Mir sinn online!

No villen Wochen Diskussiounen an Gewurschtels, an ganz vill Prokrastinéieren ass et endlech esouwäit: The Big Thread ass online! The Big Thread ass eng Zesummenarbëscht tëscht en puer Studenten vun menger (mëttlerweil fréierer) Uni, aus den (elo) zweeten an drëtten Joeren, déi Coursen am Creative Writing beleen (respektiv, a mengem Fall, beluecht hunn). D’Haaptleit dohannert sinn der haaptsächlech vun deenen, déi och schon bei der leschter Éditioun vun der University of Glamorgan Creative Writing Anthology am Editorial Board souzen.
Den Alter vun den Auteuren erstreckt sech iwwregens vun 18 bis 38 Joer, d’Inhalter vun de Kuerzgeschichten werten also zimlech breet gefächert sinn.
Den – villäicht komëschen – Numm kënnt vun engem Running Joke tëscht den involvéierten Leit: zanter Januar schreiwen mir eis per Facebook Messagen, bei deem et déi éischte Kéier drëm goung erauszefannen op et eng Limit géing ginn wéivill Messagen Facebook pro Thread zouléisst (et sinn der 1000). Mëttlerweil sinn mer beim fënneften Thread ukomm (dat heescht mir hunn eis bis elo eng 4600 Messagen geschriwwen). D’Titelen vun deenen Threads sinn all Kéiers “The Big Thread” plus iergendeen Ënnertitel (beim Véierten war dat zum Beispill: “fuck off back to Europe, Thierry”).
Fir de Moment gëtt et eréischt eng Kuerzgeschicht vum Chris an eng vum Paul do ze liesen, mee de Site wert sech awer séier fëllen – emmerhin sinn mer zu ning Leit. Gidd also roueg emol laanscht kucken.

2 thoughts on “Mir sinn online!”

  1. En Blog, wou een dann alt erem frou ass, daat et RSS ged. Kennt dir ierch w.e.g. op en Schreft eenegen an d’Greißt e bessi ropschrauwen? Esou mescht daat nämlech keen Spaß fir ze liesen. An daat soll een jo awer, liesen.
    Soss: gudd Saach, wéider esou!

  2. Ech hunn deng Kritik mol weidergeleet. Iwwert d’Schrëft schéngen mer eis eenz. Iwwert d’Gréisst gëtt lo ofgestëmmt. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *