Wéi schmaacht Fleesch?

Alt nees eppes bäigeléiert. Mir war jo scho kloer, dass déi mënschlech Zong kann batter, séiss, sauer a salzeg als véier Basisgoûten auserneenhalen. Ech wousst awer net, dass et géing ee fënneften ginn, deen ee benotzt fir de Goût vun, ënnert anerem, Fleesch oder Champignonen: umami. Wëssenschaftlech nogewisen gouf dee fënneften Goût eréischt relativ rezent, 1908, vum Kikunae Ikeda, engem Chemieprof op der Tokyo Imperial University. Umami ass dann och ee japanescht Wuert, an bedeit “lecker”.

5 thoughts on “Wéi schmaacht Fleesch?”

  1. Ech hunn och desläscht grad eppes iwwer ‘umami’ gelies … witzeg … wees awer net méi wou … ah, dach, irgenden BlogPost iwwer Ketchup …

  2. Ech duecht, dat wir éischt an de 90’er geschidd? Ech hat dat domols gelies.

    Beim Wuert Fleesch hun ech lo misste laachen. Komme grad vun der Autobunn, do hat ech ë Camion mat der Opschrëft “Fleisch Schwamm” (iergend eng däitsch Metzlerei) viru mir, wat bei mir baal eng Laachattack vun enger Minutt veruersaacht huet. Keng Ahnung, firwat.

  3. War dat bei “Wer wird Millionär?” Ech sinn zwar amfong iwwert een Artikel um Internet driwwer gestouss. Ech kann mech guer net drun erënneren, wéini ech fir d’lescht eng Télé ageschalt hunn, geschweige denn de Jauch gekuckt hunn.

    Dat ass och vläit an den 90er eréischt an Europa ukomm. D’Japaner sinn eis jo bei zimlech allem e puer Joeren viraus. :)

  4. Ech weess natierlech net wou s du et gelies hues, mä ech hunn et mol vrun 3-4 Joer bei “Wer wird Millionär?” gesinn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *