£10 à la iTunes

Dat ass jo alt erem typesch Apple. Net nemmen muss een ganzer £2,49 fir eng Folg Terminator Salvation: The Machinima Series blechen, wat de normale Präiss fir eng Episod ass vun 45 Minuten, obwuel déi heiten Episoden just 12 Minuten laang sinn. Nee, elo gëtt och grouss Reklamm gemaach, et géingen “TV Staffelen fir manner ewéi 10 Pond” ginn, an deen éischte Präiss deen ee gesäit ass dann direkt £11,34. Wéi muss ech dann elo do rechnen, fir dass ech op manner ewéi £10 kommen? Esou witzeg ewéi The Inbetweeners och ass, dann kann ech mer et och gratis op 4oD streamen. Dat geet dann zwar net um iPod, mee dofir ginn ech wéinstens net fir domm verkaf.

Dass dat ganzt ennert “Music” kategoriséiert ass iwwerascht mech amfong och net. Si geheien jo och Drama an Science-Fiction an déi selwecht Kategorie.

7 thoughts on “£10 à la iTunes”

  1. Wéi Apple mat TV Shows Geld mëscht ass a bleift mir e Rätsel.

    Serien kukt een 1-2x (villäicht no Joeren nach eng Kéier), mä et ass bei Weitem net wei bei Musek, déi een sech ëmmer ulauschteren well. Dat ass een Grond virwaad déi momentan Präiser am iTunes Store net akzeptabel sin, an ech den Service, wann en mol hei verfügbar wär, net notzen géif.
    En zweeten as dass et eng Aart Content-Recycling fir TV Networks ass, déi versichen den leschten Cent aus hirem Material erauszekréien.
    An iwwerhaapt, hulu.com weist dach, dass et och anescht geet.

    btw: am iTunes ass programmeiertechnesch alles Musek ;)

  2. Mee hulu baséiert dach op usech illegalen Kopien oder net? Genau wéi wann een sech d’Episoden per bittorrent giff eroflueden?

    Wat TV Shows ugeet, sou wier ech bereet 1 Euro pro Episode am iTunes ze bezuelen …

  3. Hulu.com gouf vun NBC an Fox gegrenn, an dono sin sou munsch aaner Studioen dobai komm. Finanzeiert sech duerch Werbung (2-3x 30s pro Sendung). Mee et kann een et dowengst och nemmen an den USA kuken.
    1€ wär en gudden Kompromess, mee bei 24 Folgen basste dann schon iwert dem DVD Präiss.
    Also sollt den Season-Ticket dodrenner leien.

  4. Ah, ok. Merci.

    Mee den Virdeel vum Seasonticket wier jo och, dass de net muss bis zum Schluss waarden fir deng DVD ze kafen ;)

  5. Kulturflatrate!!!!

    (Während de Joël fir d’Examen léiert, muss dach ee seng Aarbecht iwwerhuelen.)

  6. Ech hunn schon eng Tonn TV Serien am iTunes erofgelueden. Well ech do HD kréien, an zwar vill méi bëlleg wéi wann ech mer géing een HD Fernseh, en BluRay Player an dann och nach déi total iwwerdeiert BluRay Discen géing kafen goen. An dach, ech kucken déi meeschten Saachen duerchaus gären e puer Mol (Terminator: The Sarah Connor Chronicles, hunn ech zum Beispill schon e puer Mol komplett duerchgekuckt).
    An a Groussbritannien ginn et Versiounen vum Hulu. Si heeschen iPlayer, CatchUp oder och nach 4oD. An jo, fir sou muench Serie geet dat duer. Mee verschiddener besëtzt een halt eben och gären.

    1€ wär en gudden Kompromess, mee bei 24 Folgen basste dann schon iwert dem DVD Präiss.

    Wat ee Blödsinn. Dann géi emol bei Amazon.de kucken, esouguer do kriss de praktesch keng aktuell Staffel déi manner ewéi 24€ kascht.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *