There Are No Goodbyes

Déi Band, déi mech mam Indie Genre bekannt gemaach huet, Sophia, bréngt d’nächste Mount hiere neien Album eraus: There Are No Goodbyes. Deen hunn ech mer natirlech lo direkt virbestallt, an der Bonus CD Éditioun. Wat een op hierem MySpace Site vum neien Album ze héieren kritt, gefällt mer och schon emol ganz gudd. Mee wat mech elo awer extreem frustréiert ass, dass Sophia den 20. Mee am Atelier optrieden – an dann sinn ech nach net zu Lëtzebuerg. Domatter verpassen ech se dann scho fir d’zweete Kéier, an esou lues fillen ech mech wéi wann d’Universum géing de Geck mat mer maachen.
Wien Sophia net kennt (schummt ierch!), deem sierf folgend Beschreiwung un d’Härz geluecht, déi den Atelier op sengem Site stoen huet:

Sophia is about stark honesty, stripped-down and ecstatic sadness. The gorgeously grave songs of Sophia are the most astonishing emotional punch on the music scene today.

2 thoughts on “There Are No Goodbyes”

  1. Ech krut dee Concert scho recommandéiert, allerdéngs gefält mer d’Location net (hat ech op anerer Plaz och scho mol geschriwwen).

    Mee vläicht ass et rëm un der Zäit fir eng Ausnam ze maachen.

  2. Ech sinn ni richteg waarm gi mat Sophia. Keng Anung firwat. Hu se scho live gesinn, mä och dat huet mech wéineg berouert. Kann awer sinn, dass dat dru louch, dass ech mat Gedanke scho bei Arcade Fire war, déi als néchst gespillt haten.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *