Music Friday #2 – Lars Winnerbäck

2007 krut dëse Stockholmer Muséker den schwedeschen Musékspräiss Rockbjörnen fir d’Lidd vum Joer fir säin Duett mam Miss Li, Om Du Lämnade Mig Nu. Dat dierft illustréieren, ewéi populär dëse 34 Joer ale Kënschtler a Schweden ass, während en am Recht vun der Welt éischter onbekannt ass – leider d’Schicksal vu villen skandinaveschen Artisten, wann se net grad vun den Medien gehypet ginn ewéi zur Lescht wuel d’Lykke Li. D’Lidd ass vum Album Daugava (jo, et ass nom Floss zu Riga benannt), deen zwee Mol Platin krut.
Om Du Lämnade Mig Nu heescht esouvill wéi “Wann s du mech elo géings verloossen,” an ass ee Gespréich tëscht zwee Verléiwter, déi sech virstellen wéi et wier, wann si sech géingen trennen – an dat op eng extrem schéin Art a Weis, wat de Grond ass wisou d’Lidd ënnert de meeschtgespillten a mengem iTunes ass.
Dem Lars Winnerbäck seng offiziell Säit gëtt et ennert winnerback.se an seng MySpace Säit gëtt et hei.

Ech hunn emol probéiert, den Text esou gudd ewéi ech konnt op Lëtzebuergesch z’iwwersetzen. Mäin Schwedesch ass allerdéngs zimlech primitiv, et kënnen also duerchaus Feeler dran sinn. Wann een der fënnt, ech loossen mech gären verbesseren.

Ech géing matzen an der Nuecht erwäschen an ee laange Spazéiergang maachen.
Ech géing an aner Aan kucken, an enger friemer Stad.
Ech wier net an Hetz eng nei Persoun kennenzeléieren,
ech si vill fir mech eleng, genau sou wéi s du.
Ech géing den eidle Raum anotmen deen iwwreg géing bleiwen, wann s du mech elo géings verloossen.

Ech séiz am Zuch op Paräis a géing Stockholm hannert mer loossen.
Ech géing mer déi Zäit fir mech huelen, vun där ech sot dass ech se wéillt.
Ech géing mer erlaaben während dausende Kilometer duerch Europa ze dreemen
vun engem Friemen, dat esou vertrauensvoll wier ewéi s du.
Ech géing meng Lëpsen widdert engem aneren probéieren, wann s du mech elo géings verloossen.

Ech kéinnt ouni déi Blécker liewen déi mech aus dem Gläichgewicht geheien.
Ech géing de Moment vermëssen deen mer hunn, wann mer eis nees verdroen.
Ech géing Kontakter nosichen déi ech verluer hunn, mat deenen ech eemol zesumme war, iergendwou.
Ech huelen un et géing een anert ginn deem s du géings uruffen, wann et mech net géing ginn.

Villäicht géing ech een méi Jonke fannen, wéi eng Fierder a mengem Hut.
Et wier ze eidel wann keent do wier fir mech an der Nuecht ze wiermen.
Mee ech wier ni gedëlleg genuch verstaan ze ginn, kee kennt mech esou gudd wéi s du.
Ech géing nees a menger Einsamkeet festhänken, wann s du mech elo géings verloossen.

Kuerzkritiken, oder sou (5)

Under the Pavement – The Beach. Dee neien Album vun der schwedescher Band Deportees erfënnt zwar d’Popmusék net nei – zumindest net déi schwedesch, aner Länner kéinnten duerchaus nach draus léieren – mee dat brauchen se och guer net well et ass trotzdem ee wonnerschéinen Album. Absolute Favorit: “Wherever I Lay My Head Tonight,” eng Ballad, wéi et der roueg méi kéinnten ginn – einfach emol eng Kéier melancholesch sinn, sou wéi et fir d’lescht Enn der 90er mat Coldplay méiglech wor. Fazit: wien gären gudd schwedesch Musék lauschtert, dierft vill Freed mat dësem Album hunn.

17 Again. Jo, ee Zac Efron Film. Ech wollt deen och amfong guer net kucken goen. Mee wann ee mat engem Meedchen an de Kino geet, kënnt esou eppes halt emol fir. Déi eenzeg Alternativ war Terminator Salvation, an deen wollt meng Begleedung net gesinn. De Film war iwweraschenderweis guer net esou fierchterlech, ewéi ech mer dat erwaart hätt. D’Witzer waren zum gréissten Deel extrem banal, mee duerch dem Haaptcharakter säi beschte Frënd, deen en absolute Geek ass an fléissend Elfish (oder wéi och emmer een dat nennt, déi Tolkien Sprooch aus dem LotR) schwätzt, gëtt de Film dann trotzdem nach gerett. An déi éischt zwou Minuten ass den Zac Efron esouguer ee witzege Personnage. Fazit: muss ee net gesinn hunn, dréit een awer och net duerch vu Roserei wann ee Geld dofir ausginn huet.

Terminator Salvation. Wat ee bombastesche Film. Also, am Sënn vum Wuert: voll mat Explosiounen. Een richteg gäilen Actionfilm, ewéi de Michael Bay sech der just kann erdreemen. Et maach een dem Film virwerfen, dass de Plot beschtefälls pobéierdënn ass, mee en behaapt och guer net vun sech méi ze sinn. Vum McG dierf een sech keen déifphilosopheschen Matrix-esquen (dat Wuert wollt ech schon emol eng Kéier benotzen) Film erwaarden. Den Christian Bale nervt zwar mat sengem Ech-drécken-sou-fest-op-meng-Stëmm-bis-ech-rau-kléngen, mee dofir huet de Film jo och de Sam Worthington, een Schauspiller deen mat dësem Film hoffentlech endlech och dem Mainstreampublikum méi bekannt gëtt. Ee weideren positiven Punkt: den Danny Elfman iwwerascht mat engem bal epeschen Sondtrack. Fazit: kucken goen!

We Love Indie. Den D:qliq hat erem eng genial Band agelueden, déi dänesch Death Indie Grupp Mimas. Well ech, zanter den Bassist vun Do Androids Dream of Electric Sheep? mer hier Musék ze lauschteren ginn huet mat de Wierder: déi hunn vill Sonn an hierer Musék, total begeeschtert sinn vun deenen Muséker, hunn ech d’Leti an den Joël emol direkt an d’Stad geschleeft. Opening Act war déi lëtzebuergesch Formation La Fa Connected, déi ech bis dohinner just vum Numm kannt hunn, mee déi mech mat hierer Musék gëschter Owend definitiv konnten begeeschteren. Den Concert vu Mimas dann war esou ewéi ech mer dat erhofft hat. Live hunn d’Jongen e bëssen méi gerockt ewéi op CD, mee dat awer ganz gudd esou. D’Trompett koum leider net esou oft an Asaz, mee dat ass an der Rei, well den Trompettensolo bei Dads live nach méi schéin ass ewéi op hierem The Worries Album. Fazit: schued fir all déi, déi et verpasst hunn.

Gréng ass dat neit Brongt

Sinn ech deen Eenzegen, deem et beim Liesen vum RTL Artikel sauer opstéisst?

Dem André Hoffmann vun déi Lénk hu se ugebueden, déi néideg Ënnerschrëften ze ginn, fir Motiounen an Amendementer kënnen anzereechen. Dem ADR hëllefen déi Gréng op déi selwecht Art a Weis – allerdéngs nëmmen, bei Motiounen an Amendementer déi an den „normalen Bunnen“ wären.

Net, dass mech esou eppes iwwerascht. Den Hugo Boss François Bausch ass jo dofir bekannt, eng Schläimspuer hannert sech ze zéien em déi e sämtlech Schlécken op der Welt beneiden. Ech hunn et awer positiv fonnt, ewéi Déi Gréng erklärt hunn si géingen guer net eréischt a Koalitiounsverhandlungen mat der CSV goen. Mee vläit waren d’Chrëschten hinnen och einfach net wäit genuch riets am politesche Spektrum. Ech froen mech op eng lénks Partei nach esou glaawwürdeg ass wann se eng rietsextreem Partei ennerstëtzen geet – eng Partei, déi de Wieler iwwerhaapt net wëll als Fraktioun hunn. Wéi définéieren déi Gréng dann “normal Bunnen”? D’NSDAP hat firun ronn achtzeg Joer och als legitim Partei ugefaangen, an si hunn an “normale Bunnen” gehandelt, andeems se hiert Wahlerspriechen agehalen hunn, Arbëchtsplazen z’erschafen (a mir wëssen jo all, firwat déi Autobunnen wierklech gebaut goufen). Fakt ass: et kennt een ni déi wierklech Agenda vun enger Partei. An wann dat eng rietsextreem Partei ass, weist eis d’Geschicht dach kloër, dass een soll d’Fangeren dovunner loossen. Ma vläit wëllen déi Gréng jo och – wéi de Feierkrop et sou schéin genannt huet – “Endléisungen fir Lëtzebuerg”.

Oh… Ech héieren déi Gréng elo schon jäizen, dat wier alles am Sënn vun der Demokratie! All Stëmm an der Chamber muss gehéiert ginn. Richteg. Awer Demokratie heescht nun eemol leider, dass d’Vollék herrscht – an d’Vollék huet seng Meenung bei de Wahlen jo extreem däitlech gemach: et wëll vill manner Afloss fir d’Alternativ Demagogesch Réckstännegkeetspartei.

The Revolution Will Be Tweeted

Fir d’éischte Kéier zanter dem Web 2.0 weist dëse “neien” Medium säin ganzt politescht Potenzial. Op der Tehran Uni goufen Computeren vu Studenten kleng geschloen (Bild 34), Telefon, SMS an Satellitenkommunikatioun gouf geblockt. Mee d’Technologie huet et nuneemol un sech, dass een all Sperr kann emgoen. Den Stephen Fry héchstperséinlech veröffentlecht gëschter Owend d’Zougangsdaten fir ee Proxy, iwwer deen d’Iraner trotzdem kënnen op Twitter zougräifen. Esou kann d’ganz Welt aus der Prespektiv vun den Iraner live matverfollegen wat an der Demonstratioun geschidd.
Schéin a gudd, mee mir hei an Europa sinn jo awer total machtlos. Falsch. Esou ee Proxy kann jiddfereen opsetzen, deen e bëssen Ahnung vun der Matière huet. An wéi Twitter de Moien um 7 Auer soll fir 90 Minuten onerreechbar ginn well hieren ISP wollt um Netz schaffen, sinn d’Europäer an Amerikaner esou Stuerm gelaaf, bis NTT hier Arbëschten verluecht hunn, op 1.30 Auer iranescher Zäit muer de Moien. An fir et der iranescher Regierung esou richteg schwéier ze maachen d’Kommunikatioun z’iwwerwachen, kann een seng eegen Astellungen op Twitter esou änneren, dass een als Iraner ugewisen gëtt (Zäitzon an Plaz änneren). Ausserdeem gouf de Spieß emgedréit, andeems d’Websäit vum Ahmadinejad gëschter duerch eng DDoS Attack lahm geluecht gouf an nach emmer net ereechbar ass.
Déi klassesch Medien sinn iwwerdeems total iwwerfuerdert. RTL.lu an Wort.lu erwähnen d’Ereegnisser just kuerz, an nach nemmen d’Hallschent. Vum klenge Meedchen, zum Beispill, op dat gëschter Owend geschoss gouf ass néierens eppes ze liesen.

Natirlech stellt sech och eng aner Fro: huet eis westlech Gesellschaft net een komplett falscht Bild vun der Situatioun? Wouhier huelen mir d’Gewëssheet, dass de Mousavi d’Wahlen gewonnen huet? Jo, den Ahmadinejad ass an den urbanen Regiounen onbeléiwt. Dofir genéisst en um Land awer groussen Support. Oder éischter: huet e genoss. Well d’Revolutioun (esou lues ass et eng) huet sech längst aus Tehran eraus verbreet. Den Ahmadinejad mécht sech iwwerdeems ewech a Russland, an d’Wahlresultater ginn als “virleefeg” déklaréiert. De Wand dréit sech. Et ass nämlech mëttlerweil ganz einfach egal, wien wierklech d’Wahlen gewonnen huet. Hätt den Ahmadinejad wierklech näischt ze verbiergen, hätt en schon längst international Wahlbeobachter kënnen ruffen, déi d’Ziedelen frësch auszielen géifen. Wier en demokratesch gewielt, bräicht en net brutal op déi eegen Bevölkerung anzeschloen an op se ze schéissen – well e kéinnt jo ganz einfach beweisen, dass hien nunmol gewonnen huet. Wat hien awer elo erschafen huet ass eng Diktatur, an där Leit mutwëlleg vum Staat ermord ginn, d’Riede- an Pressefräiheet massivst ageschränkt ginn, an d’Demonstratiounsrecht de Leit radikal ofgesprach gëtt (d’Demonstratioun gëschter war jo bekanntlech vum Staat verbueden ginn). Och wann sech elo sollt erausstellen, dass hien d’Wahlen effektiv gewonnen huet: hien kann net méi President bleiwen, well de Mouvement esou ee Momentum ugeholl huet (an duerch d’Erschéissen an Ennerdrécken emmer méi ugestachelt gëtt), dass et net méi ze stoppen ass.
Ma wier de Mousavi dann besser? Ee Mann, deen fir d’Atomkraaft ass. Ee Mann, deen an den 80er Joeren als Premierminister als Hardliner bekannt war. Ee Mann, deen dësen muslimeschen Staat ewéi en haut ass duerch säi Matwierken an der Revolutioun vun 1979 materschaaf huet. Jo. Well en trotzdem géing Verännerung bréngen. En ass net nëmmen géint d’Morden vun Juden (den Ahmadinejad ass jo ee bekannten Leugner vum Holocaust), en huet och déklaréiert de Fraen méi Rechter wëllen ze ginn – en ass vläit keen Messias, mee en ass awer dat klengert Iwwel.
Den Obama ass iwwerdeems extreem zeréckhalend. Dat schéngt, wann een sech sou duerch Kommentarer liest, dee gréissten Deel vun de Leit z’iwweraschen. Mee wann een sech drun erënnert, wéi ee wahnsinnegen Misère Amerika dem Iran ugedoen huet, ass et nëmmen verständlech, dass d’Wäisst Haus sech elo zeréckhällt. Emmerhin waren et d’Amerikaner, déi dem Saddam Hussein deemols gréng Luucht ginn an en ennerstëtzt hunn fir den Iran unzegräifen. Dat nennt sech éischte Golfkrich, huet tëscht enger halwer an enger Millioun Iraner d’Liewen kascht, an den deemols amtéirende President Jimmy Carter gouf fir säin Ustachelen vun deem Völkermord am Joer 2002 zu Den Haag verurteelt mam Friddensnobelpräiss ausgezeechent.

Sounds rippling through the pavement,
images cracking across that one house,
feelings meandering past windows.

Berlin is a million heartbeats away –
the city without memories.

Untied shoes on broken walls,
prosaic texts on plastic phones,
rotten butterflies on shaky hands.

Stockholm is a memory away –
the city of a million heartbeats.

Scents fragmenting the gardens,
touches slivering that one front door,
heartaches blasting through keyholes.

Somewhere, without our heartbeats,
without our memories: home.

Music Friday #1 – Marit Larsen

Gebuer 1983 ass d’Norwegerin Marit Larsen verschiddenen villäicht nach an Erënnerung als eent vun den Memberen vun M2M, déi vun 1999 bis 2002 ee méi oder manner groussen Erfolleg haten. Mëttlerweil huet et zwee Soloalbumer erausginn, Under the Surface (2006) an The Chase (2008). Folgend Lidd, If a Song Could Get Me You, war déi éischte Single vun sengem Sophomore. Am Moment ass et op Tour, a kënnt am November relativ no bei Lëtzebuerg, wann et ee Concert an der Werkstatt zu Köln wert ginn.
Seng offiziell Websäit fënnt een ënnert maritlarsen.com an seng – erfreelech propper – MySpace Säit hei.

Da bleiwt et elo eben sou

Jo, schon erem. Veraarsche kann ech mech och selwer. “Update” nennen se esou eppes bei WordPress. -.-

Update: Nodeems Firefox mech elo scho nees eng gefillten Éiwegkeeten sou richteg schäisse gedoen huet (ech froen mech, op dee Browser jemols W3C kompatibel wert sinn) ass dann erem een halbwegs passablen Layout hei. Den Quellcode ass deelweis katastrofal, mee anescht funktionéiert et net an deem blöde Browser, deen beim Acid3 Test op eng lächerlech 71/100 kënnt (de Safari packt et op 100/100, dat ass kompatibel!)

Mir sinn online!

No villen Wochen Diskussiounen an Gewurschtels, an ganz vill Prokrastinéieren ass et endlech esouwäit: The Big Thread ass online! The Big Thread ass eng Zesummenarbëscht tëscht en puer Studenten vun menger (mëttlerweil fréierer) Uni, aus den (elo) zweeten an drëtten Joeren, déi Coursen am Creative Writing beleen (respektiv, a mengem Fall, beluecht hunn). D’Haaptleit dohannert sinn der haaptsächlech vun deenen, déi och schon bei der leschter Éditioun vun der University of Glamorgan Creative Writing Anthology am Editorial Board souzen.
Den Alter vun den Auteuren erstreckt sech iwwregens vun 18 bis 38 Joer, d’Inhalter vun de Kuerzgeschichten werten also zimlech breet gefächert sinn.
Den – villäicht komëschen – Numm kënnt vun engem Running Joke tëscht den involvéierten Leit: zanter Januar schreiwen mir eis per Facebook Messagen, bei deem et déi éischte Kéier drëm goung erauszefannen op et eng Limit géing ginn wéivill Messagen Facebook pro Thread zouléisst (et sinn der 1000). Mëttlerweil sinn mer beim fënneften Thread ukomm (dat heescht mir hunn eis bis elo eng 4600 Messagen geschriwwen). D’Titelen vun deenen Threads sinn all Kéiers “The Big Thread” plus iergendeen Ënnertitel (beim Véierten war dat zum Beispill: “fuck off back to Europe, Thierry”).
Fir de Moment gëtt et eréischt eng Kuerzgeschicht vum Chris an eng vum Paul do ze liesen, mee de Site wert sech awer séier fëllen – emmerhin sinn mer zu ning Leit. Gidd also roueg emol laanscht kucken.