Kuerzkritiken, oder sou (5)

Under the Pavement – The Beach. Dee neien Album vun der schwedescher Band Deportees erfënnt zwar d’Popmusék net nei – zumindest net déi schwedesch, aner Länner kéinnten duerchaus nach draus léieren – mee dat brauchen se och guer net well et ass trotzdem ee wonnerschéinen Album. Absolute Favorit: “Wherever I Lay My Head Tonight,” eng Ballad, wéi et der roueg méi kéinnten ginn – einfach emol eng Kéier melancholesch sinn, sou wéi et fir d’lescht Enn der 90er mat Coldplay méiglech wor. Fazit: wien gären gudd schwedesch Musék lauschtert, dierft vill Freed mat dësem Album hunn.

17 Again. Jo, ee Zac Efron Film. Ech wollt deen och amfong guer net kucken goen. Mee wann ee mat engem Meedchen an de Kino geet, kënnt esou eppes halt emol fir. Déi eenzeg Alternativ war Terminator Salvation, an deen wollt meng Begleedung net gesinn. De Film war iwweraschenderweis guer net esou fierchterlech, ewéi ech mer dat erwaart hätt. D’Witzer waren zum gréissten Deel extrem banal, mee duerch dem Haaptcharakter säi beschte Frënd, deen en absolute Geek ass an fléissend Elfish (oder wéi och emmer een dat nennt, déi Tolkien Sprooch aus dem LotR) schwätzt, gëtt de Film dann trotzdem nach gerett. An déi éischt zwou Minuten ass den Zac Efron esouguer ee witzege Personnage. Fazit: muss ee net gesinn hunn, dréit een awer och net duerch vu Roserei wann ee Geld dofir ausginn huet.

Terminator Salvation. Wat ee bombastesche Film. Also, am Sënn vum Wuert: voll mat Explosiounen. Een richteg gäilen Actionfilm, ewéi de Michael Bay sech der just kann erdreemen. Et maach een dem Film virwerfen, dass de Plot beschtefälls pobéierdënn ass, mee en behaapt och guer net vun sech méi ze sinn. Vum McG dierf een sech keen déifphilosopheschen Matrix-esquen (dat Wuert wollt ech schon emol eng Kéier benotzen) Film erwaarden. Den Christian Bale nervt zwar mat sengem Ech-drécken-sou-fest-op-meng-Stëmm-bis-ech-rau-kléngen, mee dofir huet de Film jo och de Sam Worthington, een Schauspiller deen mat dësem Film hoffentlech endlech och dem Mainstreampublikum méi bekannt gëtt. Ee weideren positiven Punkt: den Danny Elfman iwwerascht mat engem bal epeschen Sondtrack. Fazit: kucken goen!

We Love Indie. Den D:qliq hat erem eng genial Band agelueden, déi dänesch Death Indie Grupp Mimas. Well ech, zanter den Bassist vun Do Androids Dream of Electric Sheep? mer hier Musék ze lauschteren ginn huet mat de Wierder: déi hunn vill Sonn an hierer Musék, total begeeschtert sinn vun deenen Muséker, hunn ech d’Leti an den Joël emol direkt an d’Stad geschleeft. Opening Act war déi lëtzebuergesch Formation La Fa Connected, déi ech bis dohinner just vum Numm kannt hunn, mee déi mech mat hierer Musék gëschter Owend definitiv konnten begeeschteren. Den Concert vu Mimas dann war esou ewéi ech mer dat erhofft hat. Live hunn d’Jongen e bëssen méi gerockt ewéi op CD, mee dat awer ganz gudd esou. D’Trompett koum leider net esou oft an Asaz, mee dat ass an der Rei, well den Trompettensolo bei Dads live nach méi schéin ass ewéi op hierem The Worries Album. Fazit: schued fir all déi, déi et verpasst hunn.

6 thoughts on “Kuerzkritiken, oder sou (5)”

  1. Am Film hunn si et just “Elvish” genannt. ‘t war ee Zac Efron Film. Esou eng Léiwt zu Detailer kanns de do net erwaarden. ;)

  2. Wouhir ass de Zac Efron eigentlech bekannt. Bis zur Reklamm vun desem Film, hat ech dee Numm nach ni héieren.

  3. Bei Firefly huet en den jonke Simon gespillt an en hat eng Nierweroll an der kuerzlieweger Serie Summerland. Mee wierklech berühmt ass en mat der High School Musical Trilogie ginn.

  4. High School Musical, dee Phänomen, vun deem ech éischt gewuer gouf, wi ën 3. Deel eraus koum. Ech fille méch sou aal…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *