Britesch Kichen

Wéi oft stinn ech zu Lëtzebuerg an der Kichen, an et ass näischt do fir z’iessen op dat ech Loscht hunn. “Wat glëchs de dann?” freet meng Mamm mech all Kéiers. De Konstantin huet eng schéin Lëscht zesummengedroen mat Saachen, un déi ech mech och esou gewinnt hunn, dass mer Rosport net méi schmaacht, d’Wirschtecher einfach net dat selwecht sinn, an de Moschter och net dee richtege Gout huet.
A wat géing ech grad fir eng Portioun Lincolnshire sausages and mash with gravy oder ee Ploughman’s ginn. Oder wéinstens ee beer and burger. Vläit ass déi britesch Kichen ongesond (dat ass se souguer zimlech sécher). Mä wann een sech bis drun gewinnt huet kann een net méi ouni liewen.

7 thoughts on “Britesch Kichen”

  1. Bëssen Reklamm!
    Do gett et eng kleng britesch Enklav zou Capellen an deer Leit sinn dei Dir bei genau deem doten Problem kenne weider hëllefen, oder all deenen dei sech fier Kichen interesseieren an alt emol eppes aneres fier an der Kichen brauchen. Do kriss Du alles, ob engleschen Moschtert, black Pudding, interssant Alen oder d’Sonndeszeitungen (wuelverstanen um Sonndegmoien).
    Deen Buttëck heescht Little Britain, Adress ass am Telefonsbuch ze fannen.

  2. Grommel: Jo. :)

    Serge: Jo. Mee wien weess schon, fir wéi laang… :)

    denjclaude: Oh, cool! Villmols merci fir deen Tipp! An der Zäit gouf et emol emmer den English Shop um Lampertsbierg, wou ech am Lycée emmer akafen gaangen sinn. Mee deen ass jo leider virun e puer Joer zougemaach ginn an zanterhier souz ech um Drëschenen. Ech wert dann emol an de nächsten Deeg eng Kéier op Capellen goen. :)

  3. Ech hunn jo ni behaapt, dass ech nemmen gesond iessen. Et ass jo net esou, ewéi wann ech mech géing vun Fritten erniehren. Mä muenchmol hunn ech eben och Loscht op pub food, genausou wéi ech halt muenchmol och Chips oder Schokla iessen. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *