EU Profiler

Wat ass dat fir ee Blödsinn. Ech leien Kilometeren ewech vun all Partei zu Lëtzebuerg. Dat wousst ech och scho virdrunner. Dass ech EU-kritesch sinn (also eigentlech sinn ech radikal géint d’EU an hierer aktueller Form) huet elo och net grad bei deem Profil gehollef. Firwat ech awer och éiweg wäit ewech vun der schwedescher Piratepartei leien, ass mer ee Rätsel well mat deenen hierem Programm kann ech mech nämlech ganz gudd identifizéieren.

Blo a gréng sinn jo amfong déi eenzeg valabel Alternativen. Also, déi geréngsten Iwwel. Ech hat gehofft, ech léich alt wéinstens iergendwou an der Géigend vun enger vun deenen zwou Parteien…

“I won’t hold the future to your eye, cause we are already waiting to die”

Ech froen mech grad wéisou ech komplett verpasst hat, dass et ee neien Album vum Maria Taylor gëtt. A wat fir ee wonnerschéinen, melancholeschen Album LadyLuck ass! Musék fir d’Aan zouzemaachen an ze dreemen, fir alles wéi Waasserfaarwen ronderem een verlafen ze loossen, fir sech komplett dran ze verléieren. Deen éischten Album vun dësem Joer, deen mech wierklech beréiert. Wow.

Voilà

De Fascho aus der Hitlerjugend adrenalin, also de Ralph Hellinckx (dee Familienumm kléngt awer guer net lëtzebuergesch!), kéim gären an d’Regierung. Mat esouvill Intelligenz weess ee natirlech wat gudd ass fir säi Land – seng Kompetenz huet e jo ganz gudd op RTL ënnert Beweis gestallt. Wat wollt ech soen, eh… ëntschëllegt. Seng Fähegkeet, zu näischt Positioun ze bezéien. Voilà. Ee ganz schéine Remix dovunner huet den Thorben vu Pianocktail iwwregens zesummegeschnipselt. An, eh, jo. Voilà. Hei nach ee schéint Bildchen vun deem vläit berühmteste lëtzebuergesche Xenophob. Voilà. Wat mécht dee Bubi Rethoriker a Politprofi eigentlech an enger homophober Partei? QED. Voilà.

Mir ass dat elo och egal, wann aner Leit et ze toppeg fannen, dat Bild ze publizéieren. Esou eppes dierf een dem Wieler net virenthalen. Voilà.

We Are Hunted

We Are Hunted ass déi genialsten Internetsäit zanter et de Web 2.0 gëtt. Bei all deenen Servicer, déi d’Leit hier perséinlech Musékcharts online stelle loossen – zum Beispill last.fm – oder Playlëschten zesummestelle loossen – zum Beispill blip.fm – stellt sech dach eng Fro: an enger Welt an där déi traditionell Charts (och inklusiv Downloaden) een total veraalt Konzept ass, wier et do net den Hummer wann een kéinnt novollzéien wéi eng Musék d’Internetuser tatsächlech lauschteren? Hei kënnt We Are Hunted an d’Spill: dese Site sammelt Informatiounen queesch duerch den Internet, an stellt aus deenen Daten Charts zesummen – an déi Lidder kann een dann natirlech och direkt lauschteren. Dat Ganzt ass ennerdeelt an d’Kategorien emerging, week an month. Wiesselen kann een natirlech och tëscht Singelen an Albumer.

Iwwerliewen

Ech ginn zou, esoulues fänken ech un mer e bësse Suergen ze maachen. Mech picken sou Saachen jo normalerweis net, an den Ausbroch vun der Vullegripp virun zwee Joer war mer zimlech egal. Lo kennen ech awer blöderweis Leit, déi sollten an Mexiko sinn (ech hunn grad mat hinnen geschwat, an si hunn gottseidank décidéiert sech vun do ewech ze halen), mee dofir ass d’Krankheet awer mëttlerweil an enger ganzer Rei Stied ukomm, wou ech Frënn hunn (Vancouver, zum Beispill). D’Krankheet ass mëttlerweil zwar och hei op der Insel ukomm, mee méi Suergen mécht mer do awer, dass d’WHO d’Geforestuf op 4 erhéicht huet (Stuf 6 ass eng Pandemie). Ech lafen natirlech net mat engem Mondschutz ronderem, mee ech froen mech awer trotzdem, wéi dat Ganzt sech an de nächste Woche weiderentwéckelt. Opjiddferfall mécht mer esou eppes méi Angscht wéi iergendeen Terrorismus (dee mech amfong kal léisst, d’Gefor dass ech iwwerrannt ginn ass vill méi héich).

Zur selwechter Zäit gi Kricher op der ganzer Welt weidergefouert. Do froen ech mech, wéi eng Spezies, déi eng Organisatioun wéi d’WHO krééiert, sech zur selwechter Zäit ka selwer an d’Luucht bommen. Firwat pompelen mer Milliarden a Waffen, wann esouvill Guddes kéinnt domatter gemaach ginn, zumols elo wou mer virun enger Pandemie stinn, wéi eng virun mol net honnert Joer knapps 50 Milliounen Opfer gefuerdert huet.
Eng vun den Haaptprémissen an der amerikanescher Fernsehshow Battlestar Galactica war d’Fro, op d’Mënschheet et iwwerhaapt verdéngt huet z’iwwerliewen. Villäicht hu mer dat guer net.

Inception

De Christopher Nolan schafft jo bekannterweis zanter kuerzem intensiv un sengem Scifi-Actionfilm, deen am Juli 2010 soll an de Kino kommen. Zwar gëtt de Plot ultrageheim gehalen, mee d’Schauspillerlëscht fëllt sech awer esoulues: nom Marion Cotillard, Ellen Page, Cillian Murphy an Leonardo DiCaprio stéisst elo nach ee grousst Talent zum Cast derbäi, den Joseph Gordon-Levitt, deem säi Film 500 Days of Summer dëse Juli uleeft. Mir ass et mëttlerweil ganz egal, em wat et an deem Film goen wert. Bei souvillen gudde Schauspiller ginn ech mer dee Film egal wéi ukucken.

World Book and Copyright Day

Och dëst Joer erem zélébréiert d’UNESCO hieren World Book and Copyright Day, woufir ech fënnef Bicher virstellen wëll, déi mech ganz besonneg beandrockt hunn.

If Nobody Speaks of Remarkable Things vum Jon McGregor
E Buch, dat ech eng Kéier vu menger klenger Lieblingsterroristin un d’Härz geluecht krut, an dat genee esou schwéier ze beschreiwen wéi et schéin ass. Et gëtt keng grouss Geschicht erzielt – amfong geschidd ee groussen Deel vun der Zäit guer näischt, a genau dat mécht dëst Buch aus. De McGregor beschreiwt d’Alldagsliewen vu Personnagen op enger Strooss zu London, an all hierer wonnerbarer Banalitéit. Hien bréngt et färdeg, eng Gläichzäitegkeet ze beschreiwen, déi soss nach keen esou wonnerbar agefaangen huet. Net alles ass perfekt an dëser Welt – an engem zweeten Handlungsstrang beschreiwt en d’Geschicht vun enger Fra, déi eppes mat sech ronderem dréit, vun deem een eréischt um Enn erausfënnt, wat et ass. An och an der Strooss selwer ass net alles schéin – lues awer sécher beweegen sech déi eenzel Momentopnahmen op een Ereegnis zou, dat sech mat dem éischten Kapitel verbënnt, an een dat Buch esou bal net vergiessen léisst. E bëssen ewéi een Dram, deen een nach wochelaang am Kapp behällt.

The Sea vum John Banville
Bal genausou poetesch wéi dem McGregor seng Sprooch ass dem Banville seng an dësem mam Man Booker Prize ausgezeechnete Buch. E Mann geet no ville Joeren, nom Doud vu senger Fra, erem op déi Plage zeréck, wou en als Kand eng traumatesch Vakanz verbruecht huet. Duerch dräi Zäitlinnen – d’Kandheet, d’Momenter virum Doud vun senger Fra, an d’Géigewaart an där en op der Plage ass – spënnt de Banville ee Netz un Informatiounen, déi esou subtil sinn, dass een um Enn trotz allem nach erschreckt, wann een erkennt, wéi enk déi dräi Linnen effektiv mateneen verbonnen sinn, an firwat den Max sech an senger Trauer ausgerechent zu dëser Vakanz aus senger Kandheet esou ugezunn fillt.

Hirn ist aus vum Urban Priol
An ee ganz anere Genre gehéiert dëst Buch: bësseg, wéi een en vun sengen Optrëtter kennt, ass den Priol och an sengem Buch, an deem en iwwert d’Gesellschaft hierzidd. Do bleiwt keen a näischt verschount – sierf dat d’“Perle aus der Uckermark” (d’Angela Merkel) oder den Technologiewahnsinn (fulminant beschriwwen an enger Szen an där de Priol mat sengem Monsterhandy aus den 90er iwwert eng Foire leeft). Wien Fan vum Priol ass, deem wert och dëst Wierk garantéiert gefalen. Kuerzweileg, witzeg, an gudd beobacht.

Schmitz’ Katze vum Ralf Schmitz
De Ralf Schmitz, deen sech bis ewell virun allem mat mettelméissege Comedysendungen à la Die dreisten Drei um Sat1 ee Numm gemaach huet, schreiwt also elo och. An dat iwweraschend gudd. Dass et net allzevill serieux hiergeet, verréit zwar schon den Ënnertitel Hunde haben Herrchen, Katzen haben Personal, mee et ass dann awer trotzdem intelligenten Humor. De Schmitz beschreiwt alles: wéi en als Kand seng Kaz krut, wéi een seng Kaz trainéiert kritt (oder och net), wéi nervenopreiwend sou eng Kaz wierklech ass, wéi gären en seng Kaz huet, an virun allem wéi nervenopreiwend sou eng Kaz wierklech ass. Dat Ganzt ass esou gudd a lëschteg geschriwwen, dass et och fir net-Katzefrënn interessant ass (dat kënnt mer elo roueg gleewen, ech sinn allgemeng guer keen Déierefrënd).

Moundkälwer vum Claudine Muno
Mat surrealem Witz an lëtzebuergescher Scenerie – d’Leit, déi owes am Cactus d’Regaler ausraumen, sinn eng Selbsthëllefgrupp – beschreiwt d’Muno an sengem Roman vun 2007 d’Liewen vum Till, bei deem permanent eppes schief geet. Meeschtens sinn dat keng groussarteg Saachen, a wann, dann gi se wéi onwichteger behandelt (den Doudesfall, zum Beispill), a genau dat mécht dëst Buch aus: et erkennt een sech einfach am Personnage erem (wien ertappt sech net alt emol dobäi ze soueren wéi schlecht et engem grad geet), mee et fällt engem awer och net einfach, realt Matgefillt z’emfannen. Dorëmser geet et awer och net. Moundkälwer ass en kuerze Roman (oder éischter eng Novella), deen engem vill Freed beim Liesen mécht, an deen een esouguer an engem Ruck duerchliesen kann (an, sou amüsant wéi et ass, een dat och wahrscheinlech mécht).

“It’s Amazing Where I’m Standing”

Espen Lind, Kurt Nilsen, Alejandro Fuentes, & Askil Holm – With Or Without You
well et esou ee schéine Cover ass
Murray Gold – Abide With Me
well ech bei deem Lidd nach emmer Gänsehaut kréien
Nine Inch Nails – In This Twilight (Piano Mix)
well déi Versioun nach eng Kéier sou genial ass, wéi d’Originalversioun
Tone Damli Aaberge – Butterflies
well mer d’Geien um Ufank gefalen
A Fine Frenzy – Lifesize
well dat Meedchen net nemmen eng schéi Stëmm huet, mee och twittert
Malena Ernman – La Voix
well d’Schweden sech trauen, eng Opernsängerin op den Eurovision Song Contest ze schécken
Landon Pigg – Falling In Love At A Coffee Shop
well et sou banal, mee sou wonnerschéin ass
The Solids – Hey Beautiful
well déi lescht Sekonnen d’Titelmelodie vun “How I Met Your Mother” an esou een Ouerwuerm sinn
Two Steps From Hell – Freedom Fighters
well dat Lidd dat Eenzegt ass, dat mer um Star Trek Trailer gefällt
Iron and Wine – Fever Dream
well et eigentlech keng Playlëscht ouni Iron and Wine dierft ginn
Matthew Good – Weapon
well déi Lyrics op eng komesch Art a Weis Sënn maachen
Vega4 – Life is Beautiful
well een einfach muss danzen an d’Liewen zélébréieren