun am Web entspriechen (do war dach mol eppes mat underline fir Links, wat awer och je no Theme respektiv Quantitéit vu Linken stéiere kann).

    Wat d’Lëtzebuergescht ubelaangt, do maachen ech der bei Geleegenheet eng Mail wann ech e bësse méi Zäit hunn. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *