Top 10 Grënn firwat den iTunes 9 sténkt

Ech hunn keen Programm op mengem Computer, deen ech méi haassen ewéi den iTunes. (Ier elo een freet: et ginn jo keng anstänneg legal Alternativen zum iTunes Store zu Lëtzebuerg.) Mat all “Update” gouf deen Haass méi grouss. An och dës Kéier ass Apple neess zouverlässeg, an liwwert eng nei Versioun déi beweist, dass et nach méi schlecht geet.

10. Et ginn nach emmer keng Tabs am Store.
9. Et kritt een de Mini Player elo just nach per emständlech Tastekombinatioun Shift+Cmd+M, a net méi mam gréngen +.
8. Et gëtt keng Shopping Cart méi.
7. Et gëtt just nach een Knäppchen: kafen. Op déi nei “Wish List” setzen geet nemmen mat zwee Clicks (firdrun goung dat mat engem). Et kann een elo och keng Lidder aus dem iTunes Store méi an eng Playlist zéien, fir eng Wish List ze hunn déi Apple net kennt.
6. Et ginn nach emmer keng Filmer am HD.
5. Et ginn nach emmer keng Tabs am Store!
4. En ass nach emmer am Carbon geschriwwen. An domatter 32-bit.
3. En ennerstëtzt nach emmer keen BluRay. (BluRay op engem Mac ze kucken bleiwt domatter weider onméiglech, wann een sech net Windows och installéiert.)
2. Den iTunes ass och weiderhin deen eenzegen Programm deen eng komplett aner GUI huet ewéi all déi aner Applikatiounen. Beweist alt erem, dass Apple net un hier eegen Human Interface Guidelines gleewt.
1. Den Steve Jobs nennt et “verbessert Navigatioun”. Ech nennen dat doten Overkill. Wou der Däiwel soll ech bei souvill Informatioun dann elo firdéischt hikucken?!

9 thoughts on “Top 10 Grënn firwat den iTunes 9 sténkt”

  1. Ech benotzen den iTunes ënnert Windows just wéll ech ën iPod hun. Dee Programm ass sou grottelues, datt ët scho bal wéi deet. Op all Klick réagéiert ën mat enger Sekonn Verzögerung a bei verschiddenen Aktiounen hänkt ën séch einfach mol fir eng hallew Minutt op.

  2. ech sin eigentlech nach emmer zefridden domat :P wat awer zu engem gudden deel doduerch begenschtegt ass dass den us store bei mier geet

  3. Ech sin och enttäuscht, waat Apple mat dem iTunes 9 bruecht huet.
    Haaptsächlech wengst Punkt 4. (Carbon get et och an 64bit, bzw et gouf et).
    Villaicht mat iTunes X maan se den laangerwaarten Code Cleanup bzw. Rewrite fier Cocoa.

    10. an 5. extrem nerveg, et wär technesch keen Problem, well den iTunes Store och nemmen ob Webkit baséiert.

    Zu BluRay: Dofier braichst de en Mac mat BluRay-Laafwierk deen et net get, an wuel net wärt gin.
    Ech hun keng eng BluRay, as mier einfach ze déier an ech gesin an den physikaleschen ronnen Datenmedien keng Zukunft!
    Waat as mat SD-Kaarten, Downloads etc. Ech wees net ob et iwerhaapt keng Movies am HD get, mee et as mier net verständlech…

  4. Mä Carbon gehéiert mat Snow Leopard jo der Vergangenheet un…

    Dat duercht ech och bei QuickTime X. An deen Programm kann elo jo awer wierklech guer näischt méi.

    Et ginn och extern Laffwierker. ;) Ech hunn mech mëttlerweil esou un HD gewinnt (duerch d’Fernsehserien am iTunes), dass ech Filmer och endlech an där Qualitéit wëll gesinn. An fir mer all Kéiers 5GB erofzelueden fir ee Film, dat géing mech och nerven. Et ginn am *amerikaneschen* Store schon enorm laang Filmer am HD. Do froen ech mech, firwat se dat net och am Recht vun der Welt färdeg bréngen.

    Huet BluRay iwwerhaapt eng Zukunft? Wahrscheinlech net. An fënnef Joer hunn mer Holodiscs wou nach eng Kéier souvill drop passt, an déi sou grouss sinn wéi eng Kreditkaart. Mä als Fabrikant einfach soen “de Client wëll dat bestëmmt souwisou net, mir wëssen wat besser ass” fannen ech awer och krass. Ech hätt wéinstens gären d’Alternativ. (Mir géing jo schon d’Software duergoen. D’Apple Laafwierken sucken souwisou.)

  5. woumadder ech alt rem bestätegt kreien, dass ech absolut recht hun mer KEEN, iPod oder iPhone unzeschaafen.
    Merci Thierry, dass mech net schwach gi leiss :-)

  6. Hehe, ech hëllefen gären.

    Mat mengem iPod sinn ech amfong zefridden. Ech hat jiddefalls elo an all de Joeren wou ech en hunn nach ni ee Problem domatter. An d’Synchroniséieren funktionéiert och gudd mam iTunes. ‘t ass halt dee ganzen Recht um Programm deen nervt. Mä wann een keen iTunes Store benotzt, kann een och mat Songbird gudd fueren géing ech soen. (Ech mengen, et gëtt esouguer en Add-on fir den iPod per Songbird ze synchroniséieren.)

  7. Ech wéilt mäin iPod Touch nët mëssen!

    An wann ech eng Kéier en Ersaz brauch, da wäert ech dann awer op den iPhone wiesselen (an engem Joër oder zwee).

  8. Ech muss mer mol de Songbird rem ukucken. Ech hat dee firun enger Éiwegkeet mol ausprobéiert an domol wor ën nach zimlech rudimentär. Ech benotzen keen iTunes-Store, also kinnt dat dann jo dat richtegt sin.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *