Ech hunn keng Loscht méi.

A Frankräich boxt den klenge Fräschefriesser Sarko net nemmen mat aller Muecht säin HADOPI Gesetz duerch fir endlech vun der Muséksindustrie Lobby all déi versprachen Milliounen an den Arsch gestach ze kréien, mee en stellt sech och als Retter vum Klima duer andeems en nach vill méi CO2 an d’Luucht bléisst an Tonnen u radioaktivem Material produzéiert.

Zu Lëtzebuerg erwaard eis iwwerdeems eng katastrophal Legislaturperiod an där de Krecké sech weider dierf dofir asetzen dass Microsoft een europäescht Monopol gëtt fir Computersoftware, d’Delvaux de Schoulsystem nach méi dierf ruinéieren, den Halsdorf d’total Kontroll iwwert d’Land kritt, an de Kopplabunz-Biltgen alles u Ministerien (6 Stéck!) kritt wat der Regierung schäissegal ass. Firwat de muechtgäile Möchtegerndiktator Frieden iwwerhaapt nach ee Posten kritt no deenen Wahlresultater ass natirlech kloër: an spéitstens zwee Joër gëtt hien vum Bokassa als Premier agesat.

Währenddeems beweist Amazon ganz beandrockend wéi einfach Bicherverbrennung ass a klaut de Leit legal bei Amazon gekaafte Bicher vun hierem Kindle. Wéi een Held traut sech dann elo nach, d’eBooks als groußarteg Zukunft duerzestellen? Ironescherweis sinn déi verbrannte Bicher nämlech déi vum George Orwell.

3 thoughts on “Ech hunn keng Loscht méi.”

  1. puer sachen: hdopi absolut d’accord aggressiv kontrollen an schnüffler abbauen ass abarteg an geint meng perseinlech freiheet.
    zu letzebuerg erwaard ons dat wat mer gewielt hun quitte que dass weder du nach ech dat gewielt hun.
    wat ech net ganz verstinn ass d’opreegung iwer amazon, ass et klauen wanns de en buch zreck zitts wous de rechterproblemer hues an den leit hier suen zreck gess ???
    bzw wou ass den ennerscheed zu engem normalen buch wat duerchaus och kann gespaart gin oder guer net rauskennt ? kloer ass net extreem cool dass een en buch rem ka gelescht kreien mee ech sin awer do souweit nach en optimist dass ech dru gleewen dass sou sachen nemmen gescheien wann et eng ursaach gett dei een kann nofollzeien…. (an mat den ebooken geet et wei mam mp3 wann weider op proprietären formater beharrt gett: en riesen illegalen ongebremsten tauschmarkt deen di ganz saach souwisou lächerlech mecht, insoufern hm? fierwat soll ebook net eng gutt zukunft hun? mei papp huet sech schon eent bestallt well en net emmer mat 500 seiten dossieren duerch d’landschaft laafen wellt. elleng am berufsliewen huet dat dengens also op allefall eng gutt zukunft)

    zu mengen kritikpunkten :P : “klenge Fräschefriesser”, eierlech muss dat sin ? wa mer schon eng keier opgefall dass de den ausdrock benotzt hues, mier schengt du hues besser argumenter an firun allem argumenter dei net no hanne lass gin well dat doten direkt fransousenfeindlech klengt an ech soumat egal wei valid deng folgend argumenter sin eigentlech mol fier d’allereischt mat enger gesonder negativer astellung zu dengem post un d’saach ruginn.
    gleiches fier den kopplabunz-biltgen inwiefern huet dat eppes ze din mat sengem cumul fun onwichtegen ministerien? normalerweis ging ech dat iwregens einfach eng witzeg uspillung fannen mee den grondtoun fun dengem post ass sou aggressiv-negativ dass et och direkt wei eng perseinlech attaque riwerkennt.

    an zu gudder lescht awer nach een luew :D ass emmer flott wann een schein kompakt en politrésumée hei gemach kritt well ech a priori mech fier ons national politik keen su scheeren.

  2. Ze behaapten, ebooks wiere keng gudd Idee, well Amazon, Kindle an DRM schaiss ass, ass wéi ze soen, digital Musek géif sech net duerchsetzen, well WMA en schaiss Format ass.

  3. Just well et digital ass, ass dat jo net manner schlëmm. Dat ass jo esou, ewéi wann elo d’Librairie Ernster bei dech heem kënnt, däi Bicherschaaf duerchsicht an sech dann erem déi Bicher mathëllt déi si der guer net hätten dierften verkafen. An dann kriss de zwee Euro op den Kichendësch geluecht, fir dass de dech net kanns bechwéieren. Ech fannen dat extreem krass. Well wat seet dat dann och iwwert Amazon aus, wann si et emol net op d’Rei kréien VIRDRUN ze kontrolléieren op si dat Buch dierfen verkafen? Den Ennerscheed zu engem normalen Buch ass: wann ee Buch net erauskënnt, kriss du dat och net ze kafen. Den Ennerscheed zu engem normalen Buch ass: dat kënnt keen bei dech heem sichen.
    Schwaarzmaart. Dat fannen ech ee gudde Stéchpunkt. Villäicht gesinn ech dat anescht, well ech selwer schreiwen, an och wann ech nach keen Buch erausginn hunn, wëll ech déi Problematik awer net ignoréieren. Wanns du op Torrentsäiten no eBooks sichs, kriss du elo schon bal alles. Ey, bei Mininova hunn se souguer op der Haaptsäit eng Kategorie fir eBooks – nach virun Filmer a Musék! Natirlech hunn eBooks och positiv Aspekter – et brauch en keng 500 Säiten Dossier ronderem ze schleefen, mee am Eescht: ech kéinnt mech net dohinner setzen an dausend Säiten Tolkien op engem Bildschierm liesen. Natirlech kéinnt et och positiv Effekter fir Auteuren hunn: si kéinnten hier Wierker selwer verkafen, a bräichten keen Verlag méi, deen hinnen d’Geld klaut (wanns du ee Buch vun 12 Euro keefs, kritt den Auteur 1 (!) Euro).

    Mir goung et guer net drëm, hei d’Leit elo iwwert iergendeppes opzeklären. Den Internet steet zanter Wochen voll mat HADOPI an HADOPI 2. Mir goung et virun allem drëm, wat och schon am Titel steet: ech kréien wahnsinneg de Frust, wann ech emmer erem liesen muss ewéi d’Politiker maachen wat se wëllen. An jo, ech géing dem Sarko scho gären emol eng Kéier e puer Zänn ausschloen an em d’Nues briechen. Dat ass vläit net diplomatesch. Mee dat ass mir awer ganz egal.

    De Biltgen ass absolut lächerlech. An elo kritt en eng ganz Tonn Ministerien, fir déi mer ee serieuxe Politiker kéinnten brauchen. Do ass dach een Zesummenhang. ;)

    Digital Musék: also ech hunn ugefaang, mer neess physesch Kopien ze kafen, well digital et einfach net bréngt. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *