April 2009

Kuerzkritiken, oder sou (2)

Wat mécht een op Ouschtersonndeg an engem kathoulesche Land, als Antitheist? Et geet een 10 Stonnen an den Utopolis an zidd sech ee Film nom aneren eran. Hei e puer Kommentarer.

Fast and Furious 4 ass endlech en würdegen Sequel fir The Fast and the Furious. Eigentlech bräicht een sech déi zwee Filmer dotëscht – 2 Fast 2 Furious an The Fast and the Furious: Tokyo Drift – guer net unzedoen. Méi wéi Popcornkino dierf een sech vum véierten Deel zwar och net erwaarden, mee et gëtt engem awer och net langweileg.

Knowing huet net nemmen d’Rose Byrne an enger Roll an där et engem uerg op de Kichelchen geet (‘t ass jo definitiv net ellen, a wien Damages kennt, weess och wéi eng gudd Schauspillerin et eigentlech ass), mee de Film huet och een onheemlechen wtf?! Effekt. Op dat elo gudd oder schlecht ass, doriwwer sinn ech mer nach emmer net ganz kloër. De Film hat zwar keng Längten an d’Grondprämiss war relativ interessant, mee de Schluss war dann eben dach e bëssen vill zevill… HÄÄÄ?!

Paul Blart: Mall Cop mam Kevin James ass, nujee, mëttelméisseg. En huet zwar e puer Knüller, mee iwwert 100 Minutten gestreckt bidd de Film dann dach ze wéineg Ënnerhalung. Et hätt een esouvill méi kéinnten aus der Ausgangssituatioun maachen. Oder zumindest méi Geschäfter zerstéieren. Eigentlech ass den Ufank vum Film, ier d’Abriecher den Akaafszentrum iwwerhuelen, dee witzegsten Deel vum Film. Schued, dass de Film sech verschlechtert amplaz gesteigert huet. Zumols de finalen “Kampf” ass, nujee, beschtefalls mëttelméisseg.

1123, 6536, 5321

Ech hunn et also och endlech gesinn, an ech si begeeschtert. Ganz grousse Kino – méi brauch een dozou net ze soen.

NIИ

Ech déklaréieren haut emol einfach zum NIN Dag.
De Pre-Sale fir de Nine Inch Nails Concert an der Rockhal huet haut ugefaangen. Wien nach keen Ticket huet sollt sech bäimaachen, des Tour ass déi leschte Geleegenheet ee Nine Inch Nails Concert ze gesinn, ier den Trent Reznor de Projet op onbestëmmten Zäit op Äis leet.
Ausserdeem ass den Digg Dialogg mam Trent Reznor elo um Site vu Revision3 ze fannen, an deem de Reznor dem Kevin Rose ënnert anerem d’Fro beänwert, wéi et mat der Miniserie Year Zero um amerikaneschen Pay TV Sender HBO steet. Den Interview gëtt et esouguer an HD erofzelueden – an, wéi een dat vu Rev3 gewinnt ass, natirlech gratis.
A wien den 3. Trailer fir Terminator Salvation nach emmer net sollt gesinn hunn: deen ass stëmmungsvoll mam passenden Titel The Day The World Went Away vum 1999er The Fragile Album ennerluecht.

Zitater (16)

I think we found Thierry’s fetish: balloon sex. // Wien hätt geduercht datt den William Shatner mäin Bild vun Männerfrënnschaften géif beaflossen? // Some fudge is all it takes for you to finally admit you love me? // Smurfs go blue when horny. // Thierry, can I go home now and have sex? Pretty please? // It’s got a lot of violence and sex, you know, it’s a good read. // I declare that Thierry is a good egg. // I know where you bathe. // From time to time I rearrange the pebbles in my office. Is that an old man’s thing? You don’t know what I’m talking about, do you? // She was a stripper. That’s what she meant by saying she used to be a failed actress. // Mir ginn einfach emmer bei de selwechten Inder. Do kenns de d’Trapp jo elo, da kriss de keng Gehirnerschütterung méi. // Dat Trauregt ass jo net, dass mir souvill Spaass am Saturn haten. Dat Trauregt ass, dass mer eis virgeholl hunn dës Vakanz nees dohinner ze goen. // Belval ass ee Ghost Town. Een Dreckstipp. // Mir mussen ee fake Wort erausginn. Mat der Headline “Bauererevolutioun 2018: Éisléck erklärt Onofhängekeet.” // I love your eyes, Thierry. They’re so empty. Like you’re completely dead inside.

… !

Deen heite Video, deen ech grad op Life, Chop Suey fonnt hunn, huet net nemmen d’Keira Knightley, mee e geet och déiw ënnert d’Haut an ass ee perfekt Beispill dofir wéi gudd soueng Kampagne ka sinn.

There Are No Goodbyes

Déi Band, déi mech mam Indie Genre bekannt gemaach huet, Sophia, bréngt d’nächste Mount hiere neien Album eraus: There Are No Goodbyes. Deen hunn ech mer natirlech lo direkt virbestallt, an der Bonus CD Éditioun. Wat een op hierem MySpace Site vum neien Album ze héieren kritt, gefällt mer och schon emol ganz gudd. Mee wat mech elo awer extreem frustréiert ass, dass Sophia den 20. Mee am Atelier optrieden – an dann sinn ech nach net zu Lëtzebuerg. Domatter verpassen ech se dann scho fir d’zweete Kéier, an esou lues fillen ech mech wéi wann d’Universum géing de Geck mat mer maachen.
Wien Sophia net kennt (schummt ierch!), deem sierf folgend Beschreiwung un d’Härz geluecht, déi den Atelier op sengem Site stoen huet:

Sophia is about stark honesty, stripped-down and ecstatic sadness. The gorgeously grave songs of Sophia are the most astonishing emotional punch on the music scene today.