August 2009

Die Verräterpartei

Esou Saachen ewéi déi hei liest een dach gären.

Nur noch 20 Prozent wollen laut Forsa derzeit die SPD wählen. Schlimmer noch: Der lange Zeit so beliebte Außenminister verliert in der Bevölkerung zunehmend an Sympathie.

Amfong iwwerascht dat jo och keen. Wann een de Wieler an d’Gesicht pisst, gëtt een net gewielt. (Ausser natirlech hei am Land. D’CSV mécht dat elo emmerhin schon 60 Joer an ass nach emmer un der Muecht. Mä wéi sot de Jahwean-Claude viru Kuerzem: de Lëtzebuerger tickt net richteg.)

Fort – Episode III

De Piccadilly ass näischt aneschters wéi een Treff vun Leit, déi schon am Lycée virun d’Proffekonferenz gereiert hunn (wierklech geschidd!). An um e-Lake ass dëst Joer nu wierklech keng Band, déi mech kéinnt iwwerzeegen bis op Iechternach ze tuckeren. U Paräis hunn ech awer vill schéin Erënnerungen. Dofir maachen ech mech dann och elo emol fir e puer Deeg erem eng Kéier dohinner ewech. Loosst d’Kierch am Duerf.

Wéi schmaacht Fleesch?

Alt nees eppes bäigeléiert. Mir war jo scho kloer, dass déi mënschlech Zong kann batter, séiss, sauer a salzeg als véier Basisgoûten auserneenhalen. Ech wousst awer net, dass et géing ee fënneften ginn, deen ee benotzt fir de Goût vun, ënnert anerem, Fleesch oder Champignonen: umami. Wëssenschaftlech nogewisen gouf dee fënneften Goût eréischt relativ rezent, 1908, vum Kikunae Ikeda, engem Chemieprof op der Tokyo Imperial University. Umami ass dann och ee japanescht Wuert, an bedeit “lecker”.

Jo!

“… I uttered five little words that every man at some point in his life will say: we should buy a bar.” – Ted Mosby

Stëmmt. Ech kann mech nach drun erënneren, wéini, wou an zu wiem ech dat sot. Ech sinn ee liewegen Klischee. Hehe.