Music Friday #3 – The Leisure Society

Eréischt firun dräi Méint koum dëser englescher Band hieren Debutalbum The Sleeper eraus, awer zanterhier begeeschtert en d’Kritiker. Als “swooning, instantly accessible waltz” gouf hier éischt Single vun der BBC beschriwwen. Den Album ass een vun deene wéinegen an rezenten Joeren – an zumols vun dësem Joer – deen engem am Ouer bleiwt, an wou méi Originalitéit drastécht wéi an deem meeschten, dat een am Moment an de Kapp geschmass kritt.
The Leisure Society hunn eng offiziell Websäit an – esou wéi et Usus ass – och eng MySpace Säit.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *