Voilà

De Fascho aus der Hitlerjugend adrenalin, also de Ralph Hellinckx (dee Familienumm kléngt awer guer net lëtzebuergesch!), kéim gären an d’Regierung. Mat esouvill Intelligenz weess ee natirlech wat gudd ass fir säi Land – seng Kompetenz huet e jo ganz gudd op RTL ënnert Beweis gestallt. Wat wollt ech soen, eh… ëntschëllegt. Seng Fähegkeet, zu näischt Positioun ze bezéien. Voilà. Ee ganz schéine Remix dovunner huet den Thorben vu Pianocktail iwwregens zesummegeschnipselt. An, eh, jo. Voilà. Hei nach ee schéint Bildchen vun deem vläit berühmteste lëtzebuergesche Xenophob. Voilà. Wat mécht dee Bubi Rethoriker a Politprofi eigentlech an enger homophober Partei? QED. Voilà.

Mir ass dat elo och egal, wann aner Leit et ze toppeg fannen, dat Bild ze publizéieren. Esou eppes dierf een dem Wieler net virenthalen. Voilà.

5 thoughts on “Voilà”

  1. Well dee Kärel an enger homophober Partei ass, an awer offensichtlech kee Problem domatter huet sech vun aneren Typen kussen an oflecken ze loossen. Jo, ech weess, en hat wahrscheinlech gudd gebechert an hien ass och bei wäitem net deen Eenzegen vun deem et esou Biller ginn. Mee hien ass awer bis ewell deen Eenzegen vun deem et esou Biller ginn, obwuel en an enger schwulefeindlecher Partei ass. Domatter ënnergruewt en sech also selwer (bon, okay, en stoung souwisou schon am Treibsand).

  2. Et ass definitiv en inkompetenten Trëllert an enger nulleger Partei, mee latent schwul ass en wéinst der Foto awer net. En gesäit net aus, wéi wann him dat géiff gefalen. Dat ass esou en typesch pubertär (och wann se méi al sinn) Foto.

  3. waat mech irgenteen an enger homophober partei? xenophob, rietspopulistesch… nationalistesch…
    nemmen richteg wanns de wells politiker sinn an enger rietser partei loos dech net erweschen wanns de oofgeleckt gess vun männer!
    nemmen drobber

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *