9

Wann ech éierlech sinn, waren meng Erwaardungen un de Film null. D’Traileren hunn mech net iwwerzeegt, an ech hat och net wierklech eng Ahnung wourem et géing goen. Dass de Film deelweis zu Lëtzebuerg enstanen ass, war och keen Argument, dofir sinn ech net genuch nationalistesch. Abee, de Film ass genial.
An enger postapokalyptescher Welt probéieren e puer Figuren, déi aus Stoff, enger Tirett an e puer mechanesche Géigestänn bestinn, géint Maschinen z’iwwerliewen, déi offensichtlech vun der mëttlerweil zerstéierter Menschheet erschaafen goufen. Et kënnt, ewéi et kommen muss, an den 9 (hier Nummeren hunn se um Réck stoen) erwäscht déi ultimativ Maschinn zum Liewen. Zouginn, déi Prämiss kléngt relativ simpel. An dat ass se och. De Film ass mat 79 Minutten dann och relativ kuerz, an dat ass gudd esou. Et ginn keng Längten, well et ass praktesch riicht duerch Action.
D’Animatioun ass makellos, d’Charakteren sinn liewensnoh an domatter interessant. Wien elo mengt, et wier een typeschen Tim Burton Film z’erwaarden, wärt awer batter enttäuscht ginn. De Burton huet de Film nämlech nemmen produzéiert, an dat nodeems en den Kuerzfilm 9 vum Shane Acker gesinn hat, deen 2005 erauskoum, an vum visionäre Charakter begeeschtert war. Den Acker huet dann och bei dëser méi laanger Versioun Regie gefouert.
Fazit: Definitiv een vun de beschte Filmer vum Joer. Muss een onbedengt gesinn hunn.

Kristofer Åström

Et ass zwar net Freideg, mä ech posten trotzdem ee Musékvideo. Well ech grad Kristofer Åström (dat gëtt Osströmm ausgeschwat) erop an eroflauschteren. Well ech mech grad esou Seufz… fillen. Well ech grad Schweden esou fuerchtbar vermëssen.
Laut.de nennt dëse schwedesche Kënschtler den “einsamste Wolf unter den Songwritern” an domatter treffen se et genau op de Punkt. Seng Musék ass roueg, verzweifelt, traureg, rosen. Titelen ewéi How Come Your Arms Are Not Around Me, Poor Young Man’s Heart, an Hard To Live oder och A Song For While I’m Away soen schon alles. Kritiker kéinnten dat als pathetesch bezeechnen. Mä déi Kritiker hunn sech wahrscheinlech nach ni esou gefillt. Muenchmol muss een eben dierfen esou sinn. An den Åström fänkt déi Stëmmung an ewéi keen aneren.
Hei ass One Good Moment. Eent vun sengen schéinste Lidder, mat engem herrleche Video.

Schwarz-Gelb

Ech géing elo gären behapten, ech wier schockéiert. Mä et iwwerascht mech guer net, dass Schwarz-Gelb just een aneren Numm vir de selwechte Knascht ass. Dass dat vun de Liberalen punkto Dateschutz an informationell Selbstbestëmmung alles nemmen Geschwafel war fir endlech emol erem eng Kéier un d’Muecht ze kommen, war jo vun Ufank un kloer.

Überfliegt man den gerade geschlossenen schwarz-gelben Koalitionsvertrag, kann der Eindruck entstehen, die FDP habe tatsächlich geschafft, was sie im Wahlkampf versprochen hatte: Antiterrorgesetze und Überwachungsmaßnahmen einzudämmen und den Datenschutz zu verbessern. Doch liest man den Text genauer, verfliegt dieser Eindruck schnell. Streng genommen ändert sich mit der neuen Regierung: gar nichts.

Däitschland géing mer einfach nemmen leed doen, mä leider sinn se jo an der EU an kënnen domatter eis alleguerten d’Liewen versauen. Net, dass iergendeen anere Staat besser wier. Wien wandert mat aus?

Internet

Et ass jo gewosst, dass den Internet zu Lëtzebuerg zu deem Luesten gehéiert wat et op der Welt gëtt. Dass en och absurd deier ass, ass och net nei. Hei gëtt et elo eng Grafik déi genau weist, ewéi technologesch ennerwéckelt Lëtzebuerg am internationale Verglach tatsächlech ass. An dat ass och de Grond, firwat ech weiderhin der Meenung bleiwen: soubal d’Steieren an der EU net méi un dat Land ginn wou eng Firma hiere Sëtz huet, mä un dat Land wou de Produit hiverkaf gëtt, ass Lëtzebuerg gevullt. Well dann gëtt et fir iTunes an all déi aner keen eenzege Grond méi, nach do ze bleiwen.

Ee längst iwwerfällege Schrëtt no vir

Et gouff och héich Zäit. Ech wëll endlech skandinavesch Musék kënnen online kafen, an se net mussen a Schweden physikalesch bestellen.

Major members of the online music industry, including iTunes and Amazon, have signed an agreement with the European Commission to work towards more even and widespread music distribution across all of Europe.

Elo feelt nach d’Film- an Fernsehindustrie. An déi w.e.g. global.

Fading Glow

We’re green dots spread across a starry night,
we’re a blue sweater and a grey shirt together
like threads woven
by a shimmer of moonlight
where we live the crazy life
and wear lipstick without meaning
and sing a divine comedy,
eat only the orange smarties
and dance around in purple.
We’re the train whistling,
steaming,
remembering
where we always came from.
We’re the waking cold
and the fireworks on the ground.
We swim in a blue lagoon
but never have sex on the beach.
We listen to a lonely violin
and a lonely guitar in a wheelchair
heartbroken because we’re falling down cliffs
and never said three simple words.

5846

Et ass schéin ze wëssen, dass een déi richteg Partei gewielt huet. Och wann d’Gesetz trotzdem duerchkoum. Déi Fett kënnen sech roueg mat fortschrëttlechen (haha!) Liberaliséierungen brätzen, mä ech liewen an engem Land ewou alles liberaliséiert ass. A fir et fein auszedrécken: dat ass eng absolut Katastrof.

Stëmmungslag

Et leeft den Album Insides vum Jon Hopkins. Den Handy vibréiert all puer Minutten. An ech sinn an enger richteger Seufz-Stëmmung. D’Liewen kann esou schéin sinn. An ech freen mech op den Owend ewéi ech mech schon laang net méi op eppes gefreet hunn. Hach…


Jon Hopkins – Light through the veins

Music Friday #4 – Regina Spektor

1980 zu Moskau an der UdSSR gebuer huet d’Regina Spektor sech an de leschte Joeren an der New Yorker Anti-Folk Szen ee Numm gemaach. Seng zwee éischt Albumer, 11:11 an Songs huet et selwer produzéiert an op Concerten verkaf. Säin drëtten Album, a villäicht bekanntesten, Soviet Kitsch huet et virdéischt op déi selwecht Manéier publizéiert, ier et dunn een Deal mat Sire Records (en Deel vun Warner Brothers) ennerschriwwen huet, an déi den Album nei erausginn hunn.
Besonnesch ervirzehierwen bei senger Musék ass a mengen Aan d’Art a Weis ewéi et literaresch Referenzen mat erabréngt, z.B. a Samson (aus der Samson an Delilah Geschicht an der Bibel), den Ethan Frome aus dem gläichnamege Buch vum Edith Wharton an 2.99 cent acres (gudd Lidd, fuerchtbar schlecht Buch) oder och nach dem Shakespeare säin Hamlet an The Virgin Queen (gudd Lidd, fantastescht Theaterstéck).
Als Uspilltipp gëtt et The Call. Ganz einfach, well et esou ee schéint Lidd ass dat een vergiessen léisst, dass et eigentlech em ee brutale Sujet geet.

It’s just a feeling and no one knows yet
But just because they can’t feel it too
Doesn’t mean that you have to forget
Let your memories grow stronger and stronger
‘Til they’re before your eyes
You’ll come back when they call you
No need to say goodbye