One Gilmore Friday

Genausou bescheuert wéi deen Blogposttitel gesäit den éischten Filmclip vun The Good Guy aus (deen, an soss wier et wahrscheinlech méi interessant, net um gläichnamegen Buch vum Dean Koontz baséiert). Alexis Bledel, Bryan Greenberg a Scott Porter hin oder hier, wann do net nach ee wahnsinnegen Trailer nokënnt, verpassen ech dee Film – wat schued wier, well amfong gesinn ech se allen dräi gären spillen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *