Kuerzkritiken, oder sou (2)

Wat mécht een op Ouschtersonndeg an engem kathoulesche Land, als Antitheist? Et geet een 10 Stonnen an den Utopolis an zidd sech ee Film nom aneren eran. Hei e puer Kommentarer.

Fast and Furious 4 ass endlech en würdegen Sequel fir The Fast and the Furious. Eigentlech bräicht een sech déi zwee Filmer dotëscht – 2 Fast 2 Furious an The Fast and the Furious: Tokyo Drift – guer net unzedoen. Méi wéi Popcornkino dierf een sech vum véierten Deel zwar och net erwaarden, mee et gëtt engem awer och net langweileg.

Knowing huet net nemmen d’Rose Byrne an enger Roll an där et engem uerg op de Kichelchen geet (‘t ass jo definitiv net ellen, a wien Damages kennt, weess och wéi eng gudd Schauspillerin et eigentlech ass), mee de Film huet och een onheemlechen wtf?! Effekt. Op dat elo gudd oder schlecht ass, doriwwer sinn ech mer nach emmer net ganz kloër. De Film hat zwar keng Längten an d’Grondprämiss war relativ interessant, mee de Schluss war dann eben dach e bëssen vill zevill… HÄÄÄ?!

Paul Blart: Mall Cop mam Kevin James ass, nujee, mëttelméisseg. En huet zwar e puer Knüller, mee iwwert 100 Minutten gestreckt bidd de Film dann dach ze wéineg Ënnerhalung. Et hätt een esouvill méi kéinnten aus der Ausgangssituatioun maachen. Oder zumindest méi Geschäfter zerstéieren. Eigentlech ass den Ufank vum Film, ier d’Abriecher den Akaafszentrum iwwerhuelen, dee witzegsten Deel vum Film. Schued, dass de Film sech verschlechtert amplaz gesteigert huet. Zumols de finalen “Kampf” ass, nujee, beschtefalls mëttelméisseg.

2 thoughts on “Kuerzkritiken, oder sou (2)”

  1. OT Info: “(500) Days of Summer” hat seng Premiere um Nashville Film Festival an den Echo ass ganz positiv. Duecht et géif dech interesséiren.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *