Kuerzkritiken, oder sou (3)

Star Trek. Ech haassen de Film. Hätt ech mech net souvill iwwert all dee Brach opgereegt, wier ech wahrscheinlech schon agepennt wéi de Spock déi éischte Kéier eng Kläpperei ugefaangen huet. Ausser de Schauspiller, virun allem de Zachary Quinto, huet mer näischt gefall. Wann ech wëll klischeehaft Kläppereien, sinn ech mat Green Street Hooligans besser drun. A wann ech wëll grouss Explosiounen ouni ee wierkleche Plot, kann ech och ee Michael Bay Film kucken goen. Just eppes kann den Abrams besser wéi all déi aner: seng handvoll Ideen emme nees recycléieren. Kennt een sech nämlech méi mat sengen aneren Filmer an Fernsehserien aus fällt engem ganz schnell op, dass Star Trek just ee Mischmasch dorauser ass. Verschiddenes ass praktescht eent zu eent kopéiert, zum Beispill dee grousse roude Ball, deen och scho bei Alias gedroht hat d’Welt ze zerstéieren.

Coraline. Wat een verdammte louche Film. Baséierend um Buch vum Neil Gaiman (dat ech net gelies hunn) geet et em déi zimlech düster Geschicht vun engem klenge Meedchen dat an enger Welt land wou Leit mat Knäpp amplaz Aan liewen, an do festgehalen gëtt. T’stellt sech schnell eraus, dass déi perfekt Welt guer net esou perfekt ass, an d’Alternativversiounen vu sengen Elteren, déi ufanks extrem fein wierken, stellen sech als grausam Persounen eraus déi d’Séilen vu Kanner klauen. Definitiv keen Animatiounsfilm, deen fir Kanner geegent ass. De Film kéinnt och vum Tim Burton sinn. Als “sinister” huet ee Kolleeg de Film beim Ofspaann bezeechent, also onheemlech – an dat ass wuel dat passendst Wuert. Wien sech gären e bësse grujhelt, wert vill Freed un dësem Film hunn (d’3D Versioun ass dee méi déieren Entrée allerdéngs net wert, well just zwou, dräi Szenen tatsächlech am 3D sinn).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *