Ee kuerze Kommentar zu de Wahlen

Lëtzebuerg huet dem STATEC no 493’500 Awunner. Dovunner sinn der ongeféier 44% Auslänner, also net wahlberechtegt. Zéien mer dovunner nach alleguerten déi of, déi net wielen konnten well se ze jonk waren, respektiv well se iwwert dem Alter louchen an sech net ageschriwwen haten, dann bleiwen RTL no nach 240’676 Leit, déi effektiv hunn dierfte wielen goen. Dat ass manner ewéi d’Hallschent vun den Awunner! Dovunner sinn der 203’281 tatsächlech wielen gaangen – iwwer 37’000 Leit hunn also refuséiert wielen ze goen (dat sinn emmerhin 7%, 15% an domatter sinn mer schon bei iwwer der Hallschent vun Awunner, déi net gewielt hunn). Vun deenen déi wielen gaangen sinn, hunn der 13’288 een wäisst Blat ofginn. Bleiwen nach 189’993 Leit, déi effektiv een oder méi Kräizer gemaach hunn. Dat sinn ronn 40% vun den Awunner vu Lëtzebuerg. Domatter leien mir – trotz Wahlpflicht! – net nemmen ennert dem europäeschen Duerchschnëtt vun 43%, mee dat heescht och, dass ons Regierung eben net déi ass, déi eist Land verdéngt. Well 60% vum Land guer net gewielt huet, an dat zum allergréissten Deel well et hinnen guer net erlaabt war.
Sidd ierch därs emol bewosst, wann der als opgeklärten Demokraten elo erausposaunt, dass ee Vollék halt emmer déi Regierung kritt, déi et verdéngt. An dass “Lëtzebuerg” nun eemol d’CSV gewielt huet – well dat huet eist Land, bis op déi puer wéineg deenen et tatsächlech erlaabt ass ze wielen, net gemaach.

59 thoughts on “Ee kuerze Kommentar zu de Wahlen”

  1. Auslänner sollen op kommunalem Plang matwielen kënnen (wann se opmanst 2 Joër oder sou hei wunnen).
    Op nationalem Plang sollen just Lëtzebuerger oder Duebel Nationalitéiten matwielen kënnen.

    Alles anescht ass nët néideg. Ween op nationalem Plang wielen wëll, soll Lëtzebuerger ginn. Schliesslech geet et do em de Stat oder d’Natioun usech.

  2. Hein?! Wat ass dann eng Natioun?! Dat sinn déi Leit, déi innerhalb vun bestëmmte Grenzen an engem Land zesummenwunnen. Dréien mer déi Saach emol em. Ugeholl, du kriss eng gudd bezuelte Plaz an Dänemark. Du geess dohinner schaffen an liewen, an wunns elo do zanter zéng Joer. Du hues awer guer kee Recht ze décidéieren, vun wéi enger Regierung dass du regéiert gëss, an wéi eng Gesetzer gemaach ginn déi däi Liewen beaflossen. Wann d’Dänen elo eng Partei wielen, déi duerchsetzt dass all d’Auslänner manner Rechter hunn, dann muss du dat akzeptéieren an kanns guer näischt dogéint maachen ausser dat Land ze verloossen, dat während zéng Joer däin Doheem war, an wous du amfong glécklech bass. Just, wells du nach emmer stolz drop bass Lëtzebuerger ze sinn, an ze stur bass fir déi dänesch Nationalitéit unhuelen. Bass de nach emmer géint d’Wahlrecht fir Auslänner?

    Anert Beispill. Ech hunn eng Frëndin, dat ass hei am Land gebuer. Et ass hei opgewuess, hei an d’Schoul gaangen, an et wunnt nach emmer hei am Land. Weder seng Mamm nach säi Papp sinn allerdéngs Lëtzebuerger, dofir ass hatt och keen. An dofir dierf hatt net wielen. Esou een Land dierf sech net demokratesch nennen.

  3. Wéivill Prozent Auslänner hunn se an Dänemark?

    A wann ech esou verléiwt an Dänemark wier, firwat giff ech dann net och wëllen Däne ginn? Oder opmanst als zweet Nationalitéit die dänesch unhuelen?

    Mäi Schwoer huet seng Nationalitéit lo opginn an ass Lëtzebuerger. Hien woer gëscht wielen. Ass jo net schwéier, oder?

  4. Interessant Iwerleeungen!

    Wann d’Auslänner wielen keinten geifen och fleischt dei Verwerfungen verschwannen dei d’Pensionnairen an d’Staatbeamten/Leit aus dem convensioneirten Secteur bei den Wahlen verursachen. Dei zwou Gruppen hun nämlech nët onbedingt Interessie un Verännerungen an och nët fill Ahnung wat an der Privatwirtschaft leeft.

    P.S. 37000 fun 240676 gët plusminus 15%, wat enorm ass an een sech d’Fro stelle kann weisou dat neirens en Thema ass.

  5. Grommel: Kommunalwahlen därf een als Auslänner dach genausou wéi Europawahlen matwiehlen, nee?

    Nationalitéite sinn veraalte Konzepter aus dem vireschte Johrhonnert. Esou Identitéiten hunn sech dach schon emmer geännert. Fréiher waaren een eben Member vun engem Stamm wéi d’Treverer, Gallier, asw., durno eben Bayer, Frank, Flaam, asw. , haut dann eben Fransouz, Daitsche, Letzebuerger. An waat heescht “Letzebuerger” aanescht wéi “Een Awunner vun Letztebuerg”. Wien an engem Land lieft, en “produktivt Member vun der Gesellschaft” (wéi een daat och emmer definiéiert) ass, sollt och d’Meiglechkeet kréien, des Gesellschaft ze veränneren.
    Momentan ass d’Großherzogtum Lëtzebuerg ongeféiher sou demokratesch wéi daat aalt Athen. (Bzw. nach manner, wann een den gefillte Demokratieverloscht duerch Monarchie mat a rechent)

    Vlaischt sollt een einfach mol en Experiment op EU-Niveau probéiren: Mir hunn momentan jo an deenen aaneren EU-Länner quasi déi selwescht Rechter wéi d’Bierger vun dem Land. Mir därfen do wunnen, eis frai do beweegen, do schaffen, do studéiren, do op EU-Leschten kanidéiren an do an d’EU-Wahlen goen. An wann mer lo einfach géifen aféiren, daat een och därf an dem Land, an dem een wunnt, un den Nationalwahlen deelhuelen? (Et misst een sech awer lo fir sain Heemeschtland oder sain Gaaschtland entscheeden) Wou ass dann do den Ennerscheed? Ech gesinn op manst keen zu den EU-Wahlen …

  6. Grommel:
    Keng Ahnung. Dänemark war een zoufällege Choix. Ech hätt och kennen Neuseeland oder Peru soen. Et geet jo net em d’Land, et geet em d’Situatioun. D’Saach ass: du hues net emmer d’Méiglechkeet fir eng duebel Nationalitéit. Ganz vill Länner loossen déi net zou.
    Villäicht wiers de stolz drop, Lëtzebuerger ze sinn? (Et sollen jo esou Leit ginn). Fait ass, du kanns net vun engem Mënsch verlaangen, dass en seng Nationalitéit soll opginn, just fir een demokratescht Recht dierfen auszeüben. Wat ännert dat dann, wann een elo een fofzeg jähregen Portugies Lëtzebuerger gëtt, an dann dierf en wielen goen? Wat mécht hien dann elo op eemol esou lëtzebuergesch, dass hien dat Recht kritt? Just well elo op engem Stéck Pobeier eppes anescht bei der Nationalitéit steet, ass hien op eemol en aneren Mënsch mat méi Rechter? Ma wou liewen mir dann!

    denjclaude:
    Dat ass Quatsch. Ech kennen vill Staatsbeamten, an vun deenen huet keen eenzegen CSV oder LSAP gewielt. Wisou och, als Staatsbeamten gehéiers de zum Mëttelstand, an deen wëllen d’CSV an d’LSAP kleng maachen. Et war nach emmer d’CSV déi d’Paien vun den Staatsbeamten gekierzt huet. D’Interessien vun de Staatsbeamten AN vun der Privatwirtschaft ginn witzegerweis vun der nämlechter Partei vertrueden: der DP. Well déi fir de Mëttelstand ass. Dierf ech un de groussen Streik vu virun e puer Joer erënneren, wou d’Staatsbeamten op der Plëss stoungen mat Tomaten op d’CSV ze schéissen, an awer grouss applaudéiert gouf wéi d’Lydie Polfer komm ass.
    Ech kennen iwweregens eng ganz Rei Leit am private Secteur, déi d’CSV gewielt hunn.
    (Ah tschëfft. Mathé war nach ni meng Stärkt. -.-)

    Joël:
    Absolut! Mee ech hunn dat Gefill bis eis Gesellschaft an der Kategorie “Mënsch* denkt amplaz Fransous, Däitschen, asw. verginn nach vill Generatiounen. Et gesäit een jo hei zum Beispill wéi de Grommel nach un deem Konzept vun Nationalitéit festhält.

  7. Joel:

    Maja, sie kënne jo dann bei den Gemengen- an Europawahlen wielen. Geet dat net mol duer? A wann se méi wëllen a méi laang hei wunnen wëllen, firwat ginn se net Lëtzebuerger oder huelen d’duebel Nationalitéit un?

    An den USA sinn d’Kanner vun den Immigranten jo och Amerikaner an net Mexikaner, Russen, Fransousen oder Italiener. Opmanst net um Pass. Firwat net och esou zu Lëtzebuerg? Dann kéint ee wéinstens Gesellschaftsproblemer direkt uschwätzen amplaz ëmmer fir d’éischt die ‘Auslänner’-Fro missen ze behandelen.

    A Lëtzebuerg ass a bléiwt speziell a kann net mat ‘normalen’, vill méi groussen Länner verglach ginn! Wa mir net-Lëtzebuerger, an zumools net Nët-Lëtzebuerger, déi keen Lëtzebuergesch schwätzen d’Ziggel iwwerloossen, dann si mer geschwënn eng franséisch Provënz. An doropper hunn ech, zb, keng Loscht. Groussrégioun hin oder hier. Bëssen Identitéit muss bléiwen.

  8. Thierry:

    Wann d’Nationalitéit sou onwichteg ass, firwat ass et fir de Portugies dann sou en Problem déi opzeginn?

    An wann d’Nationalitéit dem Portugies wichteg ass, firwat net och dem Lëtzebuerger?

    Ech sinn en plus fir den ‘droit du sol’ an net den ‘droit du sang’. Läit déi hei gebuer ginn sollen automatesch Lëtzebuerger ginn. Net dass dat all Problem léisst, mee dann ass opmanst die Auslänner-Variabel fort.

  9. Thierry:

    Wéi gesot, ech hunn kee Problem, dass Auslänner no enger gewësser Zäit dierfen bei den Communal- an Europawahlen matmaachen. Awer bei den Chamberswahlen, déi d’Zukunft vum Land usech uginn, solle just Lëtzebuerger dierfen matmaachen. Dat ass einfach eng Prinzipiensaach. Wanns de dech mat engem Land genuch identifizéiers fir do wëllen um Landesniveau ze wielen, da solls de och deem Land seng Nationalitéit unhuelen.

    A ween net gewëllt ass Lëtzebuerger ze ginn oder dat net derwäert fënnt, dee brauch jo dann och net wielen ze kënnen. Da kann en jo a Portugal wielen goen (oder wunnen).

    Mäi Schwoer huet et jo och gemaach. An? Ass en dowéinst gestuerwen oder vun senger Famill verstouss ginn?

    Sécher net méi oder wann, wéi deemools, wéi en Decisioun geholl huet auszewanderen. (an nee, en ass net verstouss ginn)

  10. An iwwerhaapt: firwat mussen ëmmer MIR de Schrëtt maachen? Firwat mussen ëmmer MIR Saachen opginn? Wou ass dann de Kompromiss? Wou beweegt den Auslänner sech dann op eis zou?

  11. Wou ass dann fir dech den Ennerscheed zweschen der Europawahl/Gemengewahl an der Nationalwahl? Wann daat engt geht, wiesou dann net daat aanert? Well dann a be mol franzseischsprocheg Leit regéiren? Glewen ech net. Well een emmer musst letzebuergesch kennen, fir bei all de Leit unzekommen. Well den Undeel vun Letzebuerger, déi umworbe welle ginn, bleiwt jo awer.

    D’Europäer sinn haut – an ginn et emmer méi – immens mobil. Daat Leit e puer Joer an engem Land liewen an dann am Alter erem an hier Heemescht ginn, ass keng Seelenheet méi. Wann se héi schaffen, héi Stéiren bezuehlen an héi fir Euopa- a Gemengewahlen kanidéiren kënnen, wiesou sollen se dann net och héi kennen wiehle? Egal waat op dem Steck Pabéier/Plastik steht? Net all Land huet eng Doubel-Nationalitéit. An Eisteraisch z.B. ass et strofbar eng aaner Nationalitéit unzefroen. Mee vlaischt well een nachemol zereck an seng Heemescht, ouni do angespaart ze ginn?

    Integratioun muss vun beide Saiten gewollt sinn. Daat ass en wichtege Saatz, den mir eis alleguerten sollten duerch de Kapp goen losse.

  12. Grommel, dann beänwer mer emol d’Fro wat sech dann ännert, wann een elo décidéiert Lëtzebuerger ze ginn. Ass däi Schwoër dann elo en aneren Mënsch?! Wat ass dann elo esou anescht un him, dass hien op eemol dierf wielen? Just well do elo iergendwou op engem Stéck Pobeier e puer aner Buchstawen stinn, ass hien méi wert ewéi all déi aner an dierf matdécidéieren? Dat ass dach een Niveau un Hypokrisie deen et an enger Demokratie guer net dierft ginn.
    Et gëtt näischt, awer absolut guer näischt, wat däi Schwoër méi lëtzebuergesch mécht ewéi een aneren Auslänner deen hei gebuer an opgewuess ass, awer sech entscheed net déi lëtzebuergesch Nationalitéit unzehuelen – well en sech senger Famill trotzdem ee Stéck méi no fillt ewéi dem Land an deem e liewt (wat jo duerchaus nozevollzéien ass).

    D’Sprooch an der Chamber ass lëtzebuergesch. Dat heescht, och een Auslänner deen géing Députéierten ginn, misst déi Sprooch beherrschen. An ech hunn jo emol guer net dovunner geschwat, dass se sollen d’Recht kréien sech opstellen ze loossen. Mee se iwwerhaapt emol wielen ze loossen wier schon emol ee Schrëtt an déi richteg Richtung.

    “Mir” mussen ee Kompromëss maachen? Wisou ass dat ee Kompromëss, wann mir jiddfereen wielen loossen deen zanter enger bestëmmter Zäit hei wunnt?

    Deng Argumentatioun kléngt e bëssen no “ech wëll net vu Gualen regéiert ginn.” Ech wëll dir natirlech keng Xenophobie ennerstellen, mee ech gesinn einfach net d’Logik an denger Argumentatioun. Wat mécht mech dann méi lëtzebuergesch ewéi d’Persoun X, mat deem ech an der Sandkëscht gespillt hunn, mat deem ech an d’Schoul gaangen sinn an wat genau esou fléissend lëtzebuergesch schwätzt ewéi ech, awer dat halt net déi lëtzebuergesch Nationalitéit huet???? Ech sinn och keen “Stacklëtzebuerger” an hunn däitscht Blutt (wat ee bescheuerten Ausdrock!) a mer, dierf ech elo net méi wielen goen?!

  13. @denjclaude
    Also ewéi den Thierry schons soot ass et d’DP déi Privatwirtschaft an Staatsbeamten wuel am beschten representéiert. An déi Propose vun der CSV d’Ufanksgehälter beim Staat erofzesetzen ass nemmen e Cadeau un d’Patronat. Besser wäer et wuel wann d’Léit am Privatsecteur giffe méi kréien. En plus, stéiert mech dee Kampf géint d’Staatsbeamten. Dass déi Léit mussen e puer Examen maachen ier se hier Plaatz kréien, gett zimlech oft vergiess. An dann ass et jo och esou dass de Staat Problemer huet fir déi iewecht Plaatzen zefellen. Firwaat? Am Privatsecteur verdengen d’Léit do méi. A wann ech mech richteg erenneren ass d’CGFP derfier fir de Staatsbeamten-Secteur fir Net-Lëtzebuerger opzemaachen. (Jiddefalls zu engem Deel.) Et ass also net sou wéi wann déi keng Verännerung wéillten, mee hunn wuel déi meescht vun hinnen nei Weeër gewielt.

    @ Grommel
    “Dann kéint ee wéinstens Gesellschaftsproblemer direkt uschwätzen amplaz ëmmer fir d’éischt die ‘Auslänner’-Fro missen ze behandelen.”

    Ass dat kee Gesellschaftsproblem? :S

    Ech mengen wat hei wichteg ass, ass de Faite dass d’duebel Nationalitéit jo nach net an all Land op der Welt unerkannt ass. Wann een an engem Land X gebuer ass, waat déi duebel Nationalitéit net unerkennt, deno mat 20 Joër bspw. an en aanert Land Y wunne geet. No 30 Joër fillt een sech eigentlech wéi e Bierger vun deem Land Y a wéillt och mat wiele goen, well awer net “séng Wuerzelen” an domatter jo och séng Geschicht ofleenen. Wa mir lo déi duebel Nationalitéit an all Land hätten, wäer dat Argument “Mir hu jo duebel Nationalitéit” besser.

    Hoffnung hunn ech awer wann ech op déi Jonk kucken. CSJ, JSL, JDL, JCL, déi Lénk, déi jonk Gréng hu jo zesummen mat der ASTI “Refresh democracy” gestart. Bis op den adrenalin (wat wuel verständlech ass) sinn sech déi aaner jonk Léit all eenz. Wéi gesoot dat léist hoffen, mee et muss awer wéider gekämpft ginn fir déi “Prejudices” déi nach do sinn zeverdrengen fir dass mer erem eng richteg Demokratie sinn…

  14. Joel:

    Den Ennerscheed ass, dass d’Nationalwahlen vill méi wäit ginn wéi kommunal Wahlen. Sie definéieren, wéi d’Land sech vis-à-vis vun deenen aneren Länner présentéiert, wat die national Prioritéiten a Projet’en sinn, etc. A firwat sollen déi vun Auslänner décidéiert ginn?

    Dass Auslänner, déi hei (oft och nëmmen temporär!) liewen, sech fir d’Gemengepolitik interesséieren an déi mat beaflossen wëllen, ass jo ok a legitim. Mee Decisiounen op deem Niveau hu vill manner Implikatiounen fir d’Land usech wéi Decisiounen, déi vun der Regierung geholl ginn. An déi sollen, menger Meenung no, halt just vun Läit, déi d’Nationalitéit vun deem Land hunn an sech mat deem Land IDENTIFIZEIEREN, geholl ginn.

    Wann lo net-Auslänner, déi och oft kee Lëtzebuergesch kënnen Wieler ginn, da ginn d’Parteien natierlech och op déi zou. Well Stëmmen si Stëmmen, a Parteien interesséieren Stëmmen jo am meeschten. An dann geet Schrëtt fir Schrëtt ëmmer méi Lëtzebuergesch verluer, d’Wahlveranstaltungen sinn dann op eemol och op franséisch, etc. Mir wëssen dach wéi dat geet!

    Wann op eemol méi wie 50% vun de Wieler kee Lëtzebuergesch kënnen, wat dann? Maache mer dann alles op franséisch fir deenen et nees gerecht ze man? Natierlech wieren déi 50% net vun haut op muer do. Mee mat der Zäit …

    An ech fannen, déi die hei wielen WELLEN, sollen sech och e bëssen dofir ustrengen fir dat maachen ze kënnen! Ech kann jo och net einfach a Schweden goen a verlaangen, dass sie mir alles op Däitsch erklären fir dass ech wielen kann.

  15. An Schweden ass Daitsch keng Nationalsprooch. Franseisch ass eng héi am Land.
    Soll een demnächst net een Gesinnungstest anféiren, iert een den Wahlziedel kritt? Jiddereen den net gären Kachkéis ësst an den Grand-Duc net leiwer huet wéi sain eegene Papp därf net wiehle goe? En kann sech jo dann net mat dem Land héi “IDENTIFIZEIEREN” (waat och emmer daat heeschen soll) an sollt am beschten seng Carte d’Identité ofgeholl kréien.

    Gemengewahle ginn net esou wait wéi Nationalwahlen. OK.
    An waat ass mat den EU-Wahlen? Daat sinn nämlech Entscheedungen, déi reng theoretesch MEI wait ginn wéi d’Nationalwahlen. Deng Argumentatioun graift also net. Repräsentéiten d’Madame Reding, d’Härren Goerens an Turmes Lëtzebuerg dann net am Europaparlament? An kuck der mol un, all déi béis francophone Auslänner, ween se gewiehlt hunn! Lauter Leit déi franseisch schwätzen! Also, nirwt Letzebuergesch an Daitsch an evtl. och aanere Sprooche.

  16. Thierry:

    > Grommel, dann beänwer mer emol d’Fro wat sech dann ännert, wann een elo décidéiert Lëtzebuerger ze ginn. Ass däi Schwoër dann elo en aneren Mënsch?! Wat ass dann elo esou anescht un him, dass hien op eemol dierf wielen? Just well do elo iergendwou op engem Stéck Pobeier e puer aner Buchstawen stinn, ass hien méi wert ewéi all déi aner an dierf matdécidéieren? Dat ass dach een Niveau un Hypokrisie deen et an enger Demokratie guer net dierft ginn.

    Wat sech ännert ass dass hien gewiesen huet, dass him wierklech eppes un dësem Land läit, dass hien decidéiert huet hei ze bleiwen, sech hei ze engagéieren an hien sech lo mat dësem Land a senger Zukunft identifizéiert.

    > Et gëtt näischt, awer absolut guer näischt, wat däi Schwoër méi lëtzebuergesch mécht ewéi een aneren Auslänner deen hei gebuer an opgewuess ass, awer sech entscheed net déi lëtzebuergesch Nationalitéit unzehuelen – well en sech senger Famill trotzdem ee Stéck méi no fillt ewéi dem Land an deem e liewt (wat jo duerchaus nozevollzéien ass).

    Net averstan. Wann en Auslänner, deen hei gebuer ass, well Portugies oder wat och ëmmer bleiwen, vun mir aus. Mee hien ass hei net a Portugal. Also huet en, wat Lëtzebuerg als Land ugeet, näischt ze soen. Genau wéi ech näischt ze soen hunn, wat am Portugal passéieren soll. Wann hien sech also méi mam Portugal identifizéiert wéi mat Letzebuerg, firwat soll hien decidéieren, wat Letzebuerg fir eng Regierung soll hunn?? Ech kennen ex-Portugiesen, déi lo Lëtzebuerger sinn. Trotzdem fillen se sech hierer Famill oder dem Land vun hieren Elteren verbonnen. Mee si sinn halt keng Portugiesen, sie liewen jo och net do. Sie liewen hei. An hei ass net Portugal.

    > D’Sprooch an der Chamber ass lëtzebuergesch. Dat heescht, och een Auslänner deen géing Députéierten ginn, misst déi Sprooch beherrschen. An ech hunn jo emol guer net dovunner geschwat, dass se sollen d’Recht kréien sech opstellen ze loossen. Mee se iwwerhaapt emol wielen ze loossen wier schon emol ee Schrëtt an déi richteg Richtung.

    Sech opstellen geet jo nach e Schratt méi wäit! Dat giff ech och net zoulossen. Wanns de en Land matleeden wells, muss de Member vun deem Land sinn. Et sief dann Europa giff komplett harmoniséiert an Nationalstaaten opgeléist ginn. Mee do si mer (nach) net.

    > Mir” mussen ee Kompromëss maachen? Wisou ass dat ee Kompromëss, wann mir jiddfereen wielen loossen deen zanter enger bestëmmter Zäit hei wunnt?

    Well mir hien sou un Saachen giffen decidéieren loossen, déi eis NATIONAL SOUVERAINITEIT uginn.

    > Deng Argumentatioun kléngt e bëssen no “ech wëll net vu Gualen regéiert ginn.” Ech wëll dir natirlech keng Xenophobie ennerstellen, mee ech gesinn einfach net d’Logik an denger Argumentatioun. Wat mécht mech dann méi lëtzebuergesch ewéi d’Persoun X, mat deem ech an der Sandkëscht gespillt hunn, mat deem ech an d’Schoul gaangen sinn an wat genau esou fléissend lëtzebuergesch schwätzt ewéi ech, awer dat halt net déi lëtzebuergesch Nationalitéit huet???? Ech sinn och keen “Stacklëtzebuerger” an hunn däitscht Blutt (wat ee bescheuerten Ausdrock!) a mer, dierf ech elo net méi wielen goen?!

    Mee wann die national Identitéit sou onwichteg ass, firwat ass et dann sou en riesen Problem, wann deen aneren seng soll opginn an eis Unhuelen soll?? Ass jo dann just eng Formalitéit??

    Ech sinn och just halwen Lëtzebuerger, mee ech sinn hei gebuer, an engem lëtzebuergeschen Kader opgewuess, etc. Ech hunn Null perséinlech Identifikatioun mat deem aneren Land (Däitschland), duerfir hätt ech mer och en lëtzebuergeschen Pass gefrot, wann ech deen net schon vun Ufank un gehat hätt!

    Ech bléiwen bei menger Iwwerzeegung, dass Froen déi die national Identitéit a Souveränitéit vum Land uginn, just vu Läit solle geholl ginn, déi déi Nationalitéit hunn.

    Op Gemengeniveau (an och Europa) ass dat anescht. Do kënne se jo matwielen.

  17. Tom:

    > Hoffnung hunn ech awer wann ech op déi Jonk kucken. CSJ, JSL, JDL, JCL, déi Lénk, déi jonk Gréng hu jo zesummen mat der ASTI “Refresh democracy” gestart. Bis op den adrenalin (wat wuel verständlech ass) sinn sech déi aaner jonk Léit all eenz. Wéi gesoot dat léist hoffen, mee et muss awer wéider gekämpft ginn fir déi “Prejudices” déi nach do sinn zeverdrengen fir dass mer erem eng richteg Demokratie sinn…

    Sou unanime woeren déi Parteien och net all bei ‘Refresh democracy’.

    A schwätz mer net vun der ASTI. Déi fuedert vun den Auslänner guer näischt a vun eis alles. D’Auslänner sinn alles Gudder a mir sinn all déi Béiss. De Kollwelter ass bei mir ennen duerch.

    Ech hunn näischt géint en Zesummenliewen tëschent de Natiounen, au contraire. Mee d’Kompromisser dierfen nët ëmmer nëmmen vun enger Säit kommen.

  18. Joel:

    >An Schweden ass Daitsch keng Nationalsprooch. Franseisch ass eng héi am Land.

    Wat ass d’Mammesprooch vun de Schweden?
    Wat ass d’Mammesprooch vun de Lëtzebuerger?

    > Soll een demnächst net een Gesinnungstest anféiren, iert een den Wahlziedel kritt? Jiddereen den net gären Kachkéis ësst an den Grand-Duc net leiwer huet wéi sain eegene Papp därf net wiehle goe? En kann sech jo dann net mat dem Land héi “IDENTIFIZEIEREN” (waat och emmer daat heeschen soll) an sollt am beschten seng Carte d’Identité ofgeholl kréien.

    Et muss een e puer Basisregelen hunn, wat dat nationalt Wahlrecht ugeet, a mengen Aan. Identitéit a Verbonnenheet zum Land wier eng! An eng wichteg.

    Ech sinn keen Fan vun der Anarchie an ähnlechem, wou alles ouni Spillregelen goen soll, etc. Dat ass villäicht attraktiv wann een 20 ass ;)

    > Gemengewahle ginn net esou wait wéi Nationalwahlen. OK.

    Gutt, dass mer eis heiandsdo dann eens sinn ;)

    > An waat ass mat den EU-Wahlen? Daat sinn nämlech Entscheedungen, déi reng theoretesch MEI wait ginn wéi d’Nationalwahlen. Deng Argumentatioun graift also net. Repräsentéiten d’Madame Reding, d’Härren Goerens an Turmes Lëtzebuerg dann net am Europaparlament? An kuck der mol un, all déi béis francophone Auslänner, ween se gewiehlt hunn! Lauter Leit déi franseisch schwätzen! Also, nirwt Letzebuergesch an Daitsch an evtl. och aanere Sprooche.

    EU Decisiounen ginn souwiesou europawäit geholl, firwat also net Europäer wielen loossen?

    Mee Decisioun, déi eis Regierung fir Lëtzebuerg hëllt, sollen vun Lëtzebuerger sanktionnéiert sinn. Net vun Auslänner.

    Kënnen an deenen aneren Länner Net-Eenheemescher national wielen? Kënnen a Frankräich Marokkaner bei den Présidentiellen wielen? D’Tierken an Däitschland? Pakistanien an England? An suguer wann, da wieren dat nach emmer immens MINORITEITEN. Am Géigensaz zu Letzebuerg.

  19. Aaaah. Gudd Beispill. A Schweden ginn et nämlech sechs (Schwedesch, Standard Finnesch, Meänkieli, déi dräi Sami Sproochen, Romani a Yiddesch) verschidden Sproochen, eng offiziell Sprooch gëtt et guer net (vum éischte Juli un wert awer Schwedesch allerdéngs als Staatssprooch gëllen (hei gëtt jo an der Chamber och Lëtzebuergesch geschwat, trotz dem Fait dass mer nach zwou aner offiziell Sproochen hunn), mee déi aner fënnef dierfs de genausou benotzen fir administrativ Ufroen etc.). Déi wichtegst Sprooch nierwt Schwedesch sinn wuel d’Sami Sproochen – an do hunn mer och schon direkt een schéint Beispill fir “Auslänner.” D’Sami sinn nämlech keng Schweden. Dat Vollék streckt sech duerch Schweden, Finnland an Norwegen. Domatter sinn si iwwerall Auslänner, et gëtt jo kee Sami-Land. A wou dierften si denger Meenung dann elo wielen goen?

    D’Nationalitéit muss fir de Staat eng Banalitéit sinn. Ee Staat dierf seng Bierger net klassifizéieren no hierer Nationalitéit, ee Bierger muss dierfen fräi wielen ob hien elo déi vun deem Land unhëllt an deem e liewt oder net, ouni dass seng Rechter doduercher beaflosst ginn.

    Wanns de sees, de Staat décidéiert wéi en sech vis-à-vis vun anere Länner verhällt, dofir dierfen do Auslänner net matwielen froen ech mech, op dat déi Auslänner dann net betrëfft wat dee Staat mécht. Si wunnen jo och hei. Ass dee Schrëtt dann esou wichteg, seng Nationalitéit ze änneren? Wéisou muss een Auslänner tëscht sengen Wuerzelen an senger neier Heemecht wielen?

    Wann mir elo hei géingen den ADR wielen, dann missten sech alleguerten d’Auslänner deem ennerwerfen, ouni dass si iergendeen legalt Recht hätten sech géint eng xenophob Rehgierung ze wieren?

    Vun der ASTI brauchen mer net ze schwätzen. Déi hunn eng mat der Ratsch.

    Et muss ee jo keng Wahlpflicht fir Ausläner aféieren. Wann et een Wahlrecht géing ginn, dann géingen souwisou nemmen déi wielen goen, déi interesséiert genuch wieren. An dann kéinns de och keng Wahlveranstaltungen op franséisch maachen, well du wéisst jo als Partei net op et elo an der Gemeng iwwerhaapt Auslänner ginn, déi sech fir d’Wahlen ageschriwwen hunn.

  20. >Et muss een e puer Basisregelen hunn, wat dat nationalt Wahlrecht ugeet, a mengen Aan. Identitéit a Verbonnenheet zum Land wier eng! An eng wichteg.

    Du bass also FIR déi absolut idiotesch Fuederung vun engem Gesinnungstest virun de Wahlen och fir Letzebuerger?

    >Ech sinn keen Fan vun der Anarchie an ähnlechem, wou alles ouni Spillregelen goen soll, etc. Dat ass villäicht attraktiv wann een 20 ass ;)

    Waat huet Auslännerwahlrecht mat Anarchie ze dinn? Ech wärt och lo net méi probéiren dir den Ennerscheed zweschen Anarchie an Anomie erklären. Ech glewen dir just net méi, daats du dech fir Wierder an hier Hierkunft interesséiers, wanns de se héi absichtlech falsch gebrauchs, just well die déi Konzepter, déi hannendrunstinn, net gefaalen. Ech soe jo och net Accerlation amplaatz Schwerkraft, just well ech net gären op den Henner faale. Loss esou blöd Seitenhiebe einfach aus dem Spill. Sorry, mee ech werfe dir jo och net vir, du wiers ADR-Fan, just wells de fenns, daat LETZEBUERG vun DE LETZEBUERGER regéiert sollt ginn.

    >EU Decisiounen ginn souwiesou europawäit geholl, firwat also net Europäer wielen loossen?
    >Mee Decisioun, déi eis Regierung fir Lëtzebuerg hëllt, sollen vun Lëtzebuerger sanktionnéiert sinn. Net vun Auslänner.

    Laut der Aussoe misste mer aus der EU austrieden. Wéivill % vun den Gesetzer komme vu Breissel? Den Argumentationskaatz huet Siewen Schwänz an sech op manst graad an 4 vun denen gebass.

    >An suguer wann, da wieren dat nach emmer immens MINORITEITEN. Am Géigensaz zu Letzebuerg.

    DOREMS GEHT ET JO!
    Et geht jo drems, die déi ondemokratesch Situatioun ze entschärfen, andems een engem Bevölkerungsundeel, deen baal d’Halschent vun Anwunner vun dem Land stellt, d’Chance kritt, matzedecidéiren, waat an hirer Heemescht, do wou sie liewen, schaffen an mat Stéire déier Naturmuseen bezuehlen.

    Du kucks déi Saach mat den Nationalitéiten aus dem falsche Bleckwenkel. Fir mech (a wann ech den Thierry richteg verstaane hunn, fir hien och) ass et net wichteg, waat an engem Pass steht, well daat den Mensch net ausmescht.
    Oder? Kanns du mir erklären, waat DECH dann esou LETZEBUERGESCH mescht? A firwaat muss DU dann net beweisen, daats du dech mat dem Land identifizéiers, iers du därfs wiehle goe? (“Mir sinn héi net a Portugal, do geht daat och net!” ass, egal wéi een et dreint, keng Äntwert op déi Fro.) Waat hues du dann méi gemaach fir daat Recht ze erhaalen?

    Ech verstinn net wéi Leit déi esou vill géint Relioune stänkeren sech esou op Konzepter beruffen, déi als “gottgegeben” ungesinn waaren. Well wann mer keng genetesch Ennerscheeder zweschen Natioune feststelle kennen an et keng “Wesensunterschiede” ginn, an den Konstrukt “Natioun” och net vun enger héigerer Macht legitimiséiert ass, waat bleiwt dann nach? Richteg, en Steck Pabéier an d’Hoffnung, een mat denen selweschter Wieder op engem Steck Pabéier wier gudd an enger Sportaart.

  21. Ahjo, waat déi grausam an zivilatiounszerstéirend Wahlveranstaltungen op Franseisch unbelaangt: Anscheinend ginn et Leit, déi zwou Sproche kennen. An ennert Denen ginn et anscheinend och Leit, quasi simulatan eppes waat an enger Sprooch geschwaat ged an der aanerer noplapperen kennen. An dann ginn et nach ganz aaner Leit, déi bauen komesch Apparater, an déi déi zweet Zort Leit eranschwätzen kennen an nach aaner Apparater, déi sech Leit, déi nemmen eng Sprooch verstinn, opsetzen kennen.

  22. Thierry:

    > D’Sami sinn nämlech keng Schweden. Dat Vollék streckt sech duerch Schweden, Finnland an Norwegen. Domatter sinn si iwwerall Auslänner, et gëtt jo kee Sami-Land. A wou dierften si denger Meenung dann elo wielen goen?

    Aner Problematik. Dat Vollek woer schon do éier die Staaten existéiert hunn. Wat bei eisen Auslänner jo net de Fall ass.

    > D’Nationalitéit muss fir de Staat eng Banalitéit sinn. Ee Staat dierf seng Bierger net klassifizéieren no hierer Nationalitéit, ee Bierger muss dierfen fräi wielen ob hien elo déi vun deem Land unhëllt an deem e liewt oder net, ouni dass seng Rechter doduercher beaflosst ginn.

    Firwat däerf en dat nët? Dierf e Lëtzebuerger a Portugal wielen?

    > Wanns de sees, de Staat décidéiert wéi en sech vis-à-vis vun anere Länner verhällt, dofir dierfen do Auslänner net matwielen froen ech mech, op dat déi Auslänner dann net betrëfft wat dee Staat mécht. Si wunnen jo och hei. Ass dee Schrëtt dann esou wichteg, seng Nationalitéit ze änneren? Wéisou muss een Auslänner tëscht sengen Wuerzelen an senger neier Heemecht wielen?

    Firwat net? Zumools wann e wëlles huet hei ze bléiwen oder seng Famill dat schon an der x-ter Generatioun ass! An den USA sinn d’Läit och no der eischter Generatioun AMERIKANER. An net nach Spuenier, Mexikaner, Fransousen, Russen, …

    > Wann mir elo hei géingen den ADR wielen, dann missten sech alleguerten d’Auslänner deem ennerwerfen, ouni dass si iergendeen legalt Recht hätten sech géint eng xenophob Rehgierung ze wieren?

    Dat wier en extremen Fall a schon mat Nazi-Däitschland oder der Hamas am Gaza-Sträifen ze vergläichen.

    > Vun der ASTI brauchen mer net ze schwätzen. Déi hunn eng mat der Ratsch.

    Uff, da sinn ech jo net ganz verréckt ;)

    > Et muss ee jo keng Wahlpflicht fir Ausläner aféieren. Wann et een Wahlrecht géing ginn, dann géingen souwisou nemmen déi wielen goen, déi interesséiert genuch wieren. An dann kéinns de och keng Wahlveranstaltungen op franséisch maachen, well du wéisst jo als Partei net op et elo an der Gemeng iwwerhaapt Auslänner ginn, déi sech fir d’Wahlen ageschriwwen hunn.

    D’Parteien lafen all Stëmm no. Zumools die kleng. Dat wieren dann die éischt die alles giffen bi-lingue man (ausser der ADR natierlech) just fir zousätzlech Stëmmen ze kréien. An die grouss wëllen sech dann och net dem Virworf vun Xenophobie oder Segrégatioun ausgesetzt fillen an maachen dat dann och … a schon hu mer de Kuddelmuddel.

    Mee ganz am Eescht: wat ass de Kompromiss deen d’Auslänner missten agoen? Oder könne sie nëmmen gewannen bei der Saach?

  23. Iwregens ginn et vill Wahlprogrammer schon op franzséisch. An eng Partei huet hiere Programm esouguer zum Deel op portugiesesch iwersaat. Et ass den Ufank vum Enn. Geschwen sinn met just nach eng portugiesesch Kolonie, Kachkéis ged verbueden an mir mussen all Daag Sardinnen iessen.

  24. Okay, d’Sami sinn een aneren Problem. Ech mengen et hëlleft eis och net weider, wann mer deen elo hei duerchdiskutéiren.

    An arabeschen Länner muss du ee Meedchen stengegen dat firum Bestiednis mat engem Jong schléift. Mussen mir dat Gesetz elo hei aféieren? Wat ech wëll soen ass: just well et eng bestëmmte Gesetzeslag am Ausland gëtt, mussen mir nach laang net déi selwecht hunn. Wann ech géing a Portugal wunnen, wéillt ech do mäi Wahlrecht. Ech gesinn awer net an, firwat ech sollt Portugies ginn.

    De Joel huet een gudd Thema ugeschwat: Steieren. Mir liewen jo gudd vun all deene Suen, déi déi 40% Auslänner eis ginn. An mir ganz eleng dierfen bestëmmen, wat mir mat hierem Geld maachen. Natirlech hunn si do als Auslänner guer kee Recht verdéngt matzebestëmmen, wat mat hierem Geld gemaach gëtt. SI sinn jo schließlech an där falscher Famill gebuer.

    De Kompromëss deen d’Auslänner missten agoen wier, dass si sech fir dat Land hei missten interesséieren. Well soss géingen se souwisou net wielen. An géingen “mir” do net och dobäi gewannen, wann d’Auslänner sech géingen fir “eis” Politik interesséieren? Dat géing der Integratioun dach garantéiert hëllefen.
    An mäi Gott, wat ass dann wann et och franséisch Wahlveranstaltungen ginn (wat un sech scho bescheuert wier, well et vill Auslänner hei am Land ginn déi guer kee franséisch kënnen!)? Mir hunn nunemol dräi offiziell Sproochen. Dat wert sech och net änneren op mer elo Auslänner wielen loossen oder net.

    Merci fir däi Bäitrag, Chris. -.-

  25. Joel, si iessen Bacalhau. Entweder du léiers anstänneg portugiesesch Kultur, oder du kanns direkt doheem bleiwen. ;P

  26. Joel:

    > Du bass also FIR déi absolut idiotesch Fuederung vun engem Gesinnungstest virun de Wahlen och fir Letzebuerger?

    Nö. Bei Lëtzebuerg gët ugeholl, dass se fir Lëtzebuerg sinn an och seng ‘Eegenstännegkeet’ ze schätzen wëssen. Déi Lëtzebuerger, déi do net mat d’accord sinn kënne jo blanko wielen.

    > Waat huet Auslännerwahlrecht mat Anarchie ze dinn? Ech wärt och lo net méi probéiren dir den Ennerscheed zweschen Anarchie an Anomie erklären. Ech glewen dir just net méi, daats du dech fir Wierder an hier Hierkunft interesséiers, wanns de se héi absichtlech falsch gebrauchs, just well die déi Konzepter, déi hannendrunstinn, net gefaalen. Ech soe jo och net Accerlation amplaatz Schwerkraft, just well ech net gären op den Henner faale. Loss esou blöd Seitenhiebe einfach aus dem Spill. Sorry, mee ech werfe dir jo och net vir, du wiers ADR-Fan, just wells de fenns, daat LETZEBUERG vun DE LETZEBUERGER regéiert sollt ginn.

    Richteg, pardon, ech die Anarchie-Geschicht schon rem vergiess gehat. Béid Formen sinn allerdengs utopesch.

    Mee soit. Du kanns mir dat virwerfen, ech wees awer selwer, dass et jo net stëmmt, also pickt dat mëch net ;)

    An jo, Lëtzebuerg soll vun Lëtzebuerger (oder ex-Net-Lëtzebuerger, deenen et wäert woer fir Lëtzebuerger ze ginn(, soll regéiert ginn.

    > Laut der Aussoe misste mer aus der EU austrieden. Wéivill % vun den Gesetzer komme vu Breissel? Den Argumentationskaatz huet Siewen Schwänz an sech op manst graad an 4 vun denen gebass.

    Bon, du wees wuel, wat ech domadder soen wollt. A wann mer eng EU-Regierung hunn, déi en vereenegt Europa regéiert, dann kënne vun mir aus och aner Europäer national wielen, opwuel national dann net méi wierklech Sënn mécht …

    > DOREMS GEHT ET JO!
    Et geht jo drems, die déi ondemokratesch Situatioun ze entschärfen, andems een engem Bevölkerungsundeel, deen baal d’Halschent vun Anwunner vun dem Land stellt, d’Chance kritt, matzedecidéiren, waat an hirer Heemescht, do wou sie liewen, schaffen an mat Stéire déier Naturmuseen bezuehlen.

    Die meescht wunnen a schaffen just hei well se hei méi verdéngen, wéi bei sech. Geet dat net duer? Déi sinn nees séier ab, wann et hei méi schlecht geet.

    > Du kucks déi Saach mat den Nationalitéiten aus dem falsche Bleckwenkel. Fir mech (a wann ech den Thierry richteg verstaane hunn, fir hien och) ass et net wichteg, waat an engem Pass steht, well daat den Mensch net ausmescht.
    Oder? Kanns du mir erklären, waat DECH dann esou LETZEBUERGESCH mescht? A firwaat muss DU dann net beweisen, daats du dech mat dem Land identifizéiers, iers du därfs wiehle goe? (”Mir sinn héi net a Portugal, do geht daat och net!” ass, egal wéi een et dreint, keng Äntwert op déi Fro.) Waat hues du dann méi gemaach fir daat Recht ze erhaalen?

    Ech hunn duerch meng Gebuert die lëtzebuerger Nationalitéit. Genau wéi en Portugies duerch seng Gebuert die Portugiesch huet. A manifestement sinn déi zwee net dat selwecht soss giffe mer net tëschent Lëtzebuerger a Portugies ënnerscheeden.

    A wéi ass dat dann lo? Dierfen Lëtzebuerger a Portugal bei de Nationalwahlen matwielen?

    > Ech verstinn net wéi Leit déi esou vill géint Relioune stänkeren sech esou op Konzepter beruffen, déi als “gottgegeben” ungesinn waaren. Well wann mer keng genetesch Ennerscheeder zweschen Natioune feststelle kennen an et keng “Wesensunterschiede” ginn, an den Konstrukt “Natioun” och net vun enger héigerer Macht legitimiséiert ass, waat bleiwt dann nach? Richteg, en Steck Pabéier an d’Hoffnung, een mat denen selweschter Wieder op engem Steck Pabéier wier gudd an enger Sportaart.

    Natierlech sinn Natiounen kënschtlech! Mee sie existéieren numool. An ech gesinn net an firwat MIR Kompromisser agoen sollen an die aner nët? WAT mussen die aner dann mat eranbréngen? MIR sollen eis Wahlen fir sie opmaachen (obuwel sie refuséieren eis Nationalitéit unzehuelen) an wat ass hiere Sacrifice? Wat bréngen sie mat un den Dësch?

  27. Joel:

    > Ahjo, waat déi grausam an zivilatiounszerstéirend Wahlveranstaltungen op Franseisch unbelaangt: Anscheinend ginn et Leit, déi zwou Sproche kennen. An ennert Denen ginn et anscheinend och Leit, quasi simulatan eppes waat an enger Sprooch geschwaat ged an der aanerer noplapperen kennen. An dann ginn et nach ganz aaner Leit, déi bauen komesch Apparater, an déi déi zweet Zort Leit eranschwätzen kennen an nach aaner Apparater, déi sech Leit, déi nemmen eng Sprooch verstinn, opsetzen kennen.

    Fänk mer mol en Babelfësch, da schwätze mer weider!

    Wat mëch einfach nervt ass déi Attitüde, dass MIR eis ëmmer upassen mussen. An net déi aner, déi die HEIHINNER kommen!

  28. > Bei Lëtzebuerg gët ugeholl, dass se fir Lëtzebuerg sinn an och seng ‘Eegenstännegkeet’ ze schätzen wëssen.

    Dat Unzehuelen ass awer zimlech bescheuert. Ech verroden der emol eppes: mech intresséiert Lëtzebuerg als Land en absoluten Dreck. Ech fillen mech net als Lëtzebuerger, an soubal ech kann wanderen ech aus. Ech géing esouguer esouwäit goen, dass mech Lëtzebuerg ukatzt. Ech halen et einfach net aus hei. Ech dierf an MUSS hei awer wielen. De Portugies deen gären hei wunnt an deen och wëll heibleiwen, dierf net wielen.

    > A manifestement sinn déi zwee net dat selwecht soss giffe mer net tëschent Lëtzebuerger a Portugies ënnerscheeden.

    Deen eenzegen deen an der heiter Diskussioun ennerscheed, bass du… Dem Joel a mir geet et jo eben drem, dass et keen Ennerscheed gëtt.

  29. Thierry:

    >An arabeschen Länner muss du ee Meedchen stengegen dat firum Bestiednis mat engem Jong schléift. Mussen mir dat Gesetz elo hei aféieren? Wat ech wëll soen ass: just well et eng bestëmmte Gesetzeslag am Ausland gëtt, mussen mir nach laang net déi selwecht hunn. Wann ech géing a Portugal wunnen, wéillt ech do mäi Wahlrecht. Ech gesinn awer net an, firwat ech sollt Portugies ginn.

    Schlecht Beispill. Ech wëll kengem Net-Lëtzebuerger wéi doen!? Ech erwaarden just, dass wann hien hei matdecidéieren wëll, dass en dann OCH e Sacrifice soll man. Wéi zB Lëtzebuerger ze ginn. Wat keen Sacrifice fir een sollt sinn, deem seng Famill schon an der 3. Generatioun oder sou hei ass!! Nach eng Kéier : cf Amerika.

    >De Joel huet een gudd Thema ugeschwat: Steieren. Mir liewen jo gudd vun all deene Suen, déi déi 40% Auslänner eis ginn. An mir ganz eleng dierfen bestëmmen, wat mir mat hierem Geld maachen. Natirlech hunn si do als Auslänner guer kee Recht verdéngt matzebestëmmen, wat mat hierem Geld gemaach gëtt. SI sinn jo schließlech an där falscher Famill gebuer.

    D’Auslänner sinn och just hei, well se hei méi verdëngen. Net well mer hei sou schéin Wiesen an Däller hunn. Sie profitéieren vun deem, wat mat de Stéieren gemaach gët wéi ALL Lëtzebuerger. Do sinn sie NET benoodelegt. Ausser dass se net matdecidéieren kënnen. Mee dat wat decidéiert gët, gëlt fir JIDEREEN. Do gesinn ech de Problem net.

    Kann ech als Lëtzebuerger am Portugal decidéieren, wat de Stat mat menge Stéieren do mécht?

    >De Kompromëss deen d’Auslänner missten agoen wier, dass si sech fir dat Land hei missten interesséieren. Well soss géingen se souwisou net wielen. An géingen “mir” do net och dobäi gewannen, wann d’Auslänner sech géingen fir “eis” Politik interesséieren? Dat géing der Integratioun dach garantéiert hëllefen.

    Lëtzebuerger an Auslänner liewen awer gréisstendeels laanschteneen. Wat och ëmmer nach wéinst der Sprooch ass. Ass numol sou.

    > An mäi Gott, wat ass dann wann et och franséisch Wahlveranstaltungen ginn (wat un sech scho bescheuert wier, well et vill Auslänner hei am Land ginn déi guer kee franséisch kënnen!)? Mir hunn nunemol dräi offiziell Sproochen. Dat wert sech och net änneren op mer elo Auslänner wielen loossen oder net.

    Gott? Duecht du wiers Atheist ;) Spass bäisäit: de Problem ass, wanns de den Francophonen de klenge Fanger gëss, da huelen sie die ganz Hand.

  30. Thierry:

    > Dat Unzehuelen ass awer zimlech bescheuert. Ech verroden der emol eppes: mech intresséiert Lëtzebuerg als Land en absoluten Dreck. Ech fillen mech net als Lëtzebuerger, an soubal ech kann wanderen ech aus. Ech géing esouguer esouwäit goen, dass mech Lëtzebuerg ukatzt. Ech halen et einfach net aus hei. Ech dierf an MUSS hei awer wielen. De Portugies deen gären hei wunnt an deen och wëll heibleiwen, dierf net wielen.

    Die doten Attitüde (déi däin gutt Recht ass!) disqualifizéiert dech a mengen Aan fir iwwert dës Thematik ze schwätzen.

    De Portugies däerf wielen, wann en Lëtzebuerger gët. En plus wier et fir d’Integratioun vill bësser hien giff sech als Lëtzebuerger fillen wéi als Portugies! Woubäi ech nach absolut keen Problem mat Portugiesen hunn déi Lëtzebuergesch schwätzen, kennen der genuch. Mee wann se net bereet sinn fir Lëtzebuerger ze ginn, da brauchen se och net wielen ze wëllen hei!

    > Deen eenzegen deen an der heiter Diskussioun ennerscheed, bass du… Dem Joel a mir geet et jo eben drem, dass et keen Ennerscheed gëtt.

    Et gët en Ennerscheed. Sie refuséieren fir Lëtzebuerger ze ginn a wëllen trotzdem hei op nationalem Plang mat decidéieren. Ass net gerechtfertegt a mengen Aan.

    So mer een Land, wou Auslänner bei nationalen Wahlen mat wielen kënnen?

  31. Et ass jo net em den Inhalt vum Gesetz gaangen. Et ass drëm gaangen, dass d’Gesetzeslag an engem aneren Land net kann beaflossen, wéi d’Gesetzeslag hei am Land ass.

    Wann mer eppes hei net dierfen maachen, dann ass et verallgemengeren. Si kommen net all heihinner, well se hei esouvill Geld verdéngen. Ech kennen der, déi verdéngen hei esouguer manner wéi an hierem Land.

    Tiptop. Also wann de Staat Milliarden fir e Musée zur Fënster rauspucht, dann ass dat schon an der Rei. Well déi Verschwendung un öffentlechen Gelder ass jo och fir si. Blah.

    Meng meeschte Kolleegen sinn Auslänner. Dat wart keen bewosste Choix, dat ass eben einfach esou. Bei verschiddenen sinn ech och eréischt no laangem duerch Zoufall gewuer ginn, dass si Auslänner wieren. Mech pickt esou eppes jo net. An du gleews net, wéi oft ech owes am Café eng aner Sprooch schwätzen ewéi lëtzebuergesch (a nee, net (nemmen) franséisch, mee englesch, italienesch, däitsch a spuenesch). Also kann een net soen, Auslänner a Lëtzebuerger géingen laanschteneen liewen. Wahrscheinlech ginn et där. Mee dee Problem gëtt och net besser, andeems mer déi Leit weider ganz bewosst vun “eis” ewech halen andeems mer hinnen manner Rechter ginn.

    Ech wollt net “verdammt namol” schreiwen. ;) Et geet jo net nemmen em déi Francophon. An ech fannen déi Verurteelung zimlech krass.

  32. Dat disqualifizéiert mech net, well mir hei net spezifesch em Lëtzebuerg geet. Ech sinn fir allgemengt Wahlrecht iwwerall. Mee Lëtzebuerg ass halt dat eenzegt Land, wou ech dat kann beaflossen. Dass et mir egal ass, op dat elo Lëtzebuerg oder Nicaragua ass, spillt jo dobäi keng Roll. Meng Meenung ass déi selwecht.

  33. Ech verstinn net, wiesou et soll en Kompromess sinn, zouzelosse, daat Menschenrechter och fir aaner Leit gelle solle? Waat ass dorunner schlemm, daat demokratesch Verhältnisser geschaaft ginn?

    Ech fannen deng Aussoen ziemlech krass. Du verallgemengers an verurteels virun allem eng ganz Generatioun, déi nie een Choix gemaach huet op se wéilt als “Auslänner” héi op d’Welt kommen oder net. A komm lo net erem mat der (doubler) Nationalitéit, daat dat en Problem fir verschidde Leit duerstellt ass gewosst.

  34. @ Grommel
    “Sou unanime woeren déi Parteien och net all bei ‘Refresh democracy’.”

    Jo, du hues Recht d’adrenalin war dogéint. Dat hat ech jo och geschriwwen. Mee déi aaner Partei’en vum lenksextremen (jonk Kommunisten) bis mettrietsen (CSJ) sinn dofir. Et feelt eben jhust déi vum Rietsextremen. Dat Ganzt dauert eben emmer e puer Generatiounen, dat ass eben en trauregen Fakt vun eiser Gesellschaft. Ech mengen do natiirlech dass vrun net all ze laanger Zäit déi “Schwarz” net hunn dierfte wiele goen, an och d’Fraen dat Recht net haaten. Et ass emmer schwiereg géint Virurteeler unzekämpfen an sech géint de Status Quo zesetzen. Wann een awer och d’Geschicht vun der Menschheet kuckt waaren et zumools déi Jonk déi do emmer e staarken Afloss haaten. Dowéinst ass déi Initiativ “Refresh Democracy” mat bal allen Jugendpartei’en bis op d’Rietspopulisten eng gudd Saach an et wéisst dass dës Generatioun d’Relève iwwerholl huet.

    “A schwätz mer net vun der ASTI. Déi fuedert vun den Auslänner guer näischt a vun eis alles. D’Auslänner sinn alles Gudder a mir sinn all déi Béiss. De Kollwelter ass bei mir ennen duerch.
    Ech hunn näischt géint en Zesummenliewen tëschent de Natiounen, au contraire. Mee d’Kompromisser dierfen nët ëmmer nëmmen vun enger Säit kommen.”

    Ech hu momentan d’Gefill wéi wanns du momentan „alles” vun den “Net-Lëtzebuerger” fuerders an näischt vun de Lëtzebuerger. ‘Mir welle bléiwe wat mer sinn’ ass schéin a gudd, mee et muss een och mat der Zäit goen.

    Däi Beispill mat den USA ass zimlech confuse, well een do automatesch Amerikaner gett wann een do gebuer ass. Wann meng Elteren an d’USA an d’Vakanz gewiercht wäeren vrun 20 Joër a mech do ob d’Welt bruecht hätten, wäer ech dann elo Amerikaner. Obwuel ech villeicht deno nie mei eng Sekonn do am Land verbruecht gehaat hätt. Déi ideal Politik ass dat also secherlech och net… an en plus, kennt an den USA dobäi dass do en Ennerscheed teschend “Amerikaner” an “Amerikaner” gemaach gett (cf. Presidency, Vice-Presidency)

    Mech giff awer interesséieren, wéist du dann eng Identitéit définéiers. Wéi giffs du engem erklären wat eng Identitéit an da méi speziell eng lëtzebuerger Identitéit ass?

  35. Thierry:

    > Wann mer eppes hei net dierfen maachen, dann ass et verallgemengeren. Si kommen net all heihinner, well se hei esouvill Geld verdéngen. Ech kennen der, déi verdéngen hei esouguer manner wéi an hierem Land.

    Firwat sinn déi dann hei hinner komm? A vun wéivill Läit schwätze mer hei?

    > Tiptop. Also wann de Staat Milliarden fir e Musée zur Fënster rauspucht, dann ass dat schon an der Rei. Well déi Verschwendung un öffentlechen Gelder ass jo och fir si. Blah.

    Ech duecht du wiers fir Kultur? Da baue mer halt keng Muséen. Woubäi sou Projet’en wéi den Mudam en effet limite sinn, menger Meenung no.

    > Meng meeschte Kolleegen sinn Auslänner. Dat wart keen bewosste Choix, dat ass eben einfach esou. Bei verschiddenen sinn ech och eréischt no laangem duerch Zoufall gewuer ginn, dass si Auslänner wieren. Mech pickt esou eppes jo net. An du gleews net, wéi oft ech owes am Café eng aner Sprooch schwätzen ewéi lëtzebuergesch (a nee, net (nemmen) franséisch, mee englesch, italienesch, däitsch a spuenesch). Also kann een net soen, Auslänner a Lëtzebuerger géingen laanschteneen liewen. Wahrscheinlech ginn et där. Mee dee Problem gëtt och net besser, andeems mer déi Leit weider ganz bewosst vun “eis” ewech halen andeems mer hinnen manner Rechter ginn.

    Owes an engem Café zu Lëtzebuerg? A wat fir engem Café ass dat dann? A wou hues de all die Läit kennegeléiert?

    > Ech wollt net “verdammt namol” schreiwen. ;) Et geet jo net nemmen em déi Francophon. An ech fannen déi Verurteelung zimlech krass.

    Villäicht ass et well die Francophon sech manner integréieren wéi die aner? Villäicht ass et well hier generell Arroganz mer zum Hals eraushänkt? Mir sinn keng xten Provënz vu Frankräich. A wann hei och deelweis sou Gesocks wéi zu Metz eremhänkt, da soll et wéinstens Gesocks sinn, wat Lëtzebuergesch schwätzt. Ech muss mer hei nët wéi zu Yutz virkommen. Dat selwecht gëlt och fir déi Portugiesen, etc déi sech ze schéin sinn fir Lëtzebuergesch ze schwätzen, opwuel se schon éiweg hei am Land sinn oder hei gebuer sinn. Die Däitsch probéieren opmanst oft Lëtzebuergesch ze schwätzen (wou een och rem gesäit, dass déi zwou Sproochen sech méi no sinn).

    Bei mir am Haus wunnt en Tschech. Ech schwätzen mat deem op Englesch (hien kann zwar och Franséisch), mee hien ass ëmmer ganz stolz, wann e puer nei lëtzebuergesch Wieder kann! Dat respektéieren ech an fannen ech cool. Sou giff ech mech och an Tschechien verhalen!

    An ech giff nët erwaarden, dass ech als Net-Tschech do bei hieren nationalen Wahlen kéint matman!

  36. Thierry:

    >Dat disqualifizéiert mech net, well mir hei net spezifesch em Lëtzebuerg geet. Ech sinn fir allgemengt Wahlrecht iwwerall. Mee Lëtzebuerg ass halt dat eenzegt Land, wou ech dat kann beaflossen. Dass et mir egal ass, op dat elo Lëtzebuerg oder Nicaragua ass, spillt jo dobäi keng Roll. Meng Meenung ass déi selwecht.

    Mat deem Ennerscheed, dass esou en utopesch Idee just an engem klengen Land emzesetzen ass, wann iwwerhaapt. Awer op Käschten vun den Lëtzebuerger an deem Fall. Wat ech net agesinn.

    Wells de jo souwiesou Lëtzebuerg dat allermanst fënnst an auswanderen wëlls, firwat exportéiers de deng revolutionär Iddien net direkt mat?

    > Zum Beispill a Malawi oder Neusseland dierfs de wielen, egal watfir eng Nationalitéit dass de hues.

    A wéivill % Auslänner hunn déi? An schwätzen déi d’Mammesprooch vun den Malawi resp. Neuseelänner?

  37. Joel:

    > Ech verstinn net, wiesou et soll en Kompromess sinn, zouzelosse, daat Menschenrechter och fir aaner Leit gelle solle? Waat ass dorunner schlemm, daat demokratesch Verhältnisser geschaaft ginn?

    Demokratie ass dach souwiesou relativ! Dat gesäiss de jo rem, wann Lénker sëch iwwert d’Wahlresultater opreegen an sech froen, wéi d’Läit nëmmen sou blöd wielen kënnen (d’CSV an deem Fall) an dass mer sou jo nie giffe weiderkommen, etc. Schéngt wéi wann d’Demokratie och nëmmen cool wier, wann een selwer mam Resultat vun enger demokratescher Wahl averstaan ass …

    > Ech fannen deng Aussoen ziemlech krass. Du verallgemengers an verurteels virun allem eng ganz Generatioun, déi nie een Choix gemaach huet op se wéilt als “Auslänner” héi op d’Welt kommen oder net. A komm lo net erem mat der (doubler) Nationalitéit, daat dat en Problem fir verschidde Leit duerstellt ass gewosst.

    Mir hunn eis all net ausgewielt, wou mer op d’Welt komm sinn! Villäicht wier ech jo och léiwer an engem méi groussen Land op d’Welt komm, wou séch all die Froen iwwer Sproochen, Identitéit, etc manner stellen. Et ass och net esou eng cool Virstellung fir eng Minoritéit am eegenen Land ze ginn. Opmanst mol zuelenméisseg.

    A wa verschidde Läit Problemer däerfen hunn, well se hier ‘aal’ Nationalitéit nët wëllen opginn an eis Nationalitéit refuséieren, dann däerf ech och e Problem hunn, dass sie trotzdem hei einfach matdecidéieren wëllen.

  38. Tom:

    > Jo, du hues Recht d’adrenalin war dogéint. Dat hat ech jo och geschriwwen. Mee déi aaner Partei’en vum lenksextremen (jonk Kommunisten) bis mettrietsen (CSJ) sinn dofir.

    D’CSJ woer och net esou onageschränkt dofir.

    > Dowéinst ass déi Initiativ “Refresh Democracy” mat bal allen Jugendpartei’en bis op d’Rietspopulisten eng gudd Saach an et wéisst dass dës Generatioun d’Relève iwwerholl huet.

    Ech hunn näischt géint Integratioun! Mee et däerf net sinn, dass just eng Säit ëmmer Kompromësser mécht!

    > Ech hu momentan d’Gefill wéi wanns du momentan „alles” vun den “Net-Lëtzebuerger” fuerders an näischt vun de Lëtzebuerger. ‘Mir welle bléiwe wat mer sinn’ ass schéin a gudd, mee et muss een och mat der Zäit goen.

    Quatsch. Wat mussen d’Auslänner da man? Wat seet ‘Refresh Democracy’ a Punkto Sprooch? An et deet mer leed, mee d’Sprooch ass fir mech fundamental. Du kanns do eng aner Meenung hunn. Mee HEIHEEM wëll ech de préférence Lëtzebuergesch schwätzen! Mee ech gesinn net fir mat Läit musse franséisch ze schwätzen just well sie ët net léiere wëllen oder sou.

    An jo, ech hunn och deelweis Frënn mat deenen ech dann eng aner Sprooch schwätze muss an dat geet och. Mee generell nervt et méch awer, an ech kréien dann och keng sou eng enk Relatioun zu hinnen. Et nervt mech och ëmmer, wann een irgendwou zu 10 Lëtzebuerger ass, da kënnt en Auslänner an da muss jidereen switchen. Dat ass natierlech selbstverständlech op der enger Säit, mee sau-chiant op der anerer. Ech sinn do villäicht extrem, ka sinn. Mee sou fillen ech dat. An ech gesinn net an, firwat ech toleréieren soll, dass d’Lëtzebuergescht sou ennergebottert soll ginn.

    A nach eng Kéier: wat ass den Effort deen d’Auslänner bei dengem ‘Refresh democracy’ maachen sollen??

  39. Tom:

    > Mech giff awer interesséieren, wéist du dann eng Identitéit définéiers. Wéi giffs du engem erklären wat eng Identitéit an da méi speziell eng lëtzebuerger Identitéit ass?

    D’Sprooch ass en groussen Deel vun der Identitéit. Dat ass fir mech den A an den O. An dass een sech fir déi Saachen an deem Land wierklech interesséiert, etc. An d’Geschicht ass och villäicht nach en Deel vun der Identitéit.

    An ech WEES, dass dat alles KËNSCHTLECH Grenzen sinn! Mee et ass och numool eng Tatsaach, dass et verschidden Sproochen ginn. An dofir wäert och zb eng Groussregioun hei nie richteg funktionnéieren, einfach well zb die Däitsch an die Franséisch net wierklech mateneen schwätzen kënnen. Ouni d’Lëtzebuerger als Bindeglied wier do Happ a Malz verluer. Sproochen sinn kruzial!

    An vun Auslänner, oder Läit generell, déi hei wëllen matdecidéieren, erwaarden ech, dass se lokal Eegenheeten (besonnesch d’Sprooch) respektéieren.

    Mir sinn net en zousätzlecht franséisch Departement. Wéi ech schon souvill domm, arrogant, franséisch Frontalieren hu soen héieren. Ok, déi wëllen lo net onbedengt hei wielen, dat stëmmt. Mee och déi die hei wunnen, ginn oft dovunner aus, dass et jo selbstverständlech ass, dass hei alles ëmmer och op franséisch geet. An do sinn ech net d’accord. Wa mer dat zoulossen, dann ass d’Lëtzebuergescht wierklech demnächst verschwonnen a mer kënnen eis vu Frankräich annektéieren loossen.

  40. > Firwat sinn déi dann hei hinner komm? A vun wéivill Läit schwätze mer hei?

    Verschiddener sinn heihinner komm, well se eng lëtzebuergesch Fra, respektiv e lëtzebuergesche Mann hunn. Ech kennen der awer och, deenen et hei einfach besser gefällt. Mee just well se gären hei liewen, géing ech awer net vun hinnen verlaangen en radikalen Schlußstrëch ënnert hier auslännesch Wuerzelen ze zéien.

    > Ech duecht du wiers fir Kultur? Da baue mer halt keng Muséen. Woubäi sou Projet’en wéi den Mudam en effet limite sinn, menger Meenung no.

    Ech sinn och fir Kultur. An ech hätt der gären och méi am Land. Mir ass et hei spezifesch em d’dräi Eecheelen gaangen. Deen kascht ons schon zanter Joeren enorm vill Geld, an et ass nach emmer keng Ausstellung dran.

    > Owes an engem Café zu Lëtzebuerg? A wat fir engem Café ass dat dann? A wou hues de all die Läit kennegeléiert?

    Ech hunn net wierklech een Stammcafé. Déi leschte Kéier am Pyg hunn ech zum Beispill een Israeli kennengeléiert a mir hunn zesummen beim Pubquiz matgemaach, do war dann Englesch eis lingua franca, an dat hunn ech guer net esou schlëmm fonnt (lo kann ee mir virwerfen, dass ech eben souwisou d’Hallschent vum Joer Englesch schwätzen, mee ‘t wier mer och egal gewiecht wann mer soss eng gemeinsam Sprooch geschwat hätten). Ech hunn déi Leit duerch verschidden Saachen kennengeléiert, mat e puer war ech an der Schoul, e puer hunn ech duerch meng divers Hobbyen kennengeléiert, an anerer duerch gemeinsam Kolleegen.

    > Wells de jo souwiesou Lëtzebuerg dat allermanst fënnst an auswanderen wëlls, firwat exportéiers de deng revolutionär Iddien net direkt mat?

    Ech kann eben nach net auswanderen. An ech weess och net wouhinner. Also hänken ech hei fest. Firwat soll ech mech dann net dofir asetzen, dass et hei am Land déi selwecht Rechter fir jiddfereen ginn, wou ech jo souwisou schon emol hei sinn.

    > A wéivill % Auslänner hunn déi? An schwätzen déi d’Mammesprooch vun den Malawi resp. Neuseelänner?

    Ech hunn fir Malawi leider keng Zuelen. An Neuseeland schwätzen 4,8% Maori. An emmerhin 23% sinn Immigranten (déi halt gréisstendeels aus dem UK an Irland kommen, an dofir zoufällegerweis Englesch schwätzen). D’Grenzen vun Neuseeland sinn allerdéngs esou op, dass si all Joers 1% nei Awunner wëllen!

    Ech hunn dat Gefill, mir driften hei lues awer sécher op een ganz anere Problem zou: d’Sprooch. Dozou muss ech soen, dass ech stolz drop sinn esouvill Sproochen ze schwätzen, an ech benotzen déi och schrecklech gären. Mir mécht dat Spaass. Ech weess natirlech, dass dat net all Mënsch esou geet, an dass de Lëtzebuerger oft zumols Krempes huet mam Franséischen. Den Auslänner awer einfach verallgemengerent virzewerfen si géingen keen lëtzebuergesch wëllen léieren fannen ech awer e bessen extrem. Ech kennen *een* Belsch, deen sech weigert lëtzebuergesch ze léieren (respektiv geweigert huet, en ass erem zeréck an d’Belsch). Ech fannen et awer schon an der Rei, wann een Ausläner lëtzebuergesch versteet, awer mir dann an senger Mammesprooch enwert.
    Ech hunn iwweregens een Kolleeg zu Mainz, deen fléissend an ouni däitschen Accent franséisch schwätzt. Ze soen, d’Fransousen an déi Däitsch géingen sech net verstoen wann mir net do wieren, fannen ech en bëssen iwwerhieflech. Wann si sech ustrengen, dann geet dat och.
    Wann ech mir dann awer elo ukucken, dass an der Primärschoul soll eng Alphabetisatioun fräi wielbar sinn op franséisch oder op däitsch, dann froen ech mech op eisen Staat se nach all huet. Wann mer schon esou eng Reform anféieren, firwat maachen mer dann keng Alphabetisatioun op lëtzebuergesch? Dann kriten mer éischtens eng Generatioun vun Kanner, déi lëtzebuergesch kéinnten schwätzen och wann se immigréiert sinn, an zweetens géing een endlech emol lëtzebuergesch Grammaire an der Schoul geléiert ginn. Däitsch an franséisch kann een jo dann e puer Joer no hannen verleen – bis op 6e kënnt jo déi ganz Primärschoul duerch keng nei Sprooch dobäi.
    Natirlech bleiwt dann nach emmer de Problem vun deenen déi méi spéit hei an d’Land kommen. Mee mir hätten d’Zuelen awer schon ferm reduzéiert, an kéinnten eis dann drop konzentréieren eng Léisung fir dee Problem ze fannen.

  41. Freck, hues jo eng flott Diskussioun hei ausgeléist :D

    Vertéischt zu deene Leit, déi net wiele gang sin respetkiv ee waissen / ongültegen Ziedel oofgin hun: deenen as net ze hëllefen, wann si net vun hirem RECHT Gebrauch maachen, matzebestëmmen, déi sollen sëch dann dono och net bekloen ;)

    Zu den Wahlberechtegten: wann een d’Wahlrecht fir Auslänner opmëcht, dann muss een do awer gewëss Kriterien sëtzen. Ech gesin net an, firwat irgend een, deen fir 1 Joër zu Lëtzebuerg wunnt, wéinst senger Aarbecht oder wat och ëmmer, sollt matwielen, well en keng länger Period zu Lëtzebuerg wäert bleiwen. Allerdings kéint een sëch vlait eppes virstellen, dass Leit, déi z.B. eng ganz Legislaturperiod lang zu Lëtzebuerg gewunnt hun an och an Zukunft na hei wunnen wäerten, d’Wahlrecht kéinten ufroen oder sou.

  42. Jo, natirlech hunn déi hiert Recht verpolwert. An keng Stëmm ass a gewëssenem Sënn och eng Stëmm. Mir ass et hei awer virun allem drëm gaangen, dass dat eben heescht, dass just 40% Leit gewielt hunn.

    Ech sot jo och ni, dass et guer keng Kriterien dierften ginn. Natirlech misst een eng bestëmmten Zäit hei am Land gewunnt hunn fir dierfen matwielen ze goen.

  43. Grommel:
    Nach ee kuerzen Kommentar och zu “si mussen lëtzebuergesch schwätzen.” Kuck der emol de Video vum Volker Pispers hei um Blog un. An eng kleng Anekdot aus mengem Liewen: ech sinn vun Jonglënster, den Joël ass vun Ettelbréck. Wien vun eis zwee schwätzt dann elo lëtzebuergesch? Well de Joël seet “Eessen” an “engt”, ech soen “Iessen” an “eent.” Den Ausdrock “gëff mer et zu Fouss” ass zu Ettelbréck anscheinend och net bekannt. An wéi ech menger Mamm vrun e puer Deeg sot, dass ech an mengem Zëmmer op der Uni eng Zäit laang ee Portugieselüster hat, wousst si och net wat domatter gemengt wier. Dofir wousst ech dann alt erem net wat meng Cousine gemengt huet wéi et sot, et misst an der Klinik d’Patienten froen wéi et mat de Wënn wier.
    Wat ech wëll soen: mir verstinn eis dach hei selwer schon deelweis net, wann mer déi “selwecht” Sprooch schwätzen. Ënnert wéi enge Kriterien wëllen mir dann beurteelen, op en Auslänner elo korrekt Lëtzebuergesch kann an domatter eis Nationalitéit dierf unhuelen? A wann een Auslänner an engem Cours lëtzebuergesch léiert, versteet deen dann herno wat mat engem Zwee-Zylinder-dréck-dech-freckt gemengt ass an wat et bedeit wann een seet “dee bekäppt dat kee Meter”?
    A wat ass dann mat alleguerten de Lëtzebuerger déi sech tutoyéieren amplaz sech ze duzen, an deene Lëtzebuerger déi Telé kucken amplaz de Fernseh? Sinn dat dann net och alles hallew Francophonen an guer keng “richteg” Lëtzebuerger?

  44. Thierry:

    > Verschiddener sinn heihinner komm, well se eng lëtzebuergesch Fra, respektiv e lëtzebuergesche Mann hunn. Ech kennen der awer och, deenen et hei einfach besser gefällt. Mee just well se gären hei liewen, géing ech awer net vun hinnen verlaangen en radikalen Schlußstrëch ënnert hier auslännesch Wuerzelen ze zéien.

    An deem Fall muss et duergoen, wann se fir d’Gemengewahlen wielen kënnen.

    > Ech sinn och fir Kultur. An ech hätt der gären och méi am Land. Mir ass et hei spezifesch em d’dräi Eecheelen gaangen. Deen kascht ons schon zanter Joeren enorm vill Geld, an et ass nach emmer keng Ausstellung dran.

    Ganz d’accord.

    > Déi leschte Kéier am Pyg hunn ech zum Beispill een Israeli kennengeléiert a mir hunn zesummen beim Pubquiz matgemaach, do war dann Englesch eis lingua franca, an dat hunn ech guer net esou schlëmm fonnt (lo kann ee mir virwerfen, dass ech eben souwisou d’Hallschent vum Joer Englesch schwätzen, mee ‘t wier mer och egal gewiecht wann mer soss eng gemeinsam Sprooch geschwat hätten)

    Dogéint hunn ech jo näischt. Just wann den Israeli hei eis Chamber wielen wéilt ouni Lëtzebuerger ze sinn.

    > Ech kann eben nach net auswanderen. An ech weess och net wouhinner. Also hänken ech hei fest. Firwat soll ech mech dann net dofir asetzen, dass et hei am Land déi selwecht Rechter fir jiddfereen ginn, wou ech jo souwisou schon emol hei sinn.

    Wells du domadder hëllefs Lëtzebuerg fir Lëtzebuerger méi onsympatesch ze man. Wann ech franséisch, däitsch oder englesch am Alldag schwätzen wëll, da ginn ech an déi Länner wunnen.

    > Ech hunn fir Malawi leider keng Zuelen. An Neuseeland schwätzen 4,8% Maori. An emmerhin 23% sinn Immigranten (déi halt gréisstendeels aus dem UK an Irland kommen, an dofir zoufällegerweis Englesch schwätzen). D’Grenzen vun Neuseeland sinn allerdéngs esou op, dass si all Joers 1% nei Awunner wëllen!

    Emmerhin schwätzen déi die selwecht Sprooch!!!

    > Ech hunn dat Gefill, mir driften hei lues awer sécher op een ganz anere Problem zou: d’Sprooch. Dozou muss ech soen, dass ech stolz drop sinn esouvill Sproochen ze schwätzen, an ech benotzen déi och schrecklech gären.

    Ech sinn och frou, dass ech vill Sproochen kann, wat nët heescht, dass ech se all permanent am Alldag oder am Frëndeskrees well benotzen! Et ass vill méi agreabel a praktesch, wann een do mat Lëtzebuergesch fueren kann. Natierlech limitéiert dat den potentiellen Frëndeskrees an ech si jo do och net radikal. Mee desläscht hunn ech och eng Kéier eng englesch Frëndin matbruecht an dat komplizéiert direkt alles. Obwuel die meescht vu mengen Frënn och Englesch kënnen, mee verschiddener zieren sech, schummen sech, etc. Oder sinn och einfach ze midd oder faul fir dann op Englesch ze schwätzen, well et hinnen awer net sou flësseg kënnt. An och fir mech ass et zum Deel ustrengend, a wann ech de Choix tëschent Englesch an Lëtzebuergesch hunn, dann ass Lëtzebuergesch definitiv méi einfach. Mee Sprooch ass jo natierlech just een Aspekt vun enger Persoun!

    > Ech hunn iwweregens een Kolleeg zu Mainz, deen fléissend an ouni däitschen Accent franséisch schwätzt. Ze soen, d’Fransousen an déi Däitsch géingen sech net verstoen wann mir net do wieren, fannen ech en bëssen iwwerhieflech. Wann si sech ustrengen, dann geet dat och.

    Papperlapp, dat ass en extrem Ausnahm! Die meescht Fransousen kënnen keen Däitsch an die meescht Däitsch kee Franséisch, och an der Groussregioun. Ech woer an genuch sou Reuniounen dobäi. Ouni d’Letzebuerger leeft net vill tëschent deenen zwee an wann se mateneen schwätzen, dann oft op Englesch. Falls d’Fransousen dat dann Kënnen …

    > Wann ech mir dann awer elo ukucken, dass an der Primärschoul soll eng Alphabetisatioun fräi wielbar sinn op franséisch oder op däitsch, dann froen ech mech op eisen Staat se nach all huet. Wann mer schon esou eng Reform anféieren, firwat maachen mer dann keng Alphabetisatioun op lëtzebuergesch? Dann kriten mer éischtens eng Generatioun vun Kanner, déi lëtzebuergesch kéinnten schwätzen och wann se immigréiert sinn, an zweetens géing een endlech emol lëtzebuergesch Grammaire an der Schoul geléiert ginn. Däitsch an franséisch kann een jo dann e puer Joer no hannen verleen – bis op 6e kënnt jo déi ganz Primärschoul duerch keng nei Sprooch dobäi.

    Komplett d’accord.

  45. Thierry:

    >Wat ech wëll soen: mir verstinn eis dach hei selwer schon deelweis net, wann mer déi “selwecht” Sprooch schwätzen. Ënnert wéi enge Kriterien wëllen mir dann beurteelen, op en Auslänner elo korrekt Lëtzebuergesch kann an domatter eis Nationalitéit dierf unhuelen?

    Komplett iwwerdriwwen Problematik. Lëtzebuerger verstinn sech ennerteneen. An fir ze verhalen dass ‘Hoasen’ Strëmp sinn, ass jo och net schwéier.

    >A wann een Auslänner an engem Cours lëtzebuergesch léiert, versteet deen dann herno wat mat engem Zwee-Zylinder-dréck-dech-freckt gemengt ass an wat et bedeit wann een seet “dee bekäppt dat kee Meter”?

    Detailer. Wann ech a Spuenien liewen géiff, giff ech och net direkt all Wuertspill verstoen. Mee ech kéint mech awer mat de Spuenier op Spuenesch ennerhalen.

    > A wat ass dann mat alleguerten de Lëtzebuerger déi sech tutoyéieren amplaz sech ze duzen, an deene Lëtzebuerger déi Telé kucken amplaz de Fernseh? Sinn dat dann net och alles hallew Francophonen an guer keng “richteg” Lëtzebuerger?

    ‘tutoyéieren’ ass amgaang auszestierwen, dat woeren just die Staater Madämmercher. Tele ass keen Problem.

    An du probéiers lo just d’Saach méi komplizéiert ze maachen wéi se ass.

  46. > Wells du domadder hëllefs Lëtzebuerg fir Lëtzebuerger méi onsympatesch ze man. Wann ech franséisch, däitsch oder englesch am Alldag schwätzen wëll, da ginn ech an déi Länner wunnen.

    Dat kléngt awer elo zimlech stramm no “Lëtzebuerg de Lëtzebuerger”. Ech sinn jo net deen eenzegen, deen dofir ass dass Auslänner dierfen wielen. Den Joël an den Tom sinn jo menger Meenung, an de Ben schéngt sech och kënnen mat där Idee unzefrënden. Den Manuel kléngt an sengem leschte Blogpost och relativ kritesch wat d’Ausschléissen vun den Auslänner betrëfft. Ech sot jo och ni, dat misst elo radikal duerchgezunn ginn. Natirlech misst sech eis Gesellschaft domatter auserneen setzen. Et geet jo. Mir hunn bei der Euthanasie gesinn, dass eng anstänneg Diskussioun (gréisstendeels jiddefalls) méiglech ass.

    > Emmerhin schwätzen déi die selwecht Sprooch!!!

    Ech sot: ee groussen Deel. ;) Du hues och vill Awanderer aus Däitschland an den Niederlanden.

    > Papperlapp, dat ass en extrem Ausnahm!

    Fällt der eigentlech op, dass de emmer erem nemmen géint d’Francophonen gees? D’Fransousen sinn arrogant, d’Fransousen kënnen keen Englesch, wanns de engem Fransous de Fanger gëss hëllt en déi ganz Hand … Mir hunn och genuch Anglophonen an Germanophonen hei am Land, ech kennen eng Tonn Spuenier an Islänner, et ginn genuch Italiener hei… Watfir eng Virurteeler kënnen mer dann fir déi Gruppen fannen?

    Ech sot jo och ni, dass all Däitschen franséisch kann an emgedréit. Ech sot just, dass et geet. A wann mir eis do als Lëtzebuerger emol géingen e bëssen zeréck halen an si sech selwer missten zesummenrappen, dann kriten si dat och hin. Mee do sinn mir dann natirlech och erem ze iwwerhieflech an wëllen bei de Grousse matspillen – an, esou schéngt et, do sinn mer oft der Iwwerzeegung dat géing net anescht goen wéi Iwwersetzer ze spillen.

    Ech sinn definitiv net fir eng Dévaloriastioun vun onser Sprooch. Ech sinn fir eng Opwertung vun eiser Sprooch. Mee et ginn einfach keng Efforten, déi Sprooch méi ennert d’Leit ze bréngen. Mir integréieren d’Auslänner jo net. Mir halen se gären als “déi Aner” wäit vun ons ewech. Andeems mer hinnen manner Rechter ginn, an domatter guer keen Grond sech effektiv emol hei wëllen z’integréieren.

    > An fir ze verhalen dass ‘Hoasen’ Strëmp sinn, ass jo och net schwéier.

    Dat fannen ech een schéint Beispill. Bis elo grad hätt ech mat deem Wuert “Hoasen” näischt kéinnten ufänken… A lëtzebuergesch ass meng Mammesprooch.

    Mir geet et net drëm d’Saach méi komplizéiert ze maachen. Du soos, eng Sprooch wier den A an O vun enger Identitéit. Mee wann dat de Fall ass, dann denk emol un zwee Punkten:
    – Mir schwätzen verschidden Dialekter. Wann ech zu Klierf sinn, muss ech mech deelweis konzentréieren fir ze verstoen wat déi schwätzen. Ass den Klierfer en Lëtzebuerger, oder sinn ech een?
    – Wanns du lues genuch schwätz, versteet en Flamenner an en Hollänner dech, an emgedréit. Hunn mir dann elo eng ähnlech Identitéit, well eis Sproochen esou ähnlech sinn?

    > Mee ech kéint mech awer mat de Spuenier op Spuenesch ennerhalen.

    Dat kënnt awer och drop un, wouhinners de gees. Do kanns de zum Beispill och mat Katalonesch oder Aranesesch konfrontéiert sinn. An dann hänks de mat dengem Spueneschen.
    En anert Beispill, bei deem ech mech wäitaus besser auskennen: a Wales hues du Stied, do schwätzt keen Englesch. Do versteet och keen dech, wanns du Englesch schwätz. Trotzdem dierfen all déi Walliser wielen goen. Ech hunn zum Beispill een Kolleeg op der Uni, deen huet eréischt Englesch geléiert wéi en op d’Uni koum virun zwee Joer, en wunnt awer just zwou Stonnen Zuch vun der Uni ewech. Et kéim awer ni am Liewen een op d’Idee, him seng wallisesch Nationalitéit ofzespriechen, genausou wéineg ewéi hien kengem englesche Mammesproochler seet en wier keen Walliser. Ee Walliser ass een, deen an deem Land liewt an sech mat där Bevölkerungsgrupp identifizéiert. Net een, deen eng bestëmmte Sprooch schwätzt. An zur Saach mat: da kann een jo déi nationalitéit unhuelen, wann een sech mat deem Land identifizéiert. Ech identifizéieren mech mat Wales. Ech verbréngen de gréissten Deel vum Joer do, ech kennen déi Kultur, asw. Mee ech wéillt dofir awer net direkt meng Nationalitéit änneren. Och wann ech net stolz drop sinn, Lëtzebuerger ze sinn, do kommen ech nunmol hier, an dat wëll ech och net einfach sou ofleen.

    Ech kann duerchaus novollzéien, dass eis Sprooch duerch de Krich an iwwert déi lescht 60 Joer ewech zu engem Symbol fir eis Identitéit gi sinn. Mee dat heescht awer net, dass dat eng Astellung ass déi eis Demokratie weiderbréngt.

    Ech wëll och guer net soen, dass mir elo mam Briecheisen mussen d’Wahlrecht fir Auslänner forcéieren. An ech liewen och net an enger Illusioun, dass dat all eis Probleemer léist. Natirlech muss op vill méi Plazen Hand ugeluecht ginn. Mee just, well et net duergeet een Aspekt ze behandelen, heescht dat nach laang net dass mer dofir einfach sollen alles ignoréieren an léiwer guer näischt maachen. D’Wahlrecht fir Auslänner muss jo och net dat éischt sinn, wat geännert gëtt. Mir kënnen jo firdéischt déi lëtzebuergesch Alphabetisatioun duerchsetzen (juhu, mir sinn eis bei eppes eenz! ;)). An den Immigranten zum Beispill x Fräistonnen ginn op der Arbëscht, an deenen se a lëtzebuergesch Coursen ginn. Esouvill Geld ewéi eise Staat zur Fënster erauspucht, kéinnt en et sech dach finanziell bestëmmt och erlaaben, déi Fräistonnen ze bezuelen.

  47. Thierry:

    > Dat kléngt awer elo zimlech stramm no “Lëtzebuerg de Lëtzebuerger”.

    Dat hänkt dovunner of, wat genau domadder gemengt ass. Ech hu kee Problem mat Auslänner hei am Land, mir brauchen der jo och vill. Ech erwaarden just e bëssen Respekt, wat die lokal Traditiounen etc (Sprooch inclus) ugeet. An ech gesinn net firwat all dohier gelaafenen Auslänner hei soll op nationalem Niveau wielen kënnen. Firwat geet kommunal an europäësch net duer? An deenen aneren Länner ass dat jo och sou! Zumools fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg fannen ech en allgemengt Auslännerwahlrecht eng ze grouss Gefohr.

    > Ech sot: ee groussen Deel. ;) Du hues och vill Awanderer aus Däitschland an den Niederlanden.

    A schwätzen déi englesch dohannen? Oder däitsch an hollännesch?

    > Fällt der eigentlech op, dass de emmer erem nemmen géint d’Francophonen gees? D’Fransousen sinn arrogant, d’Fransousen kënnen keen Englesch, wanns de engem Fransous de Fanger gëss hëllt en déi ganz Hand …

    Ben, wann dat meng Erfahrungen mat de Fransousen sinn??

    > Mir hunn och genuch Anglophonen an Germanophonen hei am Land, ech kennen eng Tonn Spuenier an Islänner, et ginn genuch Italiener hei… Watfir eng Virurteeler kënnen mer dann fir déi Gruppen fannen?

    Wann déi sech sou arrogant opféieren wéi d’Fransousen, da gëlt fir sie dat selwecht.

    > Ech sot jo och ni, dass all Däitschen franséisch kann an emgedréit. Ech sot just, dass et geet.

    An enger Draamwelt geet villes. Ech schwätzen vun der Realitéit. An do kënnen Däitscher an Fransousen nëmmen ganz schlecht mateneen kommunizéieren. Duerfir ass die ‘Grande Région’ jo och esou eppes Kënschtleches an ouni Lëtzebuerg giff dach tëschent D an F nëmmen wéineg lafen!

    > Mee do sinn mir dann natirlech och erem ze iwwerhieflech an wëllen bei de Grousse matspillen – an, esou schéngt et, do sinn mer oft der Iwwerzeegung dat géing net anescht goen wéi Iwwersetzer ze spillen.

    Ok, da komm mir lossen sie mol alleng kniwwelen!! Da gesi mer jo wat dobäi erauskënt …

    > Ech sinn definitiv net fir eng Dévaloriastioun vun onser Sprooch. Ech sinn fir eng Opwertung vun eiser Sprooch. Mee et ginn einfach keng Efforten, déi Sprooch méi ennert d’Leit ze bréngen. Mir integréieren d’Auslänner jo net. Mir halen se gären als “déi Aner” wäit vun ons ewech. Andeems mer hinnen manner Rechter ginn, an domatter guer keen Grond sech effektiv emol hei wëllen z’integréieren.

    Wat woer als éischt do? D’Ee oder d’Hung?

    Ech sinn awer d’accord, dass d’Lëtzebuergescht misst méi ënnert d’Läit bruecht ginn! Ugefaangen am ‘Espace Publique’. Mir sollten endlech ‘drécken’ amplaz ‘pousser’ op éis Dieren schräiwen! Dat léiert och en Auslänner a kierzester Zäit! An ech muss net mengen ech giff am Frankräich wunnen.

    > – Mir schwätzen verschidden Dialekter. Wann ech zu Klierf sinn, muss ech mech deelweis konzentréieren fir ze verstoen wat déi schwätzen. Ass den Klierfer en Lëtzebuerger, oder sinn ech een?

    Allebéid. Et ass die selwecht Sprooch. Just regional kleng Differenzen. VILL Manner Differenzen wéi mam Franséischen, oder och Däitschen.

    > – Wanns du lues genuch schwätz, versteet en Flamenner an en Hollänner dech, an emgedréit. Hunn mir dann elo eng ähnlech Identitéit, well eis Sproochen esou ähnlech sinn?

    Hollännesch an Lëtzebuergesch sinn, zumools geschwat, awer ferme verschidden. Mir kënnen roden, wat deen aneren seet. Trotzdem sinn et ganz kloer zwou verschidden Sproochen. Mengs de d’Hollänner giffen Lëtzebuergesch léieren, wann ech bei hinnen giff wunnen??

    > Dat kënnt awer och drop un, wouhinners de gees. Do kanns de zum Beispill och mat Katalonesch oder Aranesesch konfrontéiert sinn. An dann hänks de mat dengem Spueneschen.

    Da giff ech just op Plazen goen, wou se Spuenesch schwätzen. Wann ech an Katalounien wéilt wunnen, dann giff ech dat léieren!

    > Och wann ech net stolz drop sinn, Lëtzebuerger ze sinn, do kommen ech nunmol hier, an dat wëll ech och net einfach sou ofleen.

    Wann ‘Lëtzebuerger’ awer dann esou eppes distinctes ass, firwat solle mer dat dann opweechen an ennergoen lossen?

    > Ech kann duerchaus novollzéien, dass eis Sprooch duerch de Krich an iwwert déi lescht 60 Joer ewech zu engem Symbol fir eis Identitéit gi sinn. Mee dat heescht awer net, dass dat eng Astellung ass déi eis Demokratie weiderbréngt.

    Dat huet näischt domadder ze dinn. Lëtzebuergesch ass meng Mammesprooch an och déi vun deenen meeschten aneren Lëtzebuerger. An déi wëll ech hei am Alldag an ënnert Kollegen benotzen. An déi aner just als Hëllefsmëttel. Mee primär an optimalerweis: Lëtzebuergesch. Mir sinn jo weder an Däitschland nach a Frankräich hei.

    Wat nët heescht, dass ech net och Däitscher a Fransousen als Kollegen hunn. Et nervt mëch just méi (oder strengt mech méi un) fir mat hinnen an hierer Sprooch mussen ze schwätzen, wéi wann ech Lëtzebuergesch schwätzen kann. An ëmmer si mir et jo déi Effort’en mussen maan. Ok, dat ass well bal keng Sau lëtzebuergesch schwätzt, mee bon … Wann een awer lo hei wunnen AN wielen wëll, da kann ee sech gefällegst och mat dem Lëtzebuergeschen familiariséieren.

    > Ech wëll och guer net soen, dass mir elo mam Briecheisen mussen d’Wahlrecht fir Auslänner forcéieren.

    Ech gesinn net an firwat e klengt Land wéi Lëtzebuerg mat all deenen Problemer, déi dat mat sech bréngt, an sou engem Punkt muss eng Virreider-Roll spillen!

    > D’Wahlrecht fir Auslänner muss jo och net dat éischt sinn, wat geännert gëtt. Mir kënnen jo firdéischt déi lëtzebuergesch Alphabetisatioun duerchsetzen (juhu, mir sinn eis bei eppes eenz! ;)). An den Immigranten zum Beispill x Fräistonnen ginn op der Arbëscht, an deenen se a lëtzebuergesch Coursen ginn. Esouvill Geld ewéi eise Staat zur Fënster erauspucht, kéinnt en et sech dach finanziell bestëmmt och erlaaben, déi Fräistonnen ze bezuelen.

    Domadder hätt ech absolut kee Problem.

  48. @Thierry du féiers déi regional Ennerscheeder/Dialekter un. Do sin mir awer och keng Insel, so mer ee Land op dëser Welt, wou am ganzen Land hoergenau déi selwecht Ausdréck an Wieder genannt gin.
    Déi ganz Problematik gouf schon x-mol duerchdiskutéiert. Fakt as (an mengen Aan), dass mir als Lëtzebuerger Land an Vollek eis vill zevill un d’Gäscht (!) an eisem Land upassen (mussen), an doduerch emmer méi zum Friemen am eegene Land gin. An Daitschland gëtt keen tiirkesch als Amtssproch agefouert well vill türkesch Awanderer do sin, an Frankreich och keen marrokanesch, asw. Déi Awanderer passen sëch un an léieren d’Sprooch vun deem Land.

  49. Lo mol ganz lues héi.

    Ech wees net, wéi dir daat gesidd, mee wéi ech vir d’Lescht gekuckt hunn, hunn mir Franseisch an Daitsch net ereicht als offiziell Sprooch angefouert, zenter daat et Grenzgänger ged.

    Et ged menger Meenung no exakt drai Meiglechkeeten, fir den Problem “Ech well awer keen Franseisch schwätzen, well daat stenkt” ze leisen:

    1) Mir akzeptéiren daat mir en geschichtleschen Zoufall sinn an eis Fläch 2586 km² ass a mir domadder an der Lächerlechkeetsskale esou just iwert dem Vatikan stinn an schwätzen aus Heiflechkeet Franseisch, Daitsch oder Englesch mat dene Leit, déi eis Mammesproch net verstinn. Mir kennen eis dofir am Ausland emmer bewonnere losse, besonnesch wann mir op enger A waaren.

    2) Mir féiren nach méi en krasse Franseisch-Drill an de Schoule an, esou daat mir an enger Generatioun all besser franseisch kennen wéi d’Membren vun der Académie française zesummen. Da kennen mer all fuerchtbar arrogant si nn an dauerend immens komesch Zaiten an Verbforme benotze. D’Franzouse ginn sech geschloe an léiren letzebuergesch.

    3) Mir bauen en Atomuboot am Stauséi an schaafen eis méi Nuklearsprengkäpp un wéi d’Grande Nation. Eng Atombomm ass stänneg op Metz gerricht. Keen woot et méi, net Letzebuegesch mat eis ze schwätzen.

  50. Wat ass eng natioun, daat ass relatif. vun der definitioun aus muss een fransouss soen: get een fransous, an een deitschen misst soen : get een deitsch gebuer.
    Net wahlberechtechter hun neicht an dem prozentsaatz ze sichen an duebelnationaliteit ass och bloedsinn well dann kann een an engem land wielen wou een guer net wunt, oder fleit nemmen een mount am joer. (duerch duebelnationaliteit waer et theoreteg meigeleg mei wieler ze hun wei anwunner, och wann et sou ausgeseit wei wann daat net waert gescheien)
    Eng nationaliteit muss een wielen kennen (ennert verschiddenen conditionen) an um europaeschen plang musse mer all dselwecht considereiert gin.

    an sou nazi gelalls mat mat mir passen eis den auslaener un ass bullshit, et entsteht emmer een equiliber. an wann engem zefill auslaener am land sin soll en sech beim juncker beschweieren well deen well 700.000 anwunner an dofir brauchen mer auslaener, well mat 1-2 kanner pro coppel get eis d vollek sech net mei grouss

  51. Joël:

    Nee. Mee vu dass d’Lëtzebuergescht d’Mammesprooch vun de Lëtzebuerger ass, an net Franséisch oder Däitsch, soll deem Rechnung gedroen ginn.

  52. Wéi soll dem dann Rechnung gedroe ginn? An waat huet daat mam Auslännerwahlrecht ze dinn? Solle Net-Letzebuerger, déi letzebuergesch schwätzen, dierfe wiehle goen?

  53. Nee, mee d’Lëtzebuergescht soll weider promouvéiert ginn an d’Integratiounssprooch No 1 sinn/ginn.

    An d’Wahlrecht sollen, national gesinn, just Läit kréien, déi och die lëtzebuerger Identitéit hunn. An Auslänner déi Lëtzebuerger wëllen ginn mussen jo och en Lëtzebuergesch-Test man. An dat ass och gutt sou.

    Mee dat hu mer jo schon alles zur Genüge lo diskutéiert huelen ech un.

  54. Mir wäerte wahrscheinlech net op ee grénge Zweig kommen. Och net, wann ech dir soen, dat den Aussoe sech liesen wéi den ADR-Walprogramm.

  55. Am ADR-Wahlprogram ass et ausschliesslech em d’Wahlrecht vun der Auslänner gaang? ;)

    Mee am Eescht lo: meng Usiichten iwwerschneiden sëch, je no Thema, mat verschiddenen Parteien. Wat nët heescht, dass ech duerfir mat der jeweileger Partei komplett d’Accord sinn. Mee all Partei huet gutt a schlecht Iddien. Dat ass numol eng Tatsaach.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *