I Aim To Misbehave

Endlech! Den, vun iergendwelchen Leit wahrscheinlech sehnsüchteg erwaarten, Teaser fir dem James Cameron säin Avatar ass do. Aha. Net nemmen weess ech nach emmer guer net firwat em alles an der Welt ech mech op dee Film soll freen (just wéinst dem Sam Worthington ginn ech kee Film kucken), et gesäit och einfach aus ewéi een Trailer fir e Computerspill (deemols an den 90er hat de Cameron jo schon eemol probéiert dat ganzt als Animatiounsfilm ze realiséieren). An aus iergendengem Grond *houscht*d’Schrëft*houscht* erënnert mech dat Ganzt un Serenity.

14 thoughts on “I Aim To Misbehave

  1. Firwat dann Serenity? Dat ass dach eng aaner Schrëft? Kuck mol alleng beim R den Eck uëwe lénks. Së kënnt wuel aus der nämlechter Famill, mee bei sou grousse Filmer gëtt meeschtens eng eege Schrëft fir de Film krééiert, alleng wéll kee wëll riskéiren, datt härno iergend ë Studioboss Comic Sans MS benotzt.

  2. “Dances With Wolves” meet “World of Warcraft”. Wow, wat woer deen Trailer eng Enttäuschung!

    A vun deem ellenen Font mol guer net ze schwätzen.

  3. Ech si gespaant, wéi daat ob der grousser Leinwand ausgesait a fannen et schon mol schick, daat een Trailer och mol ouni déi üblech Bass-Stemm auskennt, déi Zweschentitelen virliest.
    Wat “et gesait aus wéi en Trailer zu engem Computerspill” ugeht: Dat ass menger Meenung no esou gewollt.

    Ech fannen d’Idee, déi hannert der Geschicht stecht, scho mol ziemlech cool. Aanersaits wees een net, wéi se am Detail ausgesait. Och net no engem Trailer.

  4. ech muss soen nodeem ech den “logo” do lenks gesin hun hat ech net mei fill loscht fier den trailer ze kucken. dat mecht effektiv bessen geklaut/belleg/etc, mais nodeem ech den trailer gesin hun revideieren ech zwar meng meenung. et ass net fier neischt dass besooten pc spiller trailer an leschter zeit meeschtens en highlight fier sech sin, geseit relativ epesch aus dat ganzt. quitte que dass een fleit dein mix aus spillfilm/animatioun net immens fennt. fannen ech am prinzip och net gutt mee daat hei geseit baal aus wei wann et den spagaat hikriiech. op allefall en film deen ech iergendwei weert kucken.
    (iwregens hat ech bis zu dengem post keng ahnung dass et sou ee film weert gin ^^)

  5. Joel:

    Wat ass un der Geschicht cool? Et ass “Dancing with wolves’ am Weltraum … net grad originell?

  6. pa: Ech weess, dass et net genau déi selwecht Schrëft ass. Mä déi vun Avatar schéngt einfach gudd “kopéiert”. Den éischten an de leschten Buchstaw déi d’Grondlinn iwwerschneiden, den T, déi gefransten Buchstawen, d’ofgeschnidden Linn bei den Vokaler (beim E de mëttelste Stréch, beim A dee lénksen).

    Grommel: Jo, un Dances With Wolves hat ech emol guer net geduercht. Dat ass effektiv déi selwecht Geschicht!

  7. An dancing with wolves ass Pocahontas am Welle We…ah merde, daat assam Fong baal déi selwescht Geschicht.

    Ech wees net, ob d’Geschicht vun Avatar esou staark ob der Romanz berout. Ech fannen d’Idee vum gesteierten Kierper, vum Avatar, immens. Do passt die “Computerspill”-Optik dach schon erem wonnerbar. Ausserdem fannen ech d’Fro, wéi mir eis Friemen geigeniwer verhaalen, immens spannend.

    Mä bon. Et kann een natirlech alles opgrond vun 3 Minuten Trailer an engem Schreftzuch schlecht fannen. Firefly, eng vun denen genialsten Serien déi ehc an der lescht gesinn hunn, huet den schrecklechen Intro, den ech bis elo gesinn hunn. De Logo vun Lord of the Rings ass fuerchtbaar klischeehaft an The Big Bang Theory ass en blöden Titel fir eng Serie an där den Big Bang am Fong ni erwähnt ged.

    Ech gesinn et scho kommen, daat dir allen zwee aus dem Film rauskommt an soot, daat een fuerchtbar gewierscht wiert. Vlaischt soen ech daat och, nodeems ech de Film gesinn hunn. Mä ob manst iergeren ech mech dann reicht durno driwer. ;-)

  8. Thierry:

    Kënt awer net vun mir, mee vun engem Reporter vun der LA Times:

    GB: There’s also maybe some heritage linking it to “Dances With Wolves,” considering your story here of a battered military man who finds something pure in an endangered tribal culture.

    JC: Yes, exactly, it is very much like that. You see the same theme in “At Play in the Fields of the Lord” and also “The Emerald Forest,” which maybe thematically isn’t that connected but it did have that clash of civilizations or of cultures. That was another reference point for me. There was some beautiful stuff in that film. I just gathered all this stuff in and then you look at it through the lens of science fiction and it comes out looking very different but is still recognizable in a universal story way. It’s almost comfortable for the audience – “I know what kind of tale this is.” They’re not just sitting there scratching their heads, they’re enjoying it and being taken along. And we still have turns and surprises in it, too, things you don’t see coming. But the idea that you feel like you are in a classic story, a story that could have been shaped by Rudyard Kipling or Edgar Rice Burroughs.

  9. Joel:

    > Ech wees net, ob d’Geschicht vun Avatar esou staark ob der Romanz berout. Ech fannen d’Idee vum gesteierten Kierper, vum Avatar, immens. Do passt die “Computerspill”-Optik dach schon erem wonnerbar.

    Da sinn ech perséinlech méi gespaant wéi den ‘Gamer’ mam Gerard Butler gët. Emmerhin geet et do dann och em Computerspiller ;)

    Perséinlech kann ech mat Computerspill-Optik näischt ufänken. Opmanst net am Kino. Ausser et sinn Animatiounsfilmer à la Pixar. Mee sou eppes wéi ‘Polar Express’ … katz.

    > Ausserdem fannen ech d’Fro, wéi mir eis Friemen geigeniwer verhaalen, immens spannend.

    Natierlech. Emmer aktuell an awer och schon an enger Millioun Filmer duerchgenuddelt ginn. A puer vun deenen woeren och richteg gutt. Mee d’Thematik usech ass awer net immens originell.

    Nujee, villäicht ginn ech jo positiv iwwerrascht ;)

  10. Ech rieden de Film jo net schlecht. Just den Trailer. An ech froen mech, wouhier deen Hype hierkënnt, well dat wat ech bis elo gesinn hunn mech einfach net impressionéiert huet. :)

  11. Jongen, waart bis dass der et an 3d gesinn hutt, an dee Moment kënne mer diskutéieren ob den Hype berechtegt ass/war oder net.

  12. Wéi ech och schon eng Kéier op Pianocktail sot: ech kann 3D net leiden. Well ech méi Zäit muss domatter verbréngen déi 2-Brëller-Konstruktioun stabil ze halen wéi op de Film opzepassen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *