NIИ

Ech déklaréieren haut emol einfach zum NIN Dag.
De Pre-Sale fir de Nine Inch Nails Concert an der Rockhal huet haut ugefaangen. Wien nach keen Ticket huet sollt sech bäimaachen, des Tour ass déi leschte Geleegenheet ee Nine Inch Nails Concert ze gesinn, ier den Trent Reznor de Projet op onbestëmmten Zäit op Äis leet.
Ausserdeem ass den Digg Dialogg mam Trent Reznor elo um Site vu Revision3 ze fannen, an deem de Reznor dem Kevin Rose ënnert anerem d’Fro beänwert, wéi et mat der Miniserie Year Zero um amerikaneschen Pay TV Sender HBO steet. Den Interview gëtt et esouguer an HD erofzelueden – an, wéi een dat vu Rev3 gewinnt ass, natirlech gratis.
A wien den 3. Trailer fir Terminator Salvation nach emmer net sollt gesinn hunn: deen ass stëmmungsvoll mam passenden Titel The Day The World Went Away vum 1999er The Fragile Album ennerluecht.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *