Music Friday #2 – Lars Winnerbäck

2007 krut dëse Stockholmer Muséker den schwedeschen Musékspräiss Rockbjörnen fir d’Lidd vum Joer fir säin Duett mam Miss Li, Om Du Lämnade Mig Nu. Dat dierft illustréieren, ewéi populär dëse 34 Joer ale Kënschtler a Schweden ass, während en am Recht vun der Welt éischter onbekannt ass – leider d’Schicksal vu villen skandinaveschen Artisten, wann se net grad vun den Medien gehypet ginn ewéi zur Lescht wuel d’Lykke Li. D’Lidd ass vum Album Daugava (jo, et ass nom Floss zu Riga benannt), deen zwee Mol Platin krut.
Om Du Lämnade Mig Nu heescht esouvill wéi “Wann s du mech elo géings verloossen,” an ass ee Gespréich tëscht zwee Verléiwter, déi sech virstellen wéi et wier, wann si sech géingen trennen – an dat op eng extrem schéin Art a Weis, wat de Grond ass wisou d’Lidd ënnert de meeschtgespillten a mengem iTunes ass.
Dem Lars Winnerbäck seng offiziell Säit gëtt et ennert winnerback.se an seng MySpace Säit gëtt et hei.

Ech hunn emol probéiert, den Text esou gudd ewéi ech konnt op Lëtzebuergesch z’iwwersetzen. Mäin Schwedesch ass allerdéngs zimlech primitiv, et kënnen also duerchaus Feeler dran sinn. Wann een der fënnt, ech loossen mech gären verbesseren.

Ech géing matzen an der Nuecht erwäschen an ee laange Spazéiergang maachen.
Ech géing an aner Aan kucken, an enger friemer Stad.
Ech wier net an Hetz eng nei Persoun kennenzeléieren,
ech si vill fir mech eleng, genau sou wéi s du.
Ech géing den eidle Raum anotmen deen iwwreg géing bleiwen, wann s du mech elo géings verloossen.

Ech séiz am Zuch op Paräis a géing Stockholm hannert mer loossen.
Ech géing mer déi Zäit fir mech huelen, vun där ech sot dass ech se wéillt.
Ech géing mer erlaaben während dausende Kilometer duerch Europa ze dreemen
vun engem Friemen, dat esou vertrauensvoll wier ewéi s du.
Ech géing meng Lëpsen widdert engem aneren probéieren, wann s du mech elo géings verloossen.

Ech kéinnt ouni déi Blécker liewen déi mech aus dem Gläichgewicht geheien.
Ech géing de Moment vermëssen deen mer hunn, wann mer eis nees verdroen.
Ech géing Kontakter nosichen déi ech verluer hunn, mat deenen ech eemol zesumme war, iergendwou.
Ech huelen un et géing een anert ginn deem s du géings uruffen, wann et mech net géing ginn.

Villäicht géing ech een méi Jonke fannen, wéi eng Fierder a mengem Hut.
Et wier ze eidel wann keent do wier fir mech an der Nuecht ze wiermen.
Mee ech wier ni gedëlleg genuch verstaan ze ginn, kee kennt mech esou gudd wéi s du.
Ech géing nees a menger Einsamkeet festhänken, wann s du mech elo géings verloossen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *