Holy…

Endlech e Film mat zwee vu mengen absolut léiwste Schauspiller: dem Zooey Deschanel an dem Joseph Gordon-Levitt. Wat mech awer erschreckt huet ass, wéivill deen Trailer wéi mäi Liewen ass. Bis zu deem Moment, mat abegraff, wou déi zwee sech mat der Hand huelen, ass et praktesch identesch zu deem wat a mengem Liewen an de leschte Méint geschidd ass. Et waren just net d’Smiths, a mir stoungen net an engem Lift.

Den Titel 500 Days of Summer ass zwar vläit een onoriginellt Wuertspill, mee ech wert mer dee Film garantéiert ukucken goen.

7 thoughts on “Holy…”

  1. Hach, ech freen mech och scho sou op de Film. Ze Sundance ass e jo super gelaf.
    Besonneg gefällt mer dem J-G Levitt säin Joy Division T-Shirt, de Costume Designer an den Auteur si wuel aus Manchester. ;)

  2. Iergendwann eng Kéier wëll ech op de Sundance Filmfestival. Dat ass bei wäitem mäi Favorit ënnert all deene Festivalen. Do goufen praktesch all meng léiwste Filmer ausgezeechent… Thirteen, Maria Full of Grace, Brick (och mam Levitt), a natirlech dee groussartegen A Guide to Recognizing Your Saints, …

    De Mark Webb kënnt aus der Musékvideo Szen. Ech huelen un dofir ass den T-Shirt vun Joy Division sou gudd am Bild plazéiert…

  3. Jo, ech wees. Ech hat just gemengt, well The Smiths + Joy Division = Manchester. A sou. Nee? Egal.

    Also ech war emol een Dag zu Cannes, an do wëll ech onbedéngt zréck. Déi Atmosphär…

  4. Kann mir net virstellen, daat et bei esou engem groußen Festival schwéier soll sinn, eng Presseakkrediatioun ze kréien. Et ass eben just daat rondrem: an d’USA kommen, dohannen eng Ennerkonft kréien, asw.

  5. Et ass awer wahrscheinlech vill méi einfach, als groussen amerikaneschen oder internationale Medium eng Akkreditatioun ze kréien, wéi als klenge Lokalradio op engem anere Kontinent. :)

  6. Also ech kéinnt mir scho firstellen, dass dat net sou einfach giff ginn. Punkto Sëcherheet beispillsweis. D’Amerikaner wëlle sëcher sinn an zumools bei sou engem grousse Festival sollt dach näischt schief laafen. Do gett wuel méi wéi nemmen eng Kéier gekuckt ween do eng Akkreditatioun kritt a ween net. Da giff ech souguer ganz éierlech nach gleewen, dass den RTL éischter eng Akkreditatioun kritt wéi den ARA. Sorry. ;)

    Also falls ech dann eng Kéier sollt Senator oder Gouverneur vun Utah ginn, kéinnt ech dech jo dann villeicht invitéieren Thierry. ;) ^^

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *