Iwwerliewen

Ech ginn zou, esoulues fänken ech un mer e bësse Suergen ze maachen. Mech picken sou Saachen jo normalerweis net, an den Ausbroch vun der Vullegripp virun zwee Joer war mer zimlech egal. Lo kennen ech awer blöderweis Leit, déi sollten an Mexiko sinn (ech hunn grad mat hinnen geschwat, an si hunn gottseidank décidéiert sech vun do ewech ze halen), mee dofir ass d’Krankheet awer mëttlerweil an enger ganzer Rei Stied ukomm, wou ech Frënn hunn (Vancouver, zum Beispill). D’Krankheet ass mëttlerweil zwar och hei op der Insel ukomm, mee méi Suergen mécht mer do awer, dass d’WHO d’Geforestuf op 4 erhéicht huet (Stuf 6 ass eng Pandemie). Ech lafen natirlech net mat engem Mondschutz ronderem, mee ech froen mech awer trotzdem, wéi dat Ganzt sech an de nächste Woche weiderentwéckelt. Opjiddferfall mécht mer esou eppes méi Angscht wéi iergendeen Terrorismus (dee mech amfong kal léisst, d’Gefor dass ech iwwerrannt ginn ass vill méi héich).

Zur selwechter Zäit gi Kricher op der ganzer Welt weidergefouert. Do froen ech mech, wéi eng Spezies, déi eng Organisatioun wéi d’WHO krééiert, sech zur selwechter Zäit ka selwer an d’Luucht bommen. Firwat pompelen mer Milliarden a Waffen, wann esouvill Guddes kéinnt domatter gemaach ginn, zumols elo wou mer virun enger Pandemie stinn, wéi eng virun mol net honnert Joer knapps 50 Milliounen Opfer gefuerdert huet.
Eng vun den Haaptprémissen an der amerikanescher Fernsehshow Battlestar Galactica war d’Fro, op d’Mënschheet et iwwerhaapt verdéngt huet z’iwwerliewen. Villäicht hu mer dat guer net.

3 thoughts on “Iwwerliewen”

  1. während et natierlech keng lusteg saach ass muss ech soen ass et emmer rem erstaunlech wei och d’medien sou eppes obbauschen.
    et stierft een net, just well een sech domadder infizeiert, frei traiteiert geschitt genee dat nemlecht wei bei all aner krankheet och: et geet engem eng zeit mies an dono gett een rem gesond ausser t’ass een soss schon gesondheetlech ugeschlo. mais dat gelt fier all mei schweier krankheet.
    den mensch ass immens am sech upassen, um aids krepeieren mer zu 100% t’ass just eng fro fun zeit an lo hei sin höchstens 150 leit gestuerwen, offiziell konfirmeiert nemmen 7 bislo an mier maan ons een riesen kapp während aids alt sou eng saach ass bspw dei mer einfach als normal unhuelen.

  2. Anscheinend gouf et an Mexiko jo lo awer just 7 Doudeger, déi wierklech un der Schwengsgripp gesturwen sinn. Ech hunn jo virun e puer Deeg getwittert, daat ech keng Angscht hätt. Mee daat ass mengen ech och méi, well ech mir oft em esou Saachen keng Suergen maachen an an dem Senn ganz Kand sinn an keng Ahnung vun menger Stierwlechkeet hunn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *