Kuerzkritiken, oder sou (4)

Angels and Demons ass guer net esou schlecht, wéi ech mer dat erwaard hätt. Et ass bei wäitem kee Meeschterwierk an d'”Fakten” sinn total inkorrekt (de CERN huet am Ganzen mol kee Billiounstel vun där Antimatière hiergestallt, déi am Film ze gesinn ass, ‘per acclamationem seu inspirationem’ gouf vum Jean-Paul II. an senger ‘Universi Dominici Gregis’ ofgeschaaft, …), mee eppes anescht erwaard mengen ech och keen hei.
D’Geschicht ass liicht emgeschriwwen, esou dass ee mengt dëse Film géing nom DaVinci spillen, wat net de Fall ass. De Plot ass wäitaus manner verworren wéi déi leschte Kéier a mécht dofir och vill méi Spaass. De Soundtrack ass zimlech solid, an am Géigesaz zur leschter Kéier kënnt d’Thema och am Laf vum Film emmer nees erem. Den Tom Hanks ass, nujee, den Tom Hanks – net méi a net manner. Den Ewan McGregor wierkt deelweis zimlech ennerfuerdert, an d’Ayelet Zurer ass guer net erwähnenswert. D’Spezialeffekter sinn net iwwerdriwwen, mee ennerstëtzen einfach nemmen d’Geschicht, esou wéi dat soll sinn.
Wat mech allerdéngs irritéiert huet war de Fait, dass déi däitsch, schwyzerdütsch, italienesch an franséisch Dialoger muenchmol ennertitelt waren an muenchmol net. Lo verstinn ech déi Sproochen zwar all, mee ech froen mech trotzdem wat do de System soll gewiercht sinn. Och verdammt nerveg ass, dass se bei de latengeschen Wierder a Sätz emmer firdéischt dat iergendwéi op laténgesch erausstammelen, an dann dee ganze Baterklang nacheemol op Englesch. Mir ass jo duerchaus kloër, dass déi meescht Leit kee Latäin kënnen. Mee da benotzt dach einfach direkt dat englescht Wuert.
De Schluss ass – wann een d’Buch net gelies huet – iwweregens vill méi eng grouss Iwweraschung, wéi beim The DaVinci Code. Also, halt esou komplex wéi de Brown dat färdeg bréngt. Alles an allem ass et ënnerhalsamen Popcornkino, an wierklech Längten huet de Film gottseidank keng.

That New Car Smell. Ech hunn jo zimlech vill géint Star Trek gesténkert an de leschten Deeg. Wat ech dobäi awer ni erwähnt hunn ass, wéi gudd mer de Soundtrack gefällt. Vu ville Leit gëtt en zwar kritiséiert, well d’Originalthema just kuerz um Enn vum Film benotzt gëtt, ma de Michael Giacchino huet awer eng fantastesch Arbëscht geleescht dem Film seng eege Musék ze ginn. That New Car Smell ass bei wäitem mäi léiwstent Lidd vum Sountrack, zumol bei de Sträichinstrumenter um Ufank kréien ech all Kéiers nees eng Gänsehaut.

No More Lovesongs. Lacrosse hiere neien Album ass Ufanks dës Mounts erauskomm, an ech hunn dës Pärel vun 2007 doduerch nees entdeckt. Et ass nach emmer mäin léiwstent Lidd, do kënnt hiere neien Album net drun erun. Eng eigentlech traureg Geschicht gëtt mat enger lëschteger Melodie verzielt. Schwedesche Pop at its best.

Elephant Gun. Wou mer grad bei schéine Lidder sinn, dat heiten vun der amerikanescher Band Beirut ass nach esou eent. Wien Beirut kennt, weess, dass déi aussergewéinlech Musék maachen – am Sënn vum Wuert: et ass ee ganz eegene Genre, eng Mixtur tëscht osteuropäeschem Folk an westlecher Popmusék. Bei dësem Lidd fesselen mech firun allem d’Trompetten. Esou Musék misst et der méi ginn.

6 thoughts on “Kuerzkritiken, oder sou (4)”

  1. Mä du weess jo, Kultur ass net just d’obligatorescht Besiche vum Louvre oder d’Kucke vun der neisten Hollywoodverfilmung vun engem Dan Brown Roman.

  2. Natirlech ass Kultur méi. Kultur ass och À la recherche du temps perdu gelies ze hunn, exotescht Iessen geschmacht ze hunn, Säz ze kennen wéi “Beam me up, Scotty”, ze wëssen dass een an engem Theater net dierf “Macbeth” soen, Majeur vu Mineur kënnen z’ennerscheeden, …

  3. Okay, dat fannen ech eng gutt Äntwert. Ech sinn zwar net honnert Prozent sécher, ob s de gemierkt hues, dass ech dech zitéiert hunn, mä ech ginn awer mol dovun aus, dass, an dass de de Witz weiderspënns…

    Wann net, dann ass d’Äntwert och nach okay.

    Mä “Beam me up, Scotty” ass dach ni gesot ginn, sou wäit ech als Net-Trekkie weess?

  4. Dach, dat war mer opgefall. Ech kann mech erënneren, dass ech mech iergendwann eng Kéier gehierlos driwwer opgereegt hunn wat alles *net* Kultur ass. Mee ech hunn déi Meenung awer mëttlerweil révidéiert. :)

    Jo, stëmmt effektiv, dee Saz gouf weder an enger Serie nach an engem Film jemols gesot. Trotzdem ass et ee Saz, deen praktesch all Mënsch an der westlecher Welt mam Franchise identifizéiert, op Fan oder net – dat wollt ech domatter soen. ;)

  5. Also, just fir dass de weess, vu wou de Saz staamt: e kënnt aus dem Manifest vun de jeunes mélancoliques. Muss dat da lo och revidéiert ginn? ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *