Politik(er)verdrossenheet

Wat ech mer méi Videointerviewen ukucken an Table Ronden eranzéien, wat mer eppes emmer méi kloer gëtt: ech hunn guer kee Bock op Politik – oder éischter: op Politiker. Si jäizen all no deem selwechten, mol méi, mol manner populistesch. Esoubal een och nemmen e bëssen un d’Uewerfläch kraze geet mierkt een direkt, dass et hinnen just em eppes geet: em all Präis an d’Regierung ze kommen. An dat ass och dat eenzegt Ziel. Den Här Juncker, deen mech emmer méi un den Cäsar erënnert; den Här Meisch, deen krampfhaft probéiert een op Obama ze maachen; den Här Gybérien, deen säi Populismus hannert grousse Phrase verstoppt; den Här Bausch, deen een op revolutionär mécht awer direkt géing mat all aner Partei an eng Koalitioun goen; den Här Asselborn, deen grad esouvill vun der Welt versteet ewéi vum Kachen. An Europa ass et net besser. Do hunn mer d’Mme Reding, déi näischt emgerappt huet ausser der ICANN ze soen wéi se den Internet ze géréieren hunn an bei SMSen en puer Cent ewechgequetscht huet; d’Mme Lulling, déi mat Säz ewéi “et muss een zwee, dräi Glieser den Dag drénken fir keen Herzinfarkt an keen Alzheimer ze kréien” hier Intelligenz ennert Beweis gestallt huet. Wat déi Jonk ugeet, do hunn mer esou eemoleg Exemplarer op de Lëschten ewéi de Ralph Hellinckx (muss ech nach eppes zu deem soen?), an esou Vollidioten ewéi de Serge Wilmes, deen während engem online (!) Interview erklärt en hätt kee Schimmer, wat Netzneutralitéit ass, an d’Erklärung dovunner dann och nach net versteet.

Esoulues verstinn ech déi Leit, déi net wielen ginn. Ewéi den däitschen Politkabarettist Volker Pispers emmer nees gären feststellt: “Da können sie wählen wie sie wollen, das Beste bleibt uns ja nach der Wahl erhalten.”

Ech kafen mer iergendwou am Pazifik eng kleng Insel. ‘t ass jo fir ze katzen.

3 thoughts on “Politik(er)verdrossenheet”

  1. Ech fäerten, et ass e bessen en Däiwelskrees. Wat am Moment wuel vill Leit géigeniwwer vu Politiker empfannen, empfannen ech de Moment leider och géigeniwwer vu ville Leit. Wann ech mech mat Informatiounsbrochüren an d’Foussgängerzone stellen, misst ech fir se lass ze ginn, de Leit hannendrun laafen. Déi meescht landen dann ongelies an der Dreckskescht op um Buedem, well d’Dreckskescht scho voll ass mat Flyeren. Wann ech dann d’Brochüren ewech leen, an am Plaaz meng eng Hand mat Flaschenöffner an déi aner mat Bicer fellen, dann ginn ech vun de Leit quasi iwwerrannt an innerhalb vun e puer Minuten ass alles fort.
    Et kéint ee sech elo soen: ech maan dat dommt Spill net mat, a kemmere mech just em mäin Inhalt, mee wann et der drems geet, och eppes dono ze veränneren, dann brauchs de vill Stemmen, an dei kriss de bei ville Leit éischter mat Bicer wéi mat Inhalter. Kemmers de dech awer just em den Inhalt, punkts de bei der Minoritéit, déi wierklech dorun intresséiert ass, mee du hues dono näischt ze soen. Et ass am Fong eng lose-lose Situatioun.

    Mee bon, d’politesch Kultur ass de Moment effektiv en Trauerspill, souwuel wat d’Politikersäit, wéi och wat d’Wielersäit betrefft. Mee ech mengen, dass Boycott vunn der Politik awer déi falsch Reaktioun ass, an dass een eher sollt probéieren positiv Signaler ze verschéissen, och wann se riskéieren an der Mass ze verpuffen.

  2. Ech sinn mettlerweil esou weit de Stemmziedel weiss ze lossen.
    Dat nët well ech keen Bic fonnt hun deen mer gefällt mee well d’Inhalter et einfach net derwert sinn eng Stëmm ze kreien. Et kennt wirklech keen mat enger Iddi an den groussen Problemfelder (Educatioun / Economie) dei nei wier oder eppes deifgreifendes keint bewierken.
    Mier diskuteieren iwert Tram, Ufanksgehälter beim Staat oder d’Steieren. Sinn dat wirklech eis Problemer? Keen schwätzt wirklech driwwer wat passeiert falls d’Bankenplatz sëch awer nët esou erhëllt ewei geplangt. Et iwerleet och keen wat dei langfristeg Konsequenzen sinn an engem Land mat esou engem schlechten Schoulsystem.

    Ech mengen et ginn zwou Meiglechkeeten firwaat dat esou ass. Dei eng, et huet keen Politiker eng Ahnung wei dei Problemer geleist kënnte gin, wat fatal wier. Dei aner, et traut ganz einfach keen sech. D’Politiker färten, dat d’Leit se mat neien Iddien nët wielen geifen an bleiwen dofier bei hieren aalen Rezepter. D’Politiker sinn awer nët do fier den Leit ze gefahlen! Et geet dach nët drëmm ze kucken wat d’Leit gären hätten an en dann ze verspriechen wat se wëllen heieren. Et geet drëm langfristeg an Zunkunft ze plangen dei et mecht, dat et den Mënschen an hieren Kanner besser geet. Et geet drëm den Leit ze soen wat lass ass an dann eng Leisung ze proposeieren. D’Leit sinn an deem Fall wahrscheinlech och bereed Opfer ze brëngen an d’Zänn eng Zeitchen zesmmen ze beissen. Dofier brauchen se awer d’Perspektiv dat et en iergendwann besser geet wei elo. Dei Perspektiv hun mer obginn, mer wellen elo alles esou behalen ewei et ass.

    Warden mer emol of, war et an der leschter Crise nët och esou gangen? Mëtten drann ass Kontinuiteit gewielt gin an d’Keier drop ass d’CSV an d’Oppositioun gangen. Geif mech nët wirklech wonneren wann et dës Keier d’selwecht geif goen.

  3. Ech kann deng Politik(er)verdrossenheet gutt novollzéien. D’Insel am Pazifik wier eng lackelech Alternativ, mee gläichbedeitend mat Flucht. Soll et herno drop erauslafen, dass déi Leit déi Iddien hunn, fir positiv Signaler ze setzen, wéi de Manuel et schreift, se mat op hier Insel huelen? Do si keng potentiell Empfänger vun deene Signaler, an do brauchs de déi Signaler jo och net, well s du op denger Insel jo deng Gesellschaft selwer gestalts.

    Ech hunn alt nach ëmmer d’Hoffnung, dass déi positiv Signaler – soulaang se empfonge ginn – sech iergendwéi weider propagéieren an deemno net verstomme wäerten. Notamment duerch a mat den Informatiounstechnologien sinn d’Chancen fir dass dat geléngt nach ni sou grouss gewiescht. Dass mir an der lëtzebuergescher Provënz och an deem Domaine par rapport zum Ausland éischter hannendra sinn, heescht net gläichzäiteg, dass näischt op deem Gebitt heizuland geschitt.

    Bei den Nationalwalen kann ech mech net fir eng Lëscht entscheeden. Mat engem wäissen Ziedel allerdengs wier den Déplacement an de Walbüro fir mech absurd. Ech géif mer da léiwer wënschen, dass jiddereen deen décidéiert wier fir e wäissen Ziedel ofzeginn ganz einfach doheem bleift. Et wier interessant ze kucken, wéi den CSV-Stat mat souvill zivilem Ongehorsam ëmgoe géif. Mir perséinlech bleift also just d’Panaschéieren. Sou kann ech alt eppes Klengs dozou bäidroen, fir dass an den nächste 5 Joer positiv Signaler vu bis zu 23 Leit verschoss ginn. Vläicht ass jo dann och dat engt oder anert Signal dobäi wat net einfach verpufft, mee zu enger Ännerung féiert.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *