University of

Ech mengen et gëtt Zäit, dass ech mech mengen sëllegen Kolleegen vun der Uni uschléissen, an och emol een Artikel schreiwen wat gerad esou leeft bezüglech dem Recht vu mengem Liewen. Fänken mer vir un: ech hunn eng falsch Décisioun getraff. Déi falsch Décisioun war, net op Oxford ze goen, fir Publizistik ze studéieren. Well ech zanter Wochen just eppes sécher weess: ech wëll Publizistik studéieren. An de sécherste Wee dohinner ass fir mech fir 2010 unzemellen. Dat léist mer ee Joer wou ech guer net weess, wat ech soll maachen. Déi Entscheedung net op Oxford ze goen huet sech zwar virun e puer Méint richteg ugefillt, well ech onbedengt wollt zu Cardiff bleiwen. Ech war nach emmer ee Mënsch, deen net gären fort geet, an nodeems ech an zwou Primärschoulen war an dräimol de Lycée gewiesselt hunn, hunn ech einfach d’Flemm domatter ni méi laang ewéi zwee Joer op der selwechter Plaz ze sinn. A meng Alternativ zu Oxford war… Translation Studies zu Cardiff.
Respektiv ass et am Moment och nach. Wéi dat awer esou op briteschen Unien ass, brauch een zwou Referenzen – an do fänkt d’Saach u spannend ze ginn. Zwar hunn ech zwee Proffen, déi mer soten si géingen mer esou eng schreiwen, mä gemaach hunn se dat bis ewell nach emmer net. Eng Deadline gëtt et fir de Master net, mä eng Woch firdrunner umellen ass dann awer natirlech ze spéit. Während ech also op déi Referenzen waarden, kucken ech mer zanter Wochen un, wat et esou un Alternativen géif. Do gëtt et natirlech d’Uni Lëtzebuerg, wou ech schon eemol war, an de Master an der Luxemburgsitik kléngt nawell och ganz intressant. Dann gëtt et zu Auckland a Neuseeland eng gudd Uni, wou een och kann Creative Writing studéieren. Dat ass awer als Net-Neuseelänner bal net ze bezuelen. Ech hunn mer alles ugekuckt: Wien (déi hunn nach Magister), Cambridge (nujee), an esouguer d’Uni Reykjavík. Esou lues ginn mer einfach d’Ideen aus. A mengem Lieblingsland Schweden ginn et bal keng humanwëssenschaftlech Coursen op Englesch, a keng déi mech intresséieren. Ech hunn mech duerch Säiten a Säiten u Prospekter gelies iwwert Work & Travel, mä fir esou eppes brauch ee natirlech och e bëssen Startkapital. Jo, ech hunn mech esou guer informéiert iwwert TEFL, drop bruecht vun engem Kolleeg deen elo een Joer a Südkorea genau dat maachen geet – mee dat sinn alles Länner, wou ech net wëll hinn. EF ass flott, konzentréiert sech awer blöderweis op Sproochen déi ech längst kann, an och wann ech domatter kéinnt ee Joer op Montréal oder San Francisco wier dat um Enn nemmen Beschäftegung a géing mech net weiderbréngen.
An do hunn mer de nächste Problem: Beschäftegung. Ech maachen guer näischt Produktives de ganzen Dag. An dat mécht mech färdeg, an ze wëssen, dass et mengen fréieren Klassekomeroden genau d’selwecht geet mécht et och net besser. Ech starren de ganzen Dag op mäi blöde Computerbildschierm, verbréngen d’Nuecht domatter DVDen ze kucken, muenchmol ginn ech mech an e Café setzen oder Méindesmëttes op de Radio. Dat inspiréiert dann erem net, wat erklärt firwat ech zanter Méint näischt méi geschriwwen hunn, wat erklärt firwat ech am Moment just funktionéieren a net liewen. Elo mol ofgesinn vun deem äußerst miesen Gedicht iwwert d’Dualla hei ennendrënner, well ech grad BSG gekuckt hat. Do kënnt dann och nach dobäi, dass Lëtzebuerg net mäin Doheem ass, an dass ech mierf ginn well ech hei festsëtzen. Ech kucken mer DSLRen an HD Kameraen un, an der Hoffnung dat géing mech nees virun d’Dier zwéngen an dozou iergendwéi kreativ ze ginn. Mä och dat täuscht am Endeffekt net iwwer d’Tatsaach ewech, dass mäi Liewen am Moment just vun eppes dominéiert gëtt: engem riesegen schwaarzen Laach mam Numm September. Well esouvill ech och gefrot ginn, wat ech dann elo maachen: ech weess et net. An dat nervt mech net nemmen, dat mécht mer och verdammt vill Angscht.

Same Town. Darker Secrets.

No zwee ganz, ganz laangen Joeren Waardezäit gëtt et endlech déi zweet Staffel vun der genialster Fernsehserie aus Kanada: Durham County. An d’Synopsis kléngt no nach méi beklemmendem Drama wéi déi éischte Staffel (d’Stéchwierder fir d’Serie op IMDb sinn: serial killer, breast cancer, doll, sex, electricity).

Season 2 pits Detective Mike Sweeney against an antagonist who has found a place in his heart and in his bed. Dr Penelope Verrity, a forensic psychiatrist, understands the hell Mike suffers as a consequence of his Season 1 encounter with serial killer Ray Prager. Mike’s marriage and family are falling apart, and Pen, having lost her young daughter in a drowning accident, becomes a port in a storm – a charming, beautiful, empathetic lover. When Mike begins to suspect that Pen may be a murderess, that her daughter’s death was deliberate not accidental, he finds himself caught in a game of cat and mouse, emotionally bound to a villain who is ruthless and cunning.

Anastasia

Void slowly spreading through her veins –
in the distance, already: humming from beyond.
I can smell the blazing fire, the pyre
combusting three decades of love and hate,
of memories like Billy bleeding out on cloud nine,
of love and hate, of giving all hope away, of love.
‘Scorpio’ said the chief but there was no solution:
so the girl from Sagittaron
took matters into her own hands –
humming her deathbed song.

Britesch Kichen

Wéi oft stinn ech zu Lëtzebuerg an der Kichen, an et ass näischt do fir z’iessen op dat ech Loscht hunn. “Wat glëchs de dann?” freet meng Mamm mech all Kéiers. De Konstantin huet eng schéin Lëscht zesummengedroen mat Saachen, un déi ech mech och esou gewinnt hunn, dass mer Rosport net méi schmaacht, d’Wirschtecher einfach net dat selwecht sinn, an de Moschter och net dee richtege Gout huet.
A wat géing ech grad fir eng Portioun Lincolnshire sausages and mash with gravy oder ee Ploughman’s ginn. Oder wéinstens ee beer and burger. Vläit ass déi britesch Kichen ongesond (dat ass se souguer zimlech sécher). Mä wann een sech bis drun gewinnt huet kann een net méi ouni liewen.

Mäin Dag mam Captain Jack Harkness a Captain Jack Harkness

Wéi kleng ass d’Welt? Virun kuerzem hat ech jo schon geschriwwen, dass ech en Dag mam John Barrowman sengem Double verbruecht hat, op der Autogrammstonn vum Russell T. Davies. Dräi Mol dierft der roden, wien duerch puren Zoufall e Freideg virun mir an der Schlaang stoung fir d’DVD vun der drëtter Staffel Torchwood vum John Barrowman, Eve Myles an Gareth David-Lloyd ennerschriwwen ze kréien. Genau: den glatzköpfegen Jack Harkness. An an de véier Stonnen, an deenen mer virum HMV stoungen ze waarden, sinn ech nawell zimlech vill Witzeges gewuer ginn, wat hannert de Kulissen leeft. An dat war och wahrscheinlech déi eenzeg Kéier, wou den John Barrowman op enger Autogrammstonn geruff huet: “I saw you naked!”

An e puer Wochen ennerschreiwt den Gareth David-Lloyd säin Audiobuch zu Cardiff. Dofir hunn “mäin” Jack Harkness an ech eis och schon emol virsichtshalwer mat de Wierder “see you at the next signing, mate” verabschied. Mir sinn schon een trauregen Grupp vu Geeks… Hehe.

Ech hunn keng Loscht méi.

A Frankräich boxt den klenge Fräschefriesser Sarko net nemmen mat aller Muecht säin HADOPI Gesetz duerch fir endlech vun der Muséksindustrie Lobby all déi versprachen Milliounen an den Arsch gestach ze kréien, mee en stellt sech och als Retter vum Klima duer andeems en nach vill méi CO2 an d’Luucht bléisst an Tonnen u radioaktivem Material produzéiert.

Zu Lëtzebuerg erwaard eis iwwerdeems eng katastrophal Legislaturperiod an där de Krecké sech weider dierf dofir asetzen dass Microsoft een europäescht Monopol gëtt fir Computersoftware, d’Delvaux de Schoulsystem nach méi dierf ruinéieren, den Halsdorf d’total Kontroll iwwert d’Land kritt, an de Kopplabunz-Biltgen alles u Ministerien (6 Stéck!) kritt wat der Regierung schäissegal ass. Firwat de muechtgäile Möchtegerndiktator Frieden iwwerhaapt nach ee Posten kritt no deenen Wahlresultater ass natirlech kloër: an spéitstens zwee Joër gëtt hien vum Bokassa als Premier agesat.

Währenddeems beweist Amazon ganz beandrockend wéi einfach Bicherverbrennung ass a klaut de Leit legal bei Amazon gekaafte Bicher vun hierem Kindle. Wéi een Held traut sech dann elo nach, d’eBooks als groußarteg Zukunft duerzestellen? Ironescherweis sinn déi verbrannte Bicher nämlech déi vum George Orwell.

Children of Earth [Spoiler]

Ouni jeglechen Zweifel dat Intensivst, Emotionalst, Schockéirendst, Maträissendst wat ech jemols op der Télé gesinn hunn. Wien mengt, en hätt schon alles un Düsterem gesinn, dat een Dréibuchauteur sech jemols hätt kéinnten ausdenken: den Russell T. Davies iwwertrëfft alles. Do kritt een Tréinen an d’Aan, esou een onheemlech hoffnunglost Bild wéi engem do vun der Mënschheet gewisen gëtt. An no fënnef Stonnen gëtt et och keen Happy End. Nee, den Davies zidd ee radikalen Schlußstrëch a mécht defintiv kloër: et ass alles eriwwer. Ech kann et guer net erwaarden, mer d’nächste Freideg d’DVD ze kafen a mer se vum Cast ennerschreiwen ze loossen. Esou muss Télé sinn: gudd geschriwwen, gudd gespillt, gudd Regie. Esou muss Télé sinn: dass een nom Ofspaann mol nach ee Moment brauch, fir sech erem gefaasst ze kréien.