The Road

Den Trailer fir d’Filmadaptatioun vum Cormac McCarthy sengem Buch The Road ass also eraus. An wat soll ech soen… et ass dee gréisste Schäissdreck. Et huet näischt, awer och wierklech guer näischt mam Buch ze dinn. Mir geet et emol guer net em d’Explosiounen därer et keng eenzeg am Buch gëtt. Mir geet et och net drëm, dass gewisen gëtt wéi d’Welt ennergeet (wat geschidd ass gëtt een am Buch ni gewuer). Mir geet et virun allem em d’Mamm. Déi gëtt nämlech just e puer Mol erwähnt am Buch, an ass längst doud wéi d’Story ufänkt. Mir geet et och drëm, dass den Trailer esou ausgesäit ewéi wann et ee Katastrofenfilm wier – d’Buch ass een Drama: et geet em déi emotional Bindung tëscht Papp a Jong. Wann se de Charakteren elo nach Nimm verpassen, sinn ech wierklech ugepisst. Dat ass nämlech deen interessantesten Aspekt um Buch.

Ech sinn wierklech keen Fan vum McCarthy (an no enger Arbëscht op der Uni iwwert eng ganz Rei vu senge Bicher, dierf ech dat wuel behapten ouni dass ee mer Virurteeler virwerft). Mee wat Hollywood hei mécht ass einfach just nach lächerlech. Do hëlleft och keen Charl… Boff, sou gudd ass dat och net.

£10 à la iTunes

Dat ass jo alt erem typesch Apple. Net nemmen muss een ganzer £2,49 fir eng Folg Terminator Salvation: The Machinima Series blechen, wat de normale Präiss fir eng Episod ass vun 45 Minuten, obwuel déi heiten Episoden just 12 Minuten laang sinn. Nee, elo gëtt och grouss Reklamm gemaach, et géingen “TV Staffelen fir manner ewéi 10 Pond” ginn, an deen éischte Präiss deen ee gesäit ass dann direkt £11,34. Wéi muss ech dann elo do rechnen, fir dass ech op manner ewéi £10 kommen? Esou witzeg ewéi The Inbetweeners och ass, dann kann ech mer et och gratis op 4oD streamen. Dat geet dann zwar net um iPod, mee dofir ginn ech wéinstens net fir domm verkaf.

Dass dat ganzt ennert “Music” kategoriséiert ass iwwerascht mech amfong och net. Si geheien jo och Drama an Science-Fiction an déi selwecht Kategorie.

Green Lantern

Dat heiten ass wahrscheinlech dee genialsten Video, deen ech jemols op YouTube gesinn hunn. Et ass keen Trailer fir e Film – de Film gëtt et guer net! Et sinn Szenen aus aneren Filmer zesummegeschnidden, eegen Spezialeffekter dragesat, komplett nei Szenen geschaaf (zum Beispill andeems dem Nathan Fillion säi Kapp op de Costume vum Green Lantern gesat gouf). De Sound happert zwar muenchmol e bëssen, mee dat mécht et awer net manner bombastesch. Villäicht hunn mer jo Chance, an Hollywood gesäit den Trailer. Well ech géing deen do Film direkt kucken goen, schon eleng wéinst dem Nathan Fillion.

Adium

Ab haut ass dat offiziell meng léiwsten Applikatioun fir de Mac. Ech sinn jo scho laang begeeschtert vun deem Programm, wéi ee groussen Deel vun der Mac Community, mee elo wou ech mer déi nei Betaversioun installéiert hunn sinn ech total ewech. Elo kann ech net nemmen meng AIM, Windows Live, Yahoo! IM, ICQ an GTalk Accounts doriwwer benotzen (mat fënsterloser Kontaktlëscht an mat Growl, dat eleng war jo schon cool), mee och meng Twitter Timeline am Aan behalen an mäi Status änneren, ech kann am IRC chatten (hunn ech nach net getest) an – an dat begeeschtert mech am meeschten, well de Webinterface suckt gehierlos – ech kann och de Facebook Chat benotzen. Elo feelt just nach d’Integratioun vu Skype (dat ass e bësse wäit gegraff, ech weess), an ech sinn vollends glécklech. Eenzeg de Bug, dass d’Accounts emmer nees op “online” gestallt ginn nervt e bëssen, mä t’ass jo nëmmen eng Beta.
Op mengem Desktop gesäit et dann elo esou aus – schéin ënnderdeelt an déi normal IMen, Facebook an Twitter:

Kuerzkritiken, oder sou (4)

Angels and Demons ass guer net esou schlecht, wéi ech mer dat erwaard hätt. Et ass bei wäitem kee Meeschterwierk an d'”Fakten” sinn total inkorrekt (de CERN huet am Ganzen mol kee Billiounstel vun där Antimatière hiergestallt, déi am Film ze gesinn ass, ‘per acclamationem seu inspirationem’ gouf vum Jean-Paul II. an senger ‘Universi Dominici Gregis’ ofgeschaaft, …), mee eppes anescht erwaard mengen ech och keen hei.
D’Geschicht ass liicht emgeschriwwen, esou dass ee mengt dëse Film géing nom DaVinci spillen, wat net de Fall ass. De Plot ass wäitaus manner verworren wéi déi leschte Kéier a mécht dofir och vill méi Spaass. De Soundtrack ass zimlech solid, an am Géigesaz zur leschter Kéier kënnt d’Thema och am Laf vum Film emmer nees erem. Den Tom Hanks ass, nujee, den Tom Hanks – net méi a net manner. Den Ewan McGregor wierkt deelweis zimlech ennerfuerdert, an d’Ayelet Zurer ass guer net erwähnenswert. D’Spezialeffekter sinn net iwwerdriwwen, mee ennerstëtzen einfach nemmen d’Geschicht, esou wéi dat soll sinn.
Wat mech allerdéngs irritéiert huet war de Fait, dass déi däitsch, schwyzerdütsch, italienesch an franséisch Dialoger muenchmol ennertitelt waren an muenchmol net. Lo verstinn ech déi Sproochen zwar all, mee ech froen mech trotzdem wat do de System soll gewiercht sinn. Och verdammt nerveg ass, dass se bei de latengeschen Wierder a Sätz emmer firdéischt dat iergendwéi op laténgesch erausstammelen, an dann dee ganze Baterklang nacheemol op Englesch. Mir ass jo duerchaus kloër, dass déi meescht Leit kee Latäin kënnen. Mee da benotzt dach einfach direkt dat englescht Wuert.
De Schluss ass – wann een d’Buch net gelies huet – iwweregens vill méi eng grouss Iwweraschung, wéi beim The DaVinci Code. Also, halt esou komplex wéi de Brown dat färdeg bréngt. Alles an allem ass et ënnerhalsamen Popcornkino, an wierklech Längten huet de Film gottseidank keng.

That New Car Smell. Ech hunn jo zimlech vill géint Star Trek gesténkert an de leschten Deeg. Wat ech dobäi awer ni erwähnt hunn ass, wéi gudd mer de Soundtrack gefällt. Vu ville Leit gëtt en zwar kritiséiert, well d’Originalthema just kuerz um Enn vum Film benotzt gëtt, ma de Michael Giacchino huet awer eng fantastesch Arbëscht geleescht dem Film seng eege Musék ze ginn. That New Car Smell ass bei wäitem mäi léiwstent Lidd vum Sountrack, zumol bei de Sträichinstrumenter um Ufank kréien ech all Kéiers nees eng Gänsehaut.

No More Lovesongs. Lacrosse hiere neien Album ass Ufanks dës Mounts erauskomm, an ech hunn dës Pärel vun 2007 doduerch nees entdeckt. Et ass nach emmer mäin léiwstent Lidd, do kënnt hiere neien Album net drun erun. Eng eigentlech traureg Geschicht gëtt mat enger lëschteger Melodie verzielt. Schwedesche Pop at its best.

Elephant Gun. Wou mer grad bei schéine Lidder sinn, dat heiten vun der amerikanescher Band Beirut ass nach esou eent. Wien Beirut kennt, weess, dass déi aussergewéinlech Musék maachen – am Sënn vum Wuert: et ass ee ganz eegene Genre, eng Mixtur tëscht osteuropäeschem Folk an westlecher Popmusék. Bei dësem Lidd fesselen mech firun allem d’Trompetten. Esou Musék misst et der méi ginn.