Nin méi an d’Rockhal

Ech muss emol eppes lass ginn: d’Rockhal ass deen allergréissten Schäissdreck. Ech hunn schon vill negativ Saachen héieren, vu Leit, déi emol eng Kéier do geschafft hunn, mee dat wëll ech hei elo mol net breed trëppelen – och wann ech deenen Leit dat gleewen, ech hunn jo keng Beweiser dofir – also erwähnen ech et just fir kloër ze maachen: meng Meenung vun der Rockhal ass keng gudd. Dass déi Meenung berechtegt ass, krut ech och gëschter Owend bewisen. Ech hat mäin Ticket fir de Nine Inch Nails Concert schéi brav op nin.com am Virverkaf bestallt, an wollt déi an der Oweskeess ofhuelen. Firdéischt sinn ech dunn bei d’Entrée “Press / NIN Fanclub” geschéckt ginn. Wéi ech do endlech bäi war, huet eng Kou mech firdéischt ugegranzt, ech misst mat hier an der Sprooch vum Louis XIV schwätzen, soss géing si mech net verstoen. Offensichtlech war hieren IQ awer esou niddreg, dass se mech och op Franséisch net verstanen huet. Also sinn ech dunn an déi Keess gaangen, wou d’Madame Fräschefriesser mech higeschéckt huet. Déck ugepisst, dass ech schon no zwou Minuten Rockhal een “parlez français!” un de Kapp geworf krit hat. An der Keess nierwendrun dunn, nodeems ech endlech bäi war, krut ech vun enger lëtzebuergescher Fra erklärt, dat wier déi Keess nierwendrun – also déi, wou ech grad war. Féck dech. “Ticket!” war dunn alles wat ech bei der Fräschefriesserin nach erauskrut, während ech meng Carte d’identité op den Dësch geklaakt hunn an dat huet se dunn och verstanen (nodeems déi lëtzebuergesch Fra hier nach anstänneg de Kapp gewäsch hat). Dunn sinn ech emol an d’Hal gaangen, wou ech nach relativ fir bäi eng Plaz krut (4. Rei). Ech war amfong nach déck gudd gelaunt – hey, ech war um NIN Concert! Ech hunn op de Joël gewaard, d’Virgrupp Mew aus Dänemark ass opgetrueden an huet gerockt. Dunn ass emol eng véirel Stonn laang Soundcheck gemaach ginn, an zwanzeg Minuten sinn d’Dampmaschinnen gelaaf. Wien brauch da scho Sauerstoff? Et war jo och esou gudd kal dobannen. Kaum koum den Trent Reznor op d’Bühn…
Jo, do fänkt et schon un düster ze ginn. Ech kann mech nach drun erënneren, wéi ech vun e puer Hierverbrannten ronderemgeschleidert gouf, iergendwou sinn ech nach e bëssen matgesprongen (mir ass och näischt anescht iwwreg bliwwen bei all de Fäischt déi ech an de Bauch krut) während den Reznor “Discipline” gesongen huet, an kaum hat ech gemengt ech wier endlech aus deem Pogokreess eraus, war ech och schon ab. Déi wahnsinneg Hëtzt, dat Hinanhiergeschleiders, d’Stroboskoper, den Damp – iergendeen (herno sinn ech em erem begéint, et war een briteschen Türsteher – dee privat do war, et war keen vun der Rockhal) huet mech opgefaangen an erausgedroen bei d’Protex. Mäi Schong hunn ech nach iergendwéi ubehaal, mee mäi Brëll war scho längst fort. Dunn louch ech dunn déi nächst Stonn mol op enger Brëtsch. An do sinn ech eréischt esou richteg sauer ginn. Well wat ech do alles héieren hunn, gleewt ee bal net. D’Rockhal huet eng Ventilatioun. Déi gëtt awer eréischt ugemaach, wann et wierklech net méi auszehalen ass dobannen. Soss kascht dat zevill Stroum. D’Rockhal huet och Dachfënsteren. Déi ginn awer aus Prinzip (watfir ee Prinzip och emmer) net opgemaach. Dat Ganzt goung esou wäit, dass d’Leit vun der Protex diskutéiert hunn, wien neess sollt zeréck an d’Hal, well keen et dobannen ausgehalen huet. Et war jo och nach haard. Esou haaard, dass ech am aneren Eck vun der Rockhal, duerch eng ganz Rei Betonsmaueren nach de ganzen Concert héieren hunn. An ech weess net, wéivill Leit eragedroen goufen während ech do louch. Mee anscheinend war et nach een extreem rouegen Owend.

De Concert war wierklech gäil. Also, déi lescht hallew Stonn während där ech ganz hannen am Sall bei der Dier stoung. Den Trent Reznor ass een absolut Genie, an ech sinn iwwerglécklech, dass ech dee Mann elo eng Kéier hunn dierfte erliewen. An säin “Hurt” ass live nach eng Kéier sou gäil wéi op CD. Do kann den Johnny Cash mat sengem Dreckscover doheem bleiwen. Mee trotzdem: an d’Rockhal ginn ech ni méi. Et gëtt keng Band, déi ech esou onbedéngt wëll gesinn, dass ech mer esouvill Schäiss nach eng Kéier géing undinn an den hieramputéierten Källef vun der Rockhal Geld an den Arsch stierchen. Voilà.

9 thoughts on “Ni<strike>n</strike> méi an d’Rockhal”

  1. Oofgesin dovun dat ech d’Rockhal och déck scheiß fannen kéint ee mengen dats du nach nie op engem groussen Concert wars? Well wat nämlech mindestens genee sou nervt wéi d’Rockhal selwer sen déi Leit déi sech dann driwwer opreegen dat et op engem Concert ze waarm/haart/enk as. Mer gesin eis beim múm am Exit. Do as et zwar och waarm, haart an enk, mee get awer cool… wäerts gesin. :)

  2. Wat d’Beschreiwung vun der Infrastruktur ugeet, muss ech däi Review leider bestätegen. Ech hat och déi zweiwelhaft Éier mäin Ticket bei déi franséischsproocheg Fra sichen ze goen, mä well ech relativ spéit komm sinn, war d’Schlaang just nach bei där anerer Dier, sou dass dat relativ séier iwwer d’Bühn gaangen ass. Déi Toz hat dunn zwar nach ëmmer net bekäppt, dass se deene Clienten déi vun hirer Kollegin riwwergeschéckt gi sinn, direkt de “Passeport” froe sollt, well fir d’éischt huet se misse meng ausgedréckten nin.com-Confirmatioun studéieren fir ze mierken ëm wat et goe géif.

    Déi Saach mat dem Damp an der schlechter Lëftung ass en effet eng Sauerei. Iergendwann an der Mëtt vum Concert hu se menger Meenung no d’Daachluken opgemaacht, well op eemol eng Brise frësch Loft ze spiere war. Firwat net schonn ier d’Museker op der Bühn waren?

    Eng weider Sauerei ass déi Saach mam Parking. Wéi ech heemgefuer sinn, do stoungen iwwer honnert Leit bei de Keesen virum Dexia-Gebai fir hiren Auto op de Parking payant niewendru sichen ze goen. Dobäi kann ee gratis am Parkhaus vum Belval Plaza parken, mä dat wësse wuel déi mannst, soss wier dat Parkhaus scho voll gewiescht wéi ech géint aacht do ukomm sinn an awer nach eng Plaz um -1 fonnt hunn.

    Et ass op Belval alt rëm wéi op sou ville Plazen am Ländchen: Lëtzebuerg huet zwar grouss Infrastrukturen, déi eppes hiergi kéinten, mä kee Schwäin weess se professionnell sou ze bedingen, dass de Client/User se och zefriddestellend notze kann. An am Rockbusiness ass et schwéier kee Mësserfolleg duerch organisationell Mängel ze hunn: Well d’Fans komme jo net wéinst der Hal, mä wéinst de Museker. Réischt wann zu Lëtzebuerg mol endlech bekäppt gëtt, dass professionnell net dat selwecht wéi kommerziell heescht, gëtt et menger Meenung eng Aussiicht op Besserung. Mä di meescht wëlle jo bleiwe wat se sinn…

    Zum Gig: full ack (obwuel ech dem Cash säi Cover och gutt fannen).

  3. Bon, ech hätt et zwar kenne wessen, hätt mir awer net erwaard, daat et mam “gedrecks”/Pogo/nenntetwéideretwellt esou wier. Mä “dat ass eben sou”. Et ginn och Leit, déi d’Gitarre matsangen. Do muss jiddereen selwer wessen, ob en well matsprangen, ob en probéiert ganz no vir ze kommen (just virun der Bühn ass et meeschtens roueg) oder ob een sech méi op d’Sait/no hannen stellt wou net gedreckt ged.

    Loft wier effektiv zu engem gewessen Zaitpunkt net schlecht gewierscht, aanersaits waar et emmer méi angenehm wéi am Fly (obwuehl daat mam Femmverbued och net esou geklappt huet, e bessi no Gras huet et och gericht [bei NIN? Geht et dann?])

    Dexia-Parking: Grausam. Ween och emmer déi Idee haat, ech wenschen em, daat en nie do lanscht kennt wann en Konzert riwer ass.

    Den Konzert selwer waar genial.

  4. @xdevx
    Dach, war ech. An dat do war och net mäin éischte Concert an der Rockhal. Mee ech hunn es elo einfach genuch mat deem Schäiss deen ech do zu Esch muss matmaachen. Ech war och schon op Festivalen, an ech war och schon Doheem op eng ganz Rei Concerten, wou ech vill Spaass hat. ‘t ass also net esou ewéi wann dat hei elo meng éischt Erfahrung gewiercht wier. Mee ech maachen emmer neess op ee Neits d’Erfahrung, dass dat Drecksland hei fir d’Frecken näischt op d’Rei kritt. Emol keen hongrege Concert mat e puer honnert Leit, deen nach net emol ausverkaf ass (HALLO?! Wéi der Däiwel kritt een et hin deen eenzegen an leschte Concert vu NIN hei am Land *net* auszeverkafen?! Dat eleng seet dach scho genuch aus iwwert déi Hornochsen déi do am Management sëtzen!).
    Mir gesinn eis net um múm Concert. Wann alles riicht leeft, sinn ech dann nämlech endlech erem iwwert 1000 Kilometer fort vu Lëtzebuerg. :D

    @Joël
    Ech wollt jo net matsprangen. ;) Mee ech stoung eben grad op där Plaz, wou all Mënsch direkt gepoggt huet. An wéi ech et bal erausgeschafft hat, louch ech och schon um Buedem. An do maachen ech der Rockhal de Virworf: wier et net esou schäiss waarm gewiercht an wier nach e bësse Sauerstoff dobannen gewiercht, hätten mer all déi Schléi wahrscheinlech vill manner ausgemaach. Mee well dat jo Suen kascht fir d’Ventilatioun unzemaachen, bleiwt déi aus. Mä emmerhin hat iergendeen mäin Brëll eremfonnt an ech krut deen no enger Stonn erem… An dee briteschen Türsteher huet mech direkt opgefaangen kritt. Ech kann alt nach wéinstens behapten, dass ech Gléck am Ongléck hat.

    @Georges
    Wéi ech schon am Post geschriwwen hunn: bei der Protex hunn ech iwwerhéiert, wéi si sech driwwer opgereegt hunn, dass d’Daachluken emmer eréischt opgemaacht ginn wann schon e puer Leit erausgedroen goufen… A wat dat mat den zwanzeg Minuten Dampmaschinn virum Concert an engem zouenen Sall sollt, bleiwt mer op éiweg ee Rätsel. D’Leit ginn vläit net wéinst der Infrastruktur an dem Management dohinner. Mee ech ginn elo net méi dohinner, wéinst der Infrastruktur an dem Management.

  5. Zitat aus dësem Artikel vu mir vum 12. November 2007:
    “#088 Nine Inch Nails – Hurt
    an Johnny Cash – Hurt
    Den Trent Reznor, Sänger vun Nine Inch Nails, sot nodeem en dem Johnny Cash séng Versioun vum Lidd héiren huet, dass d’Lidd net méi him gehéire géif, mee dem Cash säint wier. Sou wäit géif ech net goen, mee ech ka mech net decidéiren, wéieent ech besser fannen. D’Zerbriechlechkeet vum ale Mann, oder dach d’klaustrophobesch Verzweiflung vun der Jugend? Ech iwwerlossen iech et z’entscheeden.”

    Zitat vum Thierry vum 12. November 2007:
    “Johnny Cash. Definitiv. :)”

    Discuss.

  6. Ech wëll guer net bestreden, dass ech dem Cash seng Versioun laang léiwer hat. An wat de Video ugeet, do ass dem Cash säin een vun de Beschten déi je gemaach goufen. Mee ech hunn eben NIN elo live gesinn. An do hunn ech meng Meenung geännert. Villäicht well ech gëschter eréischt wierklech erkannt hunn, wéi genial dem Reznor säin Original tatsächlech ass.

  7. Quote: “Réischt wann zu Lëtzebuerg mol endlech bekäppt gëtt, dass professionnell net dat selwecht wéi kommerziell heescht, gëtt et menger Meenung eng Aussiicht op Besserung. Mä di meescht wëlle jo bleiwe wat se sinn…”

    KAZZING. :) Full Ack.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *